Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.

Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.

Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Kreativ an de Feierowend

Loscht, no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi ze kréien? An der Philharmonie gëtt et dofir "Your musical afterwork".
headphones

5 min

play_arrow

Immersiv, explorativ, kontemplativ

De Georges Lentz huet Nei Musek fir Sträichquartett erausbruecht. Afloss op d'Kreatioun haten och Technik a The Noise String Quartet.
headphones

6 min

play_arrow

“It is like going on a girls trip”

Déi zéng Musekerinne vun “tenThing Brass” spille fir d’alleréischt Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer.
headphones

4 min

play_arrow

Jonken Duo an der Philharmonie

De Lëtzebuerger Cellist Cyprien Kayser an de franséische Pianist Ilan Zaijtmann spillen e Recital an der Philharmonie.
headphones

3 min

play_arrow

“E Krees dee sech schléisst”

No iwwer 30 Joer Karriär spillt de Jean-Paul Hansen elo säi leschten Enseignantsconcert am Escher Conservatoire.
headphones

3 min

play_arrow

“Superhero Pose” virun all Concert

Déi jonk brittesch Trompettistin Matilda Lloyd mécht aktuell eng Europa-Tournée a spillt de 4. Februar 2025 an der Philharmonie.
headphones

4 min

play_arrow

E Melting Pot Album

De belsch-amerikaneschen Cellist Pierre Fontenelle war scho fir e puer Concerten zu Lëtzebuerg, dorënner och mat der Militärmusek. Elo huet de jonke Museker säin éischte Solo-Album erausbruecht.
headphones

4 min

play_arrow

Fauré op CD

Den Alessandro Urbano bréngt zesumme mat der Uergel an dem Kammerchouer vum Namur, dem Gabriel Fauré säi Requiem als Release eraus. Dat Ganzt a Form vun engem Live-Concert, deen opgeholl gouf.
headphones

3 min

play_arrow

Den éischten Album vum Arthur Stockel

Den 28 Joer jonke Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen Album eraus.

“Wir sind wie zwei Brüder”

Den däitschen Cellist Alexander Hülshoff kënnt fir d’zweet Kéier op Lëtzebuerg
headphones

4 min

play_arrow

"Den Interpret ass maximal gefuerdert."

De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller huet sech intensiv mam Mozart senge Pianosonaten ausernee gesat an dës elo op fënnef CD'en erausbruecht.
headphones

4 min

play_arrow

Tëschent Concert a Studium

De jonke Geiist Yanis Grisó trëtt mam Schengen Trio op.
headphones

4 min

play_arrow

Unlearn

Den neien Album vum Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3)
headphones

4 min

play_arrow

Benjamin Kuithof gewënnt bei den ICMA

De jonke lëtzebuergesche Cellist kritt de Präis vum Young Artist of the Year 2025
headphones

5 min

play_arrow

Eraus, an d'Näischt

Dohi geet d'Rees an der neier Kompositioun vum Roland Wiltgen, déi de 14. Januar vum Ensemble Vocal du Luxembourg uropgeféiert gëtt.
headphones

4 min

play_arrow

Mat Saxofon-Quartett oder Schrammelmusek an d'neit Joer

D'Concertshaiser zu Lëtzebuerg begréisse musikalesch dat neit Joer 2025.
headphones

4 min

play_arrow

Mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dat neit Joer

D’Lëtzebuerger Philharmoniker fänken dat neit Joer lëschteg un, mat ë. a. dem Richard Strauss senger Toundichtung “Till Eulenspiegels lustige Streiche”. Dernieft stinn awer och Bonbonen

D'Akademie vun der Philharmonie

Zanter 2021 ginn hei jonk Musikerinnen a Museker op eng professionell Orchester-Carrière virbereet.
headphones

3 min

play_arrow

Hanner den Téin - Episod 2

Déi Lëtzebuerger Pianistin Cathy Krier erzielt iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir méi modern Kläng entwéckelen
headphones

4 min

play_arrow

Neijoerschconcerten

Mir starten an d'Joer 2025 mat direkt zwee Live Concerten bannent enger Woch.
headphones

7 min

play_arrow