D'Uergel ass en Instrument mat ville Facetten. Dat beweist de Programm vum Festival international d'orgue de Dudelange. Nieft dem traditionellem Concert mat keltescher Musek (den Optakt zum Zeltik Festival), gëtt et och eng Première: en 28-järegen TikTok-Star steet des Kéier um Programm. Em wien et sech heibäi handelt, a weider Detailer zu der Saison hunn de President Jean Olinger an den Tresorier Paul Braquet dem Christophe Mirkes am Interview verroden.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Dudelsak, Jazz an en TikTok-Star...
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden

Reset
Den OPL-Bléiserquintett spillt zu Kayl (21.10.2018)

Eng Grëtz vun der eegener Erfahrung matginn
Den Olivier Dartevelle hält Meeschtercoursen bei de "Clarinet Days" am Escher Conservatoire.

"Notre attachement vient de la valeur intrinsèque de ce chant"
D'Pateren aus der Abtei vu Klierf invitéieren op e Concert mat gregorianeschem Gesang
Prokofjew a Schostakowitsch
De St. Petersburg Philharmonic Orchestra trëtt mam Yefim Bronfman an der Philharmonie op.
Freed um Instrument vermëttelen
"Trumpet Days" 2018 zu Iechternach
Let's misbehave
D'Studente vun der Opereklass vum Conservatoire de Musique du Nord trieden op.
Songs from the Labyrinth
Release vun "MinotaureDuNord" am Mierscher Kulturhaus
Eng Lëtzebuerger Première
D'Bridder Jussen an den OPL spillen de Concerto fir zwee Pianoe vum Philip Glass.
De Beethoven an den technesche Genie Mälzel
Wat huet den Ingenieur Mälzel mam Beethoven an iwwerhaapt mat Musek ze dinn?

Dem Komponist iwwer d'Schëller kucken
De Flüttist Markus Brönnimann huet Wierker fir den éischte Concert-apéritif vun den Amis de l'OPL adaptéiert.
Vu Sopran bis Bariton
Den Deutsches Saxophonensemble spillt am Trifolion zu Iechternach (14.10.2018).
Les Dimanches du Chant Grégorien
Dräi Concerte stinn an der Abtei zu Klierf um Programm. Et trieden op: zwou Scholaen an de Fraechouer Wishful Singing
Trouscht an der Trauer
E Guide vum Hellmuth Rilling duerch dem Brahms säin "Deutsches Requiem"

En Dag fir d'Kinnigin vun den Instrumenter
D'Amis de l'Orgue Luxembourg invitéieren op Recitalen op véier verschidde Plazen am Süde vum Land.
De Jean Lhéritier a seng Zäitgenossen
Concert mam Vokalensemble The Art of Music
