Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Stéck ukrainesch Kultur am Rollengergronn

Ukrainesch Communautéit zu Lëtzebuerg

E Stéck ukrainesch Kultur am Rollengergronn

Déi éischt ukrainesch Bibliothéik zu Lëtzebuerg gouf a just zwee Méint op d'Bee gestallt a gouf duerch vill Donen ënnerstëtzt. Esou wëll ee garantéieren, datt déi ukrainesch Communautéit zu Lëtzebuerg Accès op Bicher an op hir Sprooch huet, an d'Bibliothéik soll an Zukunft och méi geziilt als "lieu de rencontre" genotzt ginn, wou ee sech kann austauschen. D'Marlène Clement huet mat den zwou Bibliothecairinne geschwat.

auto_stories

3 min

Déi zwou ukrainesch Bibliothecairinnen aus dem Rollengergronn: D'Oksana Cherniuk (lénks) an d'Angela Domasova (riets).

De 15. Juni huet déi éischt ukrainesch Bibliothéik zu Lëtzebuerg hir Dieren opgemaach. Dës Initiativ vu LUkraine, déi am Ufank haaptsächlech fir ukrainesch Kanner geduecht war, huet sech an de leschte Wochen zu engem ëmmer méi grousse Projet entwéckelt. All Dag fannen 20 bis 30 Visiteure vun all Alter de Wee bis an de Rollengergronn fir duerch Bicher ze bliederen oder sech auszetauschen.

Eng "Reading nation"

D'Leit aus der Ukrain wieren eng "Reading nation" seet d'Bibliothecairin Angela Domasova:

"Liesen ass Deel vun eiser Kultur, et war also eng zimmlech natierlech Decisioun mat dësem Projet ze starten."

Si huet d'ukrainesch Bibliothéik am Rollengergronn vum éischten Dag u matopgebaut huet, a lieft zanter fënnef Joer mat hirer Famill zu Lëtzebuerg. Erfarungen als Bibliothecairin hat si bis elo keng. Si wollt einfach eppes fir d'ukrainesch Communautéit zu Lëtzebuerg maachen.

Séieren Opbau

Enn Abrëll ass d'Iddi opkomm fir dës Bibliothéik op d'Been ze stellen, mol net zwee Méint drop war alles prett fir d'offiziell Ouverture de 15. Juni.

"Mir haten näischt ausser d'Maueren, also misste mir kucke fir Miwwelen ze kréien, Bicher, an et war, géing ech soen, eng Erfollegsgeschicht, well lauter Leit an Organisatiounen de Projet wollten ënnerstëtzen."

Déi éischt 50 Bicher wiere Spende vun Ukrainer:inne gewiescht, déi sech scho virum Krich zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn, erkläert d'Oksana Cherniuk. Si ass selwer virun dräi Méint eréischt op Lëtzebuerg komm a war virun der Kris an der Ukrain an der Business-Branche täteg:

"Dunn hate mer ongeféier 300 Bicher déi mer vun der Stad Lviv kruten, déi e grousst Verlagshaus huet. Déi si mat der Associatioun LUkraine op Lëtzebuerg geschéckt ginn. An de Rescht vun de Bicher deen der hei gesitt krute mer vu russeschen an italieneschen Associatiounen hei zu Lëtzebuerg. "

Och eng ukrainesch Librairie zu Kiew huet Bicher fir d'Bibliothéik am Rollengergronn gesammelt, dëst am Kader vun engem Projet dee sech "Books for the road" nennt.

Zougang zu Bicher a Sprooch garantéieren

Duerch d'Bibliothéik wéilt een de Leit, déi aus der Ukrain musse flüchten, den Zougang zu Bicher an hirer Sprooch garantéieren, sou d'Angela Domasova:

"Si wëssen dass vill Leit d'Land verlooss hunn, wéinst dem Krich, an d'Flüchtlingen, déi net méi am Land sinn, brauchen natierlech e Stéck Kultur, a si brauchen d'Liesen, si brauchen ukrainesch Bicher. Also hu si dës Initiativ gestart [...]"

Niewent gutt gefëllte Bicherregaler stinn den ukrainesche Visiteuren och eng Rei Computeren zur Verfügung fir Informatiounen ze sichen, hir E-Mailen ze kucken oder mat Hëllef vun der Associatioun LUkraine hire CV ze iwwersetzen respektiv opzestelle fir besser Chancen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché ze hunn.

Zukunftspläng

D'ukrainesch Bibliothéik soll elo mol viraussiichtlech ee Joer am Rollengergronn bleiwen. D'Angela Domasova geet dovunner aus, datt de Projet duerno nach weider wäert ausgebaut ginn, an zu engem "Lieu de rencontre" kéint ginn. Virum Krich wier déi ukrainesch Communautéit zu Lëtzebuerg relativ kleng gewiescht, dat hätt sech awer elo mam Krich geännert, seet si:

"Ech menge verschidde Leit wäerte bleiwen, si hunn hir Kanner hei an der Schoul, si hu sech hei arrangéiert, eng Aarbecht fonnt, a mir hu vill Visiteuren, d'Leit komme gär heihin. A mir wëllen net nëmmen als Bibliothéik funktionéieren, mee och als Meeting Center, wou d'Leit kennen hikommen, a mir organiséieren Evenementer dass d'Leit sech kenne gesinn, schwätzen, diskutéieren ..."

Méi wäit wëllen déi zwou temporär Bibliothecairinnen am Moment nach net plangen. De Krich hätt gewisen, datt am Liewen net alles no Plang leeft.