arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden

Gerhard Reese
Den Ëmweltpsycholog analyséiert, firwat esou vill Mënschen näischt géint de Klimawandel ënnerhuelen, obscho se seng Gefore kennen a genee wëssen, wat ze di wär.

François Bausch
No zwou Tripartitte bannent 8 Deeg: de Vizepremier a Mobilitéitsminister iwwer Mesure géint d'Inflatioun an Turbulenze bei der Luxair.

Mandy Minella
E Gespréich mat der Lëtzebuerger Nummer 1 am Tennis, déi virun dräi Méint e Schlussstréch ënner hir Profi-Carrière gezunn huet.

Patrick Dury
No der nationaler a virun der Aviatiouns-Tripartite: Froen un den President vum LCGB
Josée Lorsché
Den Tripartite-Accord setzt net vill Ureizer fir Energie ze spueren. Firwat waren déi gréng domat averstanen? Mir froen hir Fraktiounscheffin

Jean-Paul Olinger
Wat hunn d'Entreprisen vum neien Tripartite-Accord? Mir froen den Direkter vum Patronatsverband UEL.

Gilles Roth
Als Oppositiounspolitiker konnt de Co-Fraktiounschef vun der CSV den Tripartite-Accord net mat verhandelen. Begréisst hien d'Mesuren, déi geholl goufen trotzdeem?
Laurent Schonckert
Mir froen den Direkter vum Cactus, ob d'Supermarchés-Chaîne dovu profitéiert, datt Clientë méi fir hir Akeef musse bezuelen.

Viviane Reding
No méi wéi 40 Joer ass Schluss: d'CSV-Politikerin zitt sech zeréck. E Réckbléck op eng laang europäesch an national Karriär
Diane Schmitt
D'Lëtzebuergerin koordinéiert bei der EU-Kommissioun d'Beméiunge fir de Mënschenhandel ze bekämpfen.
Claude Kremer
Dee laangjärege Member vum FLF-Verwaltungsrot a fréieren Arbitter wëllt President vun der Fussballs-Federatioun ginn. Hie kandidéiert de 15. Oktober géint de Paul Philipp.
Alain Fürpass
Den Direkter vu SUDenergie erkläert, wéi seng 38.000 Clienten op déi zolidd Hausse vum Gaspräis (vum 1. Oktober un) virbereet ginn.
Micky Thein
De Museksunterrecht ass gratis, ginn d'Museksschoulen elo iwwerlaf? Froen un déi nei Direktesch vun der UGDA-Museksschoul
Claude Meisch
Kuerz virun der Schoulrentrée 2022/2023: Froen un den Educatiounsminister

André Von der Marck
Vun e Sonndeg u fiert den Tram op Bouneweg. Wat sinn déi nächst Etappen? E Gespréich mam Generaldirekter vu Luxtram
Claude Haagen
D'Reaktioun vum Sozialminister op den Echec vun de Verhandlungen tëschent der CNS an dem Psychotherapeute-Verband Fapsylux

Catherine Richard
Nom Echec vun de Verhandlunge mat der CNS a Saache Prise en charge vun de Psychotherapien: d'Reaktioun vun der Presidentin vun der Fapsylux.
Fenn Faber
Den Direkter vun der Klima-Agence (Ex-Myenergy) erkläert, wéi staark d'Demande no Berodung am Energieberäich mam Ukrain-Krich zougeholl huet.
Fernand Ernster
D'Stater Braderie, d'Situatioun vum Eenzelhandel an d'Erwaardungen un d'Tripartite: e Gespréich mam Geschäftsmann (Libraire) a Vize-President vun Handelskammer an CLC.
