Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - Jazzy mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kultur-Cheffin vum Wort demissionéiert

Medien

Kultur-Cheffin vum Wort demissionéiert

auto_stories

1 min

D'Journalistin Marie-Laure Rolland huet beim Lëtzebuerger Wort demissionéiert. Si ass Responsabel vun der Kultur. Gutt informéierte Sourcen no wier d'Marie-Laure Rolland net mat der neier Chefredaktioun op enger Ligne gewiescht.

Ee Mount nodeems de Jean-Lou Siweck als Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort ofgesat gouf, ginn et weider personell Ännerungen an de Redaktiounen. Deemno hätt d'Marie Laure Roland sollte responsabel fir d'Bäilag "Die Warte" ginn. Dat hat de radio 100,7 en Donneschdeg gemellt.

De Verwaltungsrot vu Saint-Paul huet nom Depart vum Jean-Lou Siweck de Roland Arens zum neie Chefredakter gemaach. De Conseil huet decidéiert, d'Wort nees politesch "Mëtt-Riets" ze positionéieren.