D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
headphones
20 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

La harpe à Paris
E Concert ActArt am Stater Conservatoire, bei deem d'Harf am Vierdergrond steet.

10 Joer Gudde Wëllen
De Café an der Stad feiert Gebuertsdag mat vill Musek

Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.

En Duo wéi en Diamant
"Glass Two" - Deen neien Album vum Vibraphonist Pascal Schumacher an der Pianistin Danae Dörken

Luxembourg Art Week
77 Galerien a Kënschtlerkollektiver erwaarden d’Visiteuren dëse Weekend op der Luxembourg Art Week. Ausgestallt gi Wierker vu Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi d’Galerien an d’Kollektiver selwer ausgewielt hunn.

Les prix littéraires: "Le Bastion des larmes" vum Abdellah Taïa
De marokkaneschen Auteur Abdellah Taïa kritt de Prix Décembre fir ee staarke Roman iwwer Homophobie a sengem Heemechtsland.
New Wave op Spuenesch
Tëschent New Wave a Krautrock: De spuenesche Quartett Melenas presentéiert den Owend (21.11.) an der Kulturfabrik säin neien Album "Ahora“.
"Et ass elo schonn ee Succès"
Dat seet de Claude Weber iwwer déi zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz am Bridderhaus zu Esch (6.11.-1.12.)
De Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter
Eng Visitt guidée duerch déi nei permanent Ausstellung am Resistenzmusée zu Esch

MERCADER: L'assassin de Trotsky
Eng BD vum Patrice Perna an dem Stéphane Bervas

D’Art-Week-Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award” ënner anerem mat der Marianne Villière
D’Marianne Villière (F) an d’Clio Van Aerde (L) sinn d’ESAL-Laureatinnen 2024.

“J’existe“
D’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde huet a Collaboratioun mat Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler.

"Sie ging ja nur vorbei"
Eng Concertsserie, déi d'Liewensgeschichte vu bekannte Komponistinne beliicht a sech beim nächste Concert op d'Dora Pejačević fokusséiert.

AEM
D'Sängerin huet hir nei EP ganz selwer produzéiert
Advent mam Bruckner
D'Maîtrise séngt hiren traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" mat engem Programm, deen zu 100 Prozent aus Bruckner besteet. Dëst Joer awer net wéi gewinnt mam OCL, mee mam Estro Armonico.

De Mathieu Clement gewënnt de "Junger Münchner Jazzpräis"
Tëschent Köln, Amsterdam, Bayern a Lëtzebuerg evoluéiert dee jonken Drummer Mathieu Clement, Joergang 2001, zu engem villverspriechende Museker.

Am Gespréich mam Andrea Mancini
De Kënschtler stellt zum Ofschloss vun der Biennale eng Vinyl vir.

Filmkritik: "Gladiator 2"
D'Ekipp vum Grousse Kino huet sech gefrot, ob dem Ridley Scott seng Suite vu sengem 24 Joer alen Epos Sënn mécht oder net.

"Psychologesch Gewalt gëtt net richteg verstanen"
E Gespréich mam Lëtzebuerger Realisateur Eric Lamhène a senger Co-Zeenaristin Lyn Lee iwwer hiren Drama "Hors d'haleine".
