Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Deen Debat ass näischt Kuerzfristeges"

Lëtzebuerger Sprooch

"Deen Debat ass näischt Kuerzfristeges"

D'Petitioun, déi d'Aféiere vum Lëtzebuergeschen als Amtssprooch an Nationalsprooch fuerdert, misst eescht geholl ginn, fannen esou wuel den DP Deputéierte Claude Lamberty, wéi den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. D'ADR hätt schonn ëmmer eng Opwäertung vum Lëtzebuergesche gefuerdert, seet dësen. Déi aner Sproochen dierften awer net vernoléissegt ginn, betount de Claude Lamberty.

auto_stories

4 min

De Claude Lamberty (DP) an de Fernand Kartheiser (ADR)

D'Sproochepetitioun wier een Opruff un d'Politik, fir d'Lëtzebuerger Sprooch opzewäerten, ënnersträicht de Fernand Kartheiser. Den ADR-Politiker seet, d'Lëtzebuerescht misst endlech zu enger vollwäerteger Sprooch gemaach ginn, eppes wat ganz an enger Linn mam Programm vun der ADR léich. D'ADR hätt sech schonn ëmmer fir d'Lëtzebuergescht agesat a géif d'Petitioun ënnerstëtzen, esou den Deputéierten.

Och de Claude Lamberty ass der Meenung, datt d'Petitioun 698 misst eescht geholl ginn. D'Lëtzebuerger Sprooch wier ee Stéck vun der Lëtzebuerger Identitéit. D'Sproochefro wier een emotionale Sujet an den Debat wier näischt Kuerzfristeges, mengt den DP-Deputéierten. "D'Leit wëlle selbstbewosst iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Lëtzebuerger Identitéit schwätzen." De liberale Politiker betount awer, datt haut esou vill Lëtzebuergesch geschwat géif ginn, wéi nach ni. D'Lëtzebuergescht wier am Alldag ukomm, esou de Claude Lamberty.

Dat géif nëmmen zum Deel stëmmen, kontert de Fernand Kartheiser. Et wier zwar wouer, datt d'Lëtzebuergescht am Private méi present wier. "Mee dat ass jo net déi ganz Gesellschaft." Et géif donieft eng legal Dimensioun ginn, an déi vun der Integratioun. "Datt ënner Lëtzebuerger méi Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt ass richteg. Mee d'Fro ass, wéi ee méi Auslänner dozou kritt d'Sprooch ze benotzen." Den ADR-Deputéierte fuerdert, Lëtzebuerg misst méi ee konsequente Wee goen. An dat wier eng Fro vu politeschem Wëllen, esou de Fernand Kartheiser.

Eng Lëtzebuerger Jurisprudenz?

Fir datt d'Lëtzebuerger Sprooch zum Beispill kéint als Gesetzessprooch agefouert ginn, misst si weider entwéckelt ginn. Doriwwer sinn sech déi zwee Deputéiert eens. Et wier kloer, datt net all déi juristesch Texter kéinten op Lëtzebuergesch iwwersat ginn, esou de Fernand Kartheiser. Mee déi Texter, déi ee kéint op Lëtzebuergesch iwwersetzen, ouni datt d'Rechtssécherheet géif verluer goen, solle senger Meenung no iwwersat ginn. Et misst een awer virsiichteg virgoen, fir datt d'Argumenter vun der ongenügender lexikalescher Entwécklung vun der Sprooch net géifen zum Droe kommen.

Déi Argumenter hat de Soziolog Fernand Fehlen viru kuerzen am 100,7 Interview zur Sprooch bruecht. Hie sot, datt et 40 bis 50 Joer géif daueren, bis d'Lëtzebuergescht esou wäit ausgebaut wier, datt ee kéint eng Lëtzebuerger Jurisprudenz opbauen. Datt dat esou ee Langzäitprojet wier, där Meenung ass och de Claude Lamberty.

"Eng Win-Win Situatioun"

Aus deem Grond dierft et an der Sproochefro net dorëms dierft goen, aner Sproochen ze vernoléissegen oder ze degradéieren. All Kand, dat zu Lëtzebuerg géif an d'Schoul goen, hätt en Zougank zum Lëtzebuergeschen, zum Däitschen, an zum Franséischen. Dat wier ee grousse Surplus, deen een op kee Fall dierft opginn. "Mir dierfen et net esou wäit komme loossen, datt mir d'Lëtzebuergescht aus symbolesche Grënn esou vill stäerken, datt mir eis an en Tuerm sëtzen an d'Startchancen an d'Beruffswelt vun eise Lëtzebuerger op d'Spill setzen." Aus deem Grond, esou de Claude Lamberty, wier och d'Sproochepolitik, op déi den Educatiounsminister Claude Meisch géif setzen, esou wichteg.

Datt d'Kanner d'Méiglechkeet hätten an de Crèchë spilleresch un d'Sproochen erugefouert ze ginn, nennt den DP-Politiker eng Win-Win Situatioun: Déi Kanner déi doheem géife Lëtzebuergesch schwätzen, géife Franséisch léieren an dat wier wichteg: "Et ass nun emol esou, datt d'franséisch Kompetenzen zu Lëtzebuerg doriwwer entscheeden, ob een a Schoul a Beruff gutt weider kënnt." An d'Kanner mat Migratiounshannergrond kéinte Lëtzebuergesch léieren.

Et wier keng Win-Win Situatioun, mee eng Diskriminatioun vun auslännesche Kanner, fënnt dogéint de Fernand Kartheiser. Déi Kanner, déi doheem weder Franséisch, nach Lëtzebuergesch géife schwätzen, géifen elo mat zwou Sprooche konfrontéiert ginn, déi fir si friem wieren.

De Fernand Kartheiser fënnt, datt d'Regierung vum Lëtzebuergesche géif ewechkommen an datt een de Lëtzebuerger Kanner virun allem wéilt Franséisch bäibréngen. Et misst een d'Schoulpolitik nei ausriichten an iwwerdenken. "Den Haaptproblem vun der Schoul am Abléck ass de Verloscht u Niveau a Wësse vun de Lëtzebuerger Schüler géintiwwer der auslännescher Konkurrenz."

An d'Zukunft investéieren?

Bis ewell hu weder d'ADR nach d'DP eng Evaluatioun vun de Käschte fir een Investissement, wéi et d'Sproochepetitioun fuerdert, gemaach. Fir déi zwee Deputéiert ass awer kloer, datt et ee wichtegt Investissement an d'Zukunft wier. "Mir musse bereet sinn, fir eis Zukunft Suen auszeginn", esou de Claude Lamberty.

Fir d'ADR géif d'Petitioun eppes thematiséiere wat d'Partei schonn zënter laangem fuerdere géif, esou de Fernand Kartheiser. "Mir sinn eng Partei, déi konsequent fir d'Lëtzebuerger Sprooch asteet." Dofir misst sech d'ADR och net mat Initiativë wéi "Wee 2050 - Nee 2015" zesummendoen. "Mir brauchen näischt ze recuperéieren."