Radioen

On air

De Weekend  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Love Is A Rich Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kommt, mir kucken dach no vir!"

Kooperatioun an Entwécklungshëllef

"Kommt, mir kucken dach no vir!"

De Kooperatiounsminister Romain Schneider seet, et wier méi wichteg elo d'Zukunft vun der Entwécklungshëllef richteg ze plangen, wéi weider iwwer méiglech Feeler aus der Vergaangenheet nozedenken. Déi 17 nohalteg Entwécklungsziler, déi bis 2030 sollen ëmgesat ginn, géifen him Hoffnung maachen, och a punkto Koherenz vun de Politiken.

auto_stories

6 min

De Charles Goerens, den Armand Drews an de Romain Schneider an der Emissioun "Riicht Eraus"

Trotz de villen Engagementer an den héijen Ziler, déi déi international Gemeinschaft sech iwwer Joerzéngte gesat huet, sinn Aarmut an Ongläichheeten och haut nach eng Realitéit. Eng 800 Millioune Mënsche weltwäit hunn - dem Welternährungsprogramm no - net genuch fir z'iessen. Den Zougank zu Bildung a Gesondheet ass a ville Länner vum sougenannte Süde schlecht.

Natierlech wieren an der Vergaangenheet net nëmme richteg Entscheedunge geholl ginn, sot dozou de Kooperatiounsminister, Romain Schneider, an eiser Emissioun "Riicht Eraus". Méi wichteg wier awer elo, an d'Zukunft ze kucken. Dofir weist hien sech éischter kritesch géigeniwwer dem Discours vun engem Jean Feyder, fréiere Lëtzebuerger Vertrieder bei der Welthandelsorganisatioun zu Genève.

Feeler an den 1980er Joren?

De Jean Feyder seet, datt zum Deel schonn an de 1980er Joren déi falsch Jalone gesat goufen. Als Géigeleeschtung fir Prête vum Internationale Währungsfong an der Weltbank hätten afrikanesch Länner deemools misste Strukturprogrammer ëmsetzen, déi dozou gefouert hätten datt d'Landwirtschaft haut do keng Liewensgrondlag méi bitt.

"Den Här Feyder debattéiert d'1980er Joren", huet de Minister Schneider geäntwert. "Kommt, mir kucken dach no vir! Ech sinn ee Mënsch, deen ëmmer no vir kuckt. Virun allem elo wou mer déi 17 nei nohalteg Entwécklungsziler definéiert hunn". Déi zwee aner Invitéeën an der Sendung, den Europadeputéierten a fréiere Kooperatiounsminister Charles Goerens, grad wéi den Armand Drews, President vum Cercle de coopération, fannen awer Wourechten an de Kritike vum Jean Feyder.

Aussoe vum Jean Feyder als Warnung

Den Armand Drews seet: "Et muss een d'Vergaangenheet kucken, fir déiselwecht Feeler net nach eng Kéier ze maachen. Ech deelen dem Jean Feyder seng Aussoen, och wann ech optimistesch si fir d'Zukunft". De Jean Feyder war tëscht 1999 an 2004 Kooperatiounsdirekter ënnert dem fréiere Minister Charles Goerens. Hie gesäit seng Aussoen och als eng Zort Warnung. "An den 1980er Jore sinn Dommheete geschitt, d'Geld ass vill ze vill liicht geléint ginn. Herno waren d'Länner net capabel fir zréckzebezuelen. Länner, an deenen d'Leit dat néidegst mol net hunn, esou enger Rosskur ze ënnerzéien, ass een décke Problem", sou de Charel Goerens.

E weidere Problem gesäit hien an der Zweckentfremdung vun Entwécklungsmëttelen. Länner wéi de Mali missten de Moment vill Gelder an hir Sécherheet stiechen, Suen, déi eigentlech op anere Plaze kéinten investéiert ginn. "Déi Länner mussen eng Rei vun Aufgabe bewältege fir déi si d'Moyene net hunn: Sécherheet, Grenzschutz, Geheimdéngscht". Fir dës Posten ze finanzéiere wier et ganz wichteg, dofir keng Entwécklungsgelder ze huelen. Et géif awer haut eng Tendenz ginn, fir d'Moyene fir d'Entwécklungspolitik sou ze "polluéieren", datt fir d'Aarmutsbekämpfung näischt méi iwwreg bleift. "Dat muss evitéiert ginn", sou de Charel Goerens. Eng Analyse, déi och den aktuelle Kooperatiounsminister Romain Schneider deelt.

Wéi koherent war Lëtzebuerg?

Duerch déi 17 nohalteg Entwécklungsziler, déi d'lescht Joer vun der UNO zu New York festgehale goufen a bis 2030 sollen ëmgesat ginn, versprécht de Kooperatiounsminister sech aus folgendem Grond méi Koherenz: Vu Chancëgläichheet iwwer Energie- a Klimapolitik bis bei de Kampf géint d'Aarmut, géif hei ee logescht Zesummespill vu politeschen Ziler gefërdert ginn. Praktesch illustréiert hien dat mat engem Beispill aus der Bildung. "Wa Kanner doheem kee Stroum, an also keng Luucht hunn, fir ze léieren, da bréngen och Schoulen näischt."

Mee huet Lëtzebuerg, zum Beispill mat senger Steierpolitik, net och an de leschte Joren zu engem Manktem u Koherenz bäigedroen? Et gëtt geschat, datt all Joer eng 50 Milliarden Dollar un illegale Geldflëss aus Afrika erausginn: Steierflucht, Waffenhandel, Drogesuen. E Vertrieder vun Tax Justice Africa sot d'lescht Joer an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort, datt Lëtzebuerg sech Entwécklungspolitik kéint spuere fir léiwer mol an eng fair Steierpolitik z'investéieren.

De Romain Schneider sot a "Riicht Eraus", dat géif scho laang geschéien. "Vläicht ass Verschiddenes an der Vergaangenheet net sou gemaach ginn, wéi et sollt. Mee mir sinn am Gaang vill Schrëtt no vir ze maachen", sou de Minister. Op der Konferenz iwwer de Finanzement vun der Entwécklungshëllef d'lescht Joer zu Addis Abbeba, hätt Lëtzebuerg an deem Sënn och d'Tax Initiative ënnerschriwwen. Des Initiative soll Entwécklungslänner ënner anerem hëllefen, hir Steierverwaltungen ze stäerken. Donateurslänner sollen hir Steierpolitik méi transparent maachen.

"Koherenz fänkt an der Regierungsaarbecht un"

De Charles Goerens mengt, eng Koherenz vun de Politike misst bannent der Regierungsaarbecht ufänken. Ee Konflikt tëscht dem Kooperatiounsminister an dem Wirtschaftsminister, zum Beispill, kéint hei schonn eng grouss Barrière sinn. Huet de Romain Schneider ee Konflikt mam Etienne Schneider oder engem anere Minister? "Ech dialogéiere virun allem mat de Ministeren", äntwert de Minister. Dës Regierung hätt och fir d'éischte Kéier iwwerhaapt regelméisseg am Regierungsrot iwwer d'Entwécklungshëllef geschwat, nämlech am Kontext vum Ausschaffe vun den nohaltegen Entwécklungsziler. Mee: "Mir musse Schrëtt fir Schrëtt virgoen, mir kënnen net vun engem Dag op deen aneren den Hiewel ëmleeën. A verschiddenen Domainer gëtt et keng endgülteg Koherenz, dofir musse mir de Maximum erausklappen".

Doriwwer eraus géif dës Regierung fir d'éischte Kéier iwwerhaapt de Cercle de coopération des ONG an d'Aarbechte vum Comité interministériel pour la coopération au développement abannen. Den Armand Drews fënnt dat och gutt. "Ech hunn awer och direkt eng Kritik: Et wier flott, wa mir den Ordre du jour vun de Reuniounen éischter géife kréien, fir datt mir eis richteg kënne virbereeden".

ONGen: "De Kuch gëtt ëmmer méi kleng"

De President vum Cercle de coopération gesäit an de nohaltegen Entwécklungsziler och just zum Deel Hoffnung fir d'Koherenz. "Dat soll ee kritesch begleeden. D'Fro ass: gëtt dat esou ëmgesat wéi et soll?". D'ONGe wieren iwwerdeems haut méi groussen Erausfuerderungen ausgesat wéi nach viru Joren. Ugefaange beim Finanzement. D'ONGe wieren op finanziell Ënnerstëtzung vum Kooperatiounsministère ugewisen. Et géif nämlech ëmmer méi schwéier ginn, fir eegestänneg Fongen opzedreiwen - wat allerdéngs kloer vum Ministère gefuerdert gëtt. "De Kuch gëtt ëmmer méi kleng", sou den Armand Drews. Et géifen ëmmer méi ONGe ginn (haut sinn et der 91) an d'Leit wieren ëmmer manner bereet, ze spenden.

Net nëmmen d'ASTM kritiséiert déi nei Ko-Finanzéierungsmodeller vum Kooperatiounsministère. "Eng ganz Rei Organisatioune gesinn déi nei Ko-Finanzéierungsmodeller kritesch, well se méi schlecht ewech kommen", seet den Armand Drews. Allerdéngs hätten de Cercle de coopération an d'Regierung een Accord iwwert dat Thema, an hannert deem Accord géif een och stoen. "Natierlech ass net all Mensch am Cercle frou doriwwer. Mir hunn dat awer an enger Generalversammlung thematiséiert, wou et net zu gréisseren Opstänn komm ass", sou den Armand Drews. An deem Accord ass awer och festgehalen, datt Projeten, déi der ziviller Bevëlkerung déngen, weiderhi méi staark kofinanzéiert ginn, och wann se net an Zillänner gemaach ginn.