Radioen

On air

De Moien  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ 2020: Ee Réckbléck mat fënnef Lëtzebuerger Museker

Chrëschtdag

2020: Ee Réckbléck mat fënnef Lëtzebuerger Museker

2020 war keen einfacht Joer fir Museker, och net zu Lëtzebuerg. Néng Méint ouni Live-Optrëtter, ee Stëllstand vum weltwäiten Touring-Circuit a Restriktioune beim Prouwen hu méi Efforten a Gedold verlaangt.

auto_stories

1 min

Nieft Online-Concerten, déi hei an do ee Liichtbléck erlaabt hunn, koum einfach vill super Musek eraus. Och huet bei verschiddenen dat villt Elengsinn a Form vun Inspiratioun hir Friichte gedroen. Den Jamie Reinert an de Marc Clement loosse mat fënnef Lëtzebuerger Museker d'Joer 2020 Revue passéieren.

Invitéen: Pascal Schumacher, Ryvage, Jana Bahrich (Francis of Delirium), Benoit Martiny, Georges Goerens (Seed to Tree, Bartleby Delicate).