arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden
Marie-Jo-Thiel
"Abus sexuels. Écouter, enquêter, prévenir" ass den Titel vun engem Buch, dat déi franséisch Doktesch an Theologin erausginn huet.
Dr. Jean-Claude Schmit
D'Corona-Infektiounszuele klammen: Wat erwaart eis am Hierscht? A wéi bereede mer eis dorop vir? E Gespréich mam Direkter vun der Santé.
Gaston Trauffler
Wat geschitt der Industrie, wann de Gas knapp gëtt? Dozou e Gespréich mam Responsabele fir d'Industriepolitik bei der FEDIL.
Claude Turmes
Wéi vill Kompromësser beim Klimaschutz sinn néideg, fir datt mir och ouni russesche Gas iwwer de Wanter kommen? Dat froe mir de gréngen Energieminister.
Ainhoa Achutegui
Ass d'Recht op Ofdreiwung och hei am Land a Gefor? Dat froe mir d'Presidentin vum Planning Familial.
Ginette Jones
Sinn d'Sozialämter gutt genuch opgestallt fir deenen ze hellëfen, déi sech déi héich Wueren net méi leeschte kënnen? Dat froe mir d'Presidentin vum Verband vun den Office socialen.
Josée Kirps
Viru véier Joer gouf d'Archiv-Gesetz gestëmmt: D'Direktesch vum Staatsarchiv zitt e Bilan.
Paulette Lenert
E Gespréich mat der Gesondheetsministesch iwwer hir Pläng an der Drogepolitik, a wéi eng Rees a Portugal hir Vue op de Sujet verännert huet.
Isabelle Schlesser
Mir schwätze mat der Directrice vun der ADEM iwwer d'Situatioun um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart.
Lex Delles
Mir schwätze mam neie President vun der Demokratescher Partei.
Nicolas Duca
Mir analyséieren d'Resultater vun de franséische Parlamentswalen mam Doktorand op der Chaire de recherche en études parlementaires vun der Uni Lëtzebuerg.
Carlos Paulos
Ass dat neit Cannabis-Gesetz wierklech e Fortschrëtt? Dat froe mir de Responsabelen vum Projet Pipapo, dee Jonker iwwer Drogen opkläert.

Franz Fayot
Mir froen de Wirtschaftsminister op d'Mesuren aus der Tripartite duer gi fir d'Betriber duerch d'Kris ze bréngen.

Marc Wagener
Huet d'Regierung finanzielle Spillraum fir d'Stéit weider ze entlaaschten? Dat froe mir de President vum Conseil National des finances publiques virum Vott vum Tripartite-Gesetz haut.
Nathalie Oberweis
déi Lénk setze sech zesumme mam OGBL géint eng Index-Manipulatioun an. Mir froen d'Deputéiert vun déi Lénk op déi Zesummenaarbecht soll ausgebaut ginn.

Claude Wiseler
D'CSV huet en neie Logo, mee mat wéi engen inhaltleche Schwéierpunkten wëllt d'Partei d'Wieler d'nächst Joer iwwerzeegen? Mir froen den CSV-President.
Carole Müller
E Gespréich mat der neier Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise de commerce (clc)
