arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden
Ulf Nehrbass
Lëtzebuerg hat 2020-21 déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU. Gouf an der Corona-Kris also alles richteg gemaach? Mir froen den Direkter vum Luxembourg Institute of Health.
Stefan Braum
De Professer fir Droit vun der Uni Lëtzebuerg mat Conclusioune vun engem Fuerschungsprojet iwwer den Ëmgang mat rechtsstaatleche Prinzippie wärend der Pandemie.

Carole Reckinger
Déi politesch Spriecherin vun der Caritas iwwer d'Revendicatiounen, mat deenen d'ONG déi politesch Parteien am Virfeld vun de Gemengewale konfrontéiert.

Fernand Ernster
Wéinst dem Luc Frieden sengem politesche Comeback ass de Geschäftsmann plëtzlech an onerwaart un d'Spëtzt vun der Chambre de Commerce katapultéiert ginn. Wat si seng Pläng?

Pierre Reding
Deen neie Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch schwätzt iwwer d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang, dee säi Virgänger him hannerlooss huet.
Aline Rosenbaum
Froen un déi nei Directrice vun der ULC, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz
Claudia Major
Den ukrainesche President fuerdert, datt de Westen och Kampffligeren zur Verfügung stellt. Geet dat net ze wäit? Mir froen eng däitsch Sécherheetsexpertin.
Myriam Cecchetti
déi Lénk fuerderen, datt de Pensiounsfong net méi a fossil a nuklear Energie investéiert. Ass dat wierklech sënnvoll, a wéi kéint een et maachen? Mir froen déi zoustänneg Deputéiert.
Sergio Ferreira
Bei de Gemengewale kann dës Kéier jiddweree matmaachen - egal wéi laang am Land. Firwat hält den Undrang sech a Grenzen? Fro un de politeschen Direkter vun der ASTI
Charles Muller
De Wirtschaftsberoder war laang bei der DP engagéiert - elo geet hien awer fir déi gréng an d'Gemengewalen. Wouhier kënnt dee Sënneswandel?
Michèle Detaille
E Gespréich iwwer Wuesstem, Energiekäschten, Inflatioun an Aarbechtszäitverkierzung mat der Presidentin vum Industrielle-Verband FEDIL

Armand Wildanger
Deen neie President vum NGL-SNEP iwwer d'Schwieregkeete vun enger klenger Gewerkschaft, hir Plaz am Schiet vun OGBL an LCGB ze behaapten.

Luc Frieden
Froen un den designéierte Spëtzekandidat vun der CSV fir d'Chamberwalen 2023
