Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LIST-Etüd: De Klimawandel beschleunegt de Réckgang vun der Biodiversitéit ëmmer méi

Natur an Ëmwelt

LIST-Etüd: De Klimawandel beschleunegt de Réckgang vun der Biodiversitéit ëmmer méi

Bis d‘Mëtt vum Joerhonnert kéint de Klimawandel den Haaptfacteur fir d'Zeréckgoe vun der Biodiversitéit ginn. Dat geet aus enger Etüd vum LIST ervir a Kollaboratioun mat Chercheure vun der ganzer Welt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Et wier déi gréissten Etüd vun dësem Typ iwwert d‘Tendenzen a Saache Biodiversitéit, publizéiert an der prestigiéiser Revue Science. Deemno kéint déi weltwäit Biodiversitéit 2 bis 11 Prozent erof goen. Dat wéinst der Verännerung vum Buedem déi vum Mënsch verursaacht gëtt.