Auteur vun der Attack war de 64 Joer alen Amerikaner, huet de Sheriff vu Las Vegas matgedeelt. De Stephen Paddock soll an der Ëmgéigend vun der Metropol fir d'Glécksspill gewunnt hunn. Obschonns d'Terrormiliz Islamesche Staat d'Dot duerno fir sech revendiquéiert huet, géif et nach keng Beweiser dofir, mellt den FBI.
D'Enquêteure ginn dovun aus, datt hien eleng gehandelt huet. Weider soll hien och keen extremisteschen Hannergrond gehat hunn. Bei sech am Hotelszëmmer am Mandalay Bay Resort hat de Mann op d'Mannst zéng Waffen, hat d'Police gemellt. Dëst Zëmmer soll hie schonn eng véier Deeg virun der Dot gelount hunn.
Bilan vun den Doudesaffer kéint weider klammen
Aus deem Zëmmer, um 32. Stack vum Hotel, dee just iwwert der Plaz vun deem Country-Museksfestival läit, huet den Täter während véier bis fënnef Minutten an d'Leit geschoss. Éischten Erkenntnisser no, hätt hien eng automatesch Waff, eventuell e Maschinnegewier, benotzt.
30.000 Leit waren deen Ament um Terrain vum Evenement präsent. Vill vun deene Blesséierte schwiewen a Liewensgefor, de Bilan vun den Doudesaffer kéint nach weider klammen. Nach éier d'Police hie konnt stellen, huet de Mann sech selwer d'Liewe geholl.
"Mir si vereent an Trauregkeet, Schock an Trauer"
Et ass déi déidlechst Masseschéisserei an der moderner Geschicht vun den USA. Virun engem Joer, den 12. Juni 2016, gouf et eng Schéisserei zu Orlando an enger Diskothéik, do waren 49 Mënschen ëm d'Liewe komm. Dee Bilan gouf haut nach eemol iwwerschratt.
Den US-President Donald Trump huet am Nomëtteg eiser Zäit am Wäissen Haus reagéiert. Et war déi éischte Kéier, datt hien als President vun de Vereenegte Staaten eng Ried fir d'Natioun no enger Masseschéisserei huet missten halen. Hien huet d'Dot als eng "ganz béis" bezeechent. Weider huet hien d'Leit dozou opgeruff, zesummen ze bieden an ze probéieren, Unitéit am Land ze schafen.
"A Momenter vun der Tragedie an dem Horror kënnt Amerika zesummen als Eent, dat huet et nach ëmmer gemaach. Eis Unitéit kann net gebrach ginn duerch dat Béist oder duerch Gewalt."
Den Donald Trump huet ordonnéiert datt uechter d'Land d'Fändelen op Hallefmast gesat ginn. E Mëttwoch géif hien op Las Vegas reesen, fir en Iwwerbléck iwwert d'Situatioun ze kréien, mat der Police an de Rettungsdéngschter ze schwätzen an d'Famille vun den Affer ze gesinn.
Waffegesetz nees a Fro gestallt
Den US-President huet sech a senger Ried net zum amerikanesche Waffegesetz geäussert. D'Demokraten haten eng Diskussioun iwwert dëst Gesetz gefuerdert, well et am US-Bundesstaat Nevada, an deem dës Masseschéisserei geschitt ass, immens einfach wier, fir u Waffen ze kommen. Doriwwer wäert an den nächsten Deeg wuel vill debattéiert ginn.
Et bleift ofzewaarden, wéi den Donald Trump dorop reagéiert. Am Wahlkampf fir de Presidenteposten huet hien sech fir méi labber Waffegesetzer agesat a gouf och vun der NRA; der "National Rifle Association" ënnerstëtzt.