arrow_back_ios
Europa Aktuell
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

"De Poste vum Vizepresident gëtt iwwerschat"
De Christophe Hansen ass als Agrarkommissär dem Italieener Raffaele Fitto ënnerstallt. Dat mécht him awer keng grouss Suergen, seet hien am 100,7-Interview.
EU-Parlament stëmmt iwwer von der Leyen II of
Vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert kéinten der um Enn just zwee fir déi nei Europäesch Kommisisoun stëmmen. No de Fraktiounssëtzungen am Europaparlament gesäit et awer gutt aus fir d’Ursula von der Leyen.
Manner kal Loft zu Bréissel?
D'Hearinge vun den neien EU-Kommissären hunn zu Bréissel fir Tensioune gesuergt. De Sträit tëschent de Fraktiounen huet sech zwar e bësse geluecht, mee et bleift net ausgeschloss, datt weider Problemer optauchen.

Mercosur: No bal 25 Joer ass den Deal nach net perfekt
D'Negociatioune mat de fënnef südamerikanesche Länner, déi ee gemeinsame Marché, de Mercosur, deelen, solle bis Ufank Dezember ofgeschloss sinn. Nach awer ass et net esou wäit.

EU-Parlament wénkt Kommissären a Kommissärinnen duerch
EVP, Sozialisten a Liberal schléissen een Accord of a maachen de Wee fräi fir déi nei EU-Kommissioun.

Kënnt et zum SPD-Putsch géint den Olaf Scholz?
Eng Analys vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch

Aussepolitesch Deklaratioun ouni Visioune fir d'EU
De Xavier Bettel huet villes gesträift, awer kaum konkret Ablécker an dat ginn, wat een EU-politesch vun der Lëtzebuerger Regierung ze erwaarden huet, mengt d'Danièle Weber a senger Analys.
De groussen Test
D'Hearinge vun den zukünftegen EU-Kommissäre si gutt verlaf, bis dës Woch dee vun der Spuenierin Teresa Ribera aus dem Rudder gelaf ass. D'Spannunge si grouss, an d'Ursula von der Leyen muss no Léisunge sichen.

Koalitioun am EU-Parlament: “Et traut keen deem anere méi”
De Prozess fir d'EU-Kommissären a Kommissärinne guttzeheeschen ass am EU-Parlament blockéiert. D'Sozialiste reprochéieren der Europäescher Vollekspartei mat der pro-europäescher Koalitioun ze briechen.

Conseil de l'Europe: Wat ass sech vun der Lëtzebuerger Presidence ze erwaarden?
Mir froen den Ausseminister Xavier Bettel.
EU-Parlament verleet gréissten demokrateschen Exercice
Déi sechs Vizepresidenten a -presidentinne vun der neier EU-Kommissioun goufen nach net vum EU-Parlament confirméiert. D'Decisioun gouf verluecht, op wéini ass nach net bekannt.

Ungaresch ONGen setzen op europäesch Geriichter
Dem Viktor Orban no sollen EU-Länner Geriichtsurteeler ignoréieren, wa se "ondemokratesch sinn" - fir Mënscherechts-ONGe si se awer dacks déi lescht Hoffnung fir géint de Regimm unzekommen.

EU-Sommet zu Budapest
Éischte Sommet vun de 27 EU-Staats- a Regierungscheffen no der US-Presidentschaftswal

Ampelkoalitioun an Däitschland an der Kris
Gëschter Owend huet den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz säi Finanzminister Christian Lindner entlooss. Wei koum et dozou a wéi geet et elo weider? Dozou eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch

Nomineiert EU-Kommissäire gi vun haut un am EU-Parlament "gegrillt"
Bei den Hearingen am Europaparlament stinn déi zukünfteg Membere vun der EU-Kommissioun den Europadeputéierte Ried an Äntwert. Als ee vun deenen éischten ass de Lëtzebuerger Christophe Hansen un der Rei.
L'intelligence artificielle prend les commandes de la radio polonaise
Une expérimentation visant à confier la présentation d'une radio publique à des personnages créés par l'IA s'est heurtée à une forte opposition sociétale en Pologne.

L'intelligence artificielle prend les commandes de la radio polonaise
Une expérimentation visant à confier la présentation d'une radio publique à des personnages créés par l'IA s'est heurtée à une forte opposition sociétale en Pologne.

Firwat brauch et Sécherheetszone virun engleschen Ofdreiwungsklinicken?
Mir hu bei eiser England-Korrespondentin Marie Billon nogefrot.

Wiederkatastroph a Spuenien
Duerch de staarke Reen an Iwwerschwemmunge sinn op d'mannst 95 Mënschen a Spunien ëm d'Liewe komm. Déi Zuel riskéiert haut nach ze klammen, mengt eis Spuenien-Korrespondentin Aurélie Chamerois.
