arrow_back_ios
Europa Aktuell
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Brandmauer mat Rëss: Onkloer, op wat d'EVP erauswëllt
No engem Vott déi lescht Woch stelle sech Froen doriwwer, wou genee déi gréisst Fraktioun am Europaparlament, d'EVP, déi rout Linn par rapport zu de riets-extreeme Fraktiounen zitt.
Portugal: Regierung wëll déi gréng Mobilitéit fördere
Budget vun 115 Milliounen Euro sinn virgesinn fir déi gréng Mobilitéit.

Mesurë fir méi Nohaltegkeet a Portugal
E Bäitrag vun eiser Korrespondentin Marie-line Darcy
Wat d'Gremlins mat der europäescher Migratiounspolitik ze dinn hunn...
... dat verréit den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger Europachronik vun dëser Woch.

Migratioun: Kee Sträitsujet um EU-Sommet, ma och keng konkret Resulater
Um EU-Sommet gouf wuel net iwwert d'Migratioun gestridden. Et koum awer och net dozou, datt ee sech iwwert Mesuren eens ginn ass.

EU-Migratiounspolitik: Asyl-Prozedure baussent der EU si keen Tabu méi
Retoure vu Flüchtlingen ouni Statut oder awer Asyl-Prozedure kéinten an Zukunft baussent der EU organiséiert ginn. Ee Sujet haut um EU-Sommet.

Steiererliichterunge fir Jonker a Portugal
Portugal versicht ënner-35 Järeger mat Steiererliichterungen am Land ze behalen.

Keir Starmer: déi éischt 100 Deeg
D'Claire Barthelemy, 100,7-Korrespondentin zu London, zitt en éischte Bilan no 3 Méint Labour-Regierung.

Orban schneit net gutt of
An der direkter Konfrontatioun war de Viktor Orban der Ursula von der Leyen ënnerleeën, mengt eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Viktor Orban am Europaparlament
Den ungaresche Premier stellt de Programm vu senger EU-Presidence vir an enger Debatt am Europaparlament.

Grenzkontrollen am Schengeraum: Wéini reagéiert d'EU-Kommissioun?
Vill Versteesdemech fir Länner, déi nees Grenzkontrollen aféieren, ma och Kritik un der EU-Kommissioun, déi just nokuckt - gouf et am Europaparlament.
Regierungserklärung a Frankräich
Europa huet dës Woch ënnert anerem op Frankräich gekuckt: Den neie Premier Michel Barnier huet Ufank der Woch nämlech seng Regierungserklärung gemaach.

Komplizéiert Koalitiounsgespréicher an Ostdäitschland
Mir froen eise Korrespondent Matthias Kirsch, wéi schwiereg et ass Koalitiounen ouni d'AfD op d'Been ze stellen.

Regierungserklärung Michel Barnier
Gëschter Nomëtteg huet de franséische Premier Michel Barnier an der Assemblée nationale seng Regierungserklärung presentéiert a skizzéiert, wat seng Regierung an den nächste Méint a Jore plangt.

Lisbonne lance un plan de drainage pour éviter les inondations
Plan de drainage de Lisbonne
De Poopst an d'EU: keng einfach Relatioun
De Chef vun der Kathoulescher Kierch an d'Europäesch Unioun si sech nach laang net an allem eens, constatéiert den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF.

Neit EU-Gesetz géint Ofholze vu Bëscher kéint verluecht ginn
Déi nei Reegele wieren ee "bürokratescht Monster", seet déi Europäesch Vollekspartei, an de Christophe Hansen kritiséiert d'Europäesch Kommissioun.
