arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden

Georges Mischo
Den Aarbechtsminister reagéiert op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.

Timothée Parrique
De franséischen Ekonomist vertrëtt déi fir Leit vu sengem Fach iwwerraschend Thes, dass eis Wirtschaft éischter gebremst gi misst wéi dass se ëmmer weider wuesse soll.

Stéphanie Empain
Froen un déi nei Co-Presidentin vun déi gréng

Constance Uyttebrouk
De Liewensstandard geet erop, an trotzdeem ass den Impakt vun de Logementspräisser zu Lëtzebuerg am Verglach mat der Groussregioun am héchsten. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Chercheuse vum Observatoire de l'habitat.

Gilles Roth
D'Christiane Kleer befreet de Finanzminister iwwer säi Budgetsprojet fir 2025.

Mandy Minella
Déi fréier Spëtzesportlerin ass viru genee engem Joer an d'Chamber gewielt ginn a presidéiert elo d'Familljekommissioun. D'Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer éischt Schrëtt an der Politik an hir familljepolitesch Prioritéiten.

Grand-Duc Henri & Prënz Guillaume: den Interview (1)
Extraiten aus dem Gespréich mam Staatschef a sengem zukünftege Stellvertrieder. Themen: d'Lieutenance, d'Haus zu Kolmer-Bierg an d'Reorganisatioun vun der Maison du Grand-Duc.

Xavier Bettel
Mam DP-Ausseminister mécht d'Christiane Kleer de Point iwwer de Poids vu Lëtzebuerg am No-Ost-Konflikt an d'Konsequenzen déi d'Eskalatioun och fir de Grand-Duché ka kréien.

Patrick Remakel
D'Enseignants-Gewerkschaft SNE seet, d'Inklusioun an de Schoule géif net funktionéieren. Wat muss sech änneren? Mir froen den SNE-President.

Michel Polfer
Den Direkter vum Nationalmusée, deen Enn des Joers a Pensioun geet, kuckt zeréck op seng 19 Joer un der Spëtzt vum MNAHA, dem Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art.

Tom Delles
Den Direkter vun der Akerbauschoul erkläert seng ADR-kritesch Haltung a wiert sech géint d'Reprochen, déi him dowéinst gemaach ginn.

Marlène Negrini
D'Presidentin vum Policesyndikat SNPGL huet weder um neie Minister, nach um neie Generaldirekter vun der Police vill auszesetzen.

Raoul Schaaf
Den Direkter vum Comité Nationale de Défense Sociale (CNDS) iwwer 20 (+1) Joer Abrigado an d'Konsequenze vun der Caritas-Affär fir de soziale Secteur.

Smail Sulijc
Mam Zentralsekretär vum OGBL Smail Suljic schwätzt de Rick Mertens iwwer de Sozialkonflikt bei der neier ASBL HUT.
Leo Wagener
Riskéiert d'Caritas-Affär e Schied iwwer dem Poopst seng Visitt zu Lëtzebuerg ze werfen? Mir froen de Weibëschof.

Maisy Gorza
Mat der Direktesch vum Institut national des langues schwätze mir ënner anerem iwwer déi nei Russeschcoursen.

Marc Goergen
Wéi geet et nom zolitten interne Sträit virun an der Piratepartei? Mir froen de Piratendeputéierte Marc Goergen.

Jens Kreisel
Wéi vill Plaz huet d'Uni Lëtzebuerg nach fir nei Studenten? Dat froe mir de Rekter eng Woch nodeems hie fir d'Rentrée eng 1.500 nei Studente begréisst huet.

Martine Deprez
D'Sozialministesch wëllt am Hierscht eng breet Diskussioun iwwer de Pensiounssystem lancéieren. Wéi stellt si sech deen Debat vir?
