Radioen

On air

Popfilter  |  Bolis Pupul - Completely Half

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäeschen Unisdiplom als Zukunftsperspektiv

Educatioun

Europäeschen Unisdiplom als Zukunftsperspektiv

D’Europäesch Kommissioun wëllt en europäeschen Unisdiplom op de Wee bréngen. Fir dat ze realiséieren, mussen iwwerall déi néideg Instrumenter fir zesummenzeschaffen unerkannt ginn, seet d’Associatioun vun den europäeschen Unien.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
D’Europäesch Kommissioun wëll een europäeschen Unisdiplom op de Wee bréngen. (Foto: Mikael Kristenson)

Europäesch Studenten a Studentinne solle méi mobil ginn, an d’Unie méi zesummeschaffen. Dat ass de Wonsch vun der Europäescher Kommissioun.

Zesummenaarbecht tëschent Unie fërderen

Vun engem europäeschen Unisdiplom géife béid Säite profitéieren, seet d’Iliana Ivanova, EU-Kommissärin fir d’Recherche, Innovatioun an d’Educatioun.

"D’Studente kéinten a verschiddene Länner a verschiddene Sprooche studéieren, mat enger géigesäiteger Unerkennung. Si kéinte vun de beschten Unie profitéieren a si hätten een Avantage um Aarbechtsmaart. Fir d’Unie wier et méi einfach, ze kooperéieren, a si kéinte Ressourcen zesummeleeën."

Legal an administrativ Barriären dofir sollen ofgeschaaft ginn. Dat wënscht sech d’Kommissioun. Och mam Wëssen, datt Bréissel dat net virschreiwe kann.

Decisioun läit bei de Memberlänner

D’Educatioun ass eng national Kompetenz. D’Decisioun fir esou een Diplom läit bei den nationalen Autoritéiten, preziséiert de Margaritis Schinas, Vizepresident vun der Kommissioun

“Mir decidéieren net vu Bréissel aus. Mir hu Krittären zesummegestallt, mir beschreiwen d’Destinatioun, mee d’Memberlänner missten d’Méiglechkeet vun esou engem Diplom an hire Gesetzer festhalen.”

Testphas a Pilotprojeten

D’Kommissioun huet eng Lëscht vu Krittären opgestallt, déi Unien erfëlle sollen, fir zesummen europäesch Diplomer erauszeginn. D’Demande dofir wier do, esou d’Iliana Ivanova.

“Mir testen den Ament sechs Pilotprojeten, duerch déi mir Donnéeë kréien. 140 Universitéite maachen do mat a 60 national Autoritéiten. Mir kréie vun hinnen ee positive Feedback. Dorop beruffe mir eis.”

Europawäit Unerkennung klappt net gutt

Eng Motivatioun fir esou een europäeschen Diplom unzestousse schéngt drop ze baséieren, datt et den Ament Problemer gëtt bei der europawäiter Unerkennung vun Diplomer, preziséieren d’Kommissären op Nofro. Problemer tëschent de Länner awer och den Universitéiten, esou de Margaritis Schinas.

"Verschidde Barriäre si just Formalitéiten iwwer d’Examen, mee et geet och zum Beispill ëm d’Déckt vum Pabeier, op deem Diplomer gedréckt ginn, oder ëm Delaien."

Déi europäesch Associatioun vun den Universitéiten huet d’Initiativ vun der Kommissioun begréisst an an engems och betount, datt de Succès dovun an éischter Linn dovun ofhänkt, datt déi Instrumenter, déi elo schonn a Relatioun mat gemeinsame Programmer existéieren, och iwwerall ëmgesat ginn."

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Edukatioun
Europa
Politik