Radioen

On air

Notturno  |  Little Kid - Something To Say

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meisch: "Méi Autonomie fir d'Schoul, net fir den Enseignant"

Schoulpolitik

Meisch: "Méi Autonomie fir d'Schoul, net fir den Enseignant"

All Schüler huet seng eege Besoinen, an d'Schoul muss méi individuell op d'Kanner agoen. Sou ëmschreift den Educatiounsminister Claude Meisch seng Politik. Dat bedeit méi Autonomie fir d'Acteuren, zum Beispill an de Lycéeën oder Crèchen, woubäi den Educatiounsminister awer net falsch wëll verstan ginn.

Christiane Kleer

auto_stories

8 min

Claude Meisch: "Wa mir gesinn datt gemeinsam Schnëttmengen do sinn, da kann een iwwer alles diskutéieren"

​All Dag vun der Woch ginn 3000 Schüler vu Lëtzebuerg aus iwwer d'Grenz fir an d'Schoul ze goen – well si zu Lëtzebuerg keng Schoul fannen déi hire Besoine gerecht gëtt. Déi Zuel nennt den Educatiounsminister Claude Meisch, och fir seng Approche ze ënnermaueren, nämlech déi, datt déi ëffentlech Schoul sech muss méi upassen: un d'Diversitéit vun de Schüler an un d'Evolutioun vun der Gesellschaft. 

"Et kann net sinn, datt mir soen: et gëtt nëmmen eng gutt Schoul, eng gutt Crèche oder eng gutt Maison Relais am Land. D'Acteuren um Terrain musse spiere wat hier Kanner brauchen", seet de Claude Meisch. 

Fir datt all Kand déi Schoul fënnt, déi senge Besoinen entsprécht, géif eng Schoul gebraucht ginn, déi "ee Stéck méi à la carte" wier. Allerdéngs misst et eng Struktur ronderëm ginn, déi alles zesummenhält. D'Politik géif sech hirer Responsabilitéit also net entzéien. Et wier just net méiglech als Minister eng Virgab ze ginn, déi dann de ganze Secteur misst befollegen, sou den Educatiounsminister. 

Lycéen solle sech vuneneen ofgrenzen

"Méi Autonomie", an dat vun der Crèche bis an de Lycée – dat ass een Zil vum Claude Meisch. Dobäi wëll hien awer net falsch verstan ginn: "Ech si net fir d'Autonomie vum eenzelnen Enseignant, mee fir d'Autonomie vun der Schoul". Bannent de Schoule soll da jiddereen un engem Strang zéien. 

Am Beräich vun de Lycéeën "wënscht" de Claude Meisch sech, datt déi eenzel Gebaier sech méi staark vuneneen ofgrenzen an och eege Profiller entwéckelen. "Zu Esch an an der Stad hu mer ze vill Lycéeën déi datselwecht ubidden", sou den Educatiounsminister.

Als weidert Beispill fir seng Approche nennt de Claude Meisch déi international Schoul vun Déifferdeng: hei géife Schüler mat diverse Sproocheprofiler op hier Käschte kommen. Fir déi nächst Rentrée wier scho bal keng Plaz méi fräi. Den Educatiounsminister huet an deem Kontext och ee "waarmen Appell" un d'Lycéeën an anere Regioun vum Land gemachfir ähnlech Offeren ze entwéckelen, och fir ze verhënneren datt et zu Ongläichheete kënnt.

Eng liberal Bildungspolitik?

"Ideologesch Froe mussen an der Schoulpolitik hannen ugestallt ginn", seet de Claude Meisch als Äntwert op d'Fro ob hien eng liberal Schoulpolitik féiert. Als "liberale Mënsch" steet hien, eegenen Aussoen no, virun allem fir "d'Fräiheet  an d'Responsabilitéit vum Eenzelen". An der Bildungspolitik kéint een dat awer och méi staark ausbauen andeems een tatsächlech fir méi Handlungsspillraum a méi Autonomie suergt

Vun enger gewollter Konkurrenz tëscht eenzelne Schoule wëll de Claude Meisch awer net schwätzen. Autonomie dierft och net sou verstan ginn, datt herno kee sech méi responsabel géif fille fir déi Schüler déi méi schwaach sinn. 

Nei Orientatiounsprozedur: méi Responsabilitéit fir d'Elteren

​Mat där neier Orientatiounsprozedur tëscht dem Fondamental an dem Secondaire wëll de Claude Meisch d'Elteren erëm méi abannen. Geplangt ass datt d’Orientatioun sech iwwer déi zwee Joer vum Cycle 4 soll zéien – mat all Joer dräi Reuniounen tëscht Elteren an Enseignant. Um Schluss gëtt eng Entscheedung geholl, d’Epreuven an d’Bilanen bleiwe bestoen. Méi fréi mat der Prozedur unzefänke géif all de Bedeelegten entgéint kommen, mengt de Claude Meisch. De Schüler hätt sou zum Beispill méi laang d'Méiglechkeet un eventuelle Schwächten an bestëmmte Fächer schaffen. D'Zil ass et, ee méi staarke Konsens ze fannen, tëscht den Elteren an dem Enseignant.

Wat d'Beruffsausbildung ugeet, sou sinn de 25. Mäerz zwee Gesetzprojete vum Regierungsrot ugeholl ginn, déi liicht Ännerungen un der staark ëmstriddener Reform virhuele sollen. Virun allem soll verhënnert ginn, datt Schüler Zäit verléieren, well si bestëmmt Modullen, déi net gepackt, ze laang musse mathuelen. Et kann an Zukunft och méi kompenséiert ginn an d’Ausbildungszäit ass net méi limitéiert.

"Unien am Ausland hunn Diplomer net kannt"

De Claude Meisch schléisst weider Upassungen an deem Beräich net aus – eng mise à plat, sou wéi d'Intersyndicale se fuerdert, well de Minister awer net. "Elo rëm op dat zeréckzegoe wat viru fënnef Joer war, géif bedeiten datt een näischt geschafft hätt", sou de Claude Meisch.

D'Techniker-Formatioun soll awer weiderhin an der Beruffsausbildung dra bleiwen. Och hei gëtt et Kritik vun de Gewerkschaften, well vill Jonker, déi dee Wee gewielt hätten, et spéider awer net op d'Uni géife packen. De Claude Meisch gëtt zou, datt et an där Hinsicht Problemer gi sinn. Allerdéngs wier dat keng Fro vu Qualitéit, mee vun der kompetenzorientéierer Bewäertung. "Vill Unien hunn déi net kannt an och d'Diplomer net. Mir hunn awer grouss Efforte gemaache, fir Unien am Ausland dorop hinzeweisen", sou de Claude Meisch. 

Preventioun vu Radikaliséierung: Programm kéint verlängert ginn

No den Attentater vu Bréissel hat de Minister, grad wéi no Paräis, e Message un d’Enseignante geschéckt mam Opruff fir oppe mam Thema an de Klassen ëmzegoen. D'Schoul hätt eng Responsabilitéit an deem Beräich, sou de Claude Meisch. De Sensibiliséierungsprogramm deen de Moment an de Lycéeë leeft kéint iwwerdeems verlängert ginn, sou de Claude Meisch, "wann d'Besoine weider grouss bleiwen". Ufanks war geplangt, de Programm just bis Juli lafen ze loossen an dann opzehalen.

Allerdéngs wier och de Moment de "Besoin un Informatioun" grouss, seet de Minister, deen awer och dozou réit, "opzepassen": "Sécherlech muss d'Schoul d'Aen ophale wann si gesäit datt ee Jonken amgaang ass sech ze radikaliséieren, mee et geet hei net drëm all pubertéierende Jonken direkt als Terrorist ofzestempele wann en eng Kéier 'Is' op d'Tafel schreift oder, fir ze provozéieren, de Koran mat an d'Schoul brengt." Hei misst een nuancéiert virgoen. Succès an der Schoul an d'Méiglechkeet an der Gesellschaft ze participéieren ass déi beschte Preventioun, sou de Claude Meisch. 

Sozialdialog: "Mir wëlle keen ausschléissen"

De Sozialdialog am Enseignement, ka just fonctionnéieren wann d'Partneren – also de Ministère an déi eenzel Gewerkschaften – net grondsätzlech verschidden Approchen hätten, seet de Claude Meisch. Datt de rezenten Accord iwwert d'Zukunft vum Fondamental awer just am SNE/CGFP ofgeschloss ginn ass, begrënnt de Claude Meisch folgendermoossen: "Mir wëlle keen ausschléissen. Wa mir gesinn datt gemeinsam Schnëttmengen do sinn, da kann een iwwer alles diskutéieren. Mee wann ech scho gesinn, datt den SNE an den SEW/OGBL a ville Beräicher ausernee leien, da géif dat jo heeschen, datt mir a ville Beräicher näischt maachen. An ech si net ugetruede fir näischt ze maachen".

De rezenten Accord iwwer de Fondamental war ouni den SEW/OGBL gemaach ginn, wat Vetrieder vun der Gewerkschaft staark kritiséiert hunn. Den SNE ass majoritär am Secteur. Déi rezent Entwécklungen bei der Gewerkschaft Apess wollt hien net direkt kommentéieren.