Radioen

On air

Espresso Beats  |  Amber Mark - Lose My Cool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Escher Bilan vum Kulturjoer: Ze mann Public, mee nei Infrastrukturen

Wat bleift vun Esch2022?

Escher Bilan vum Kulturjoer: Ze mann Public, mee nei Infrastrukturen

Et wier gutt, datt Esch an der Suite vun Esch2022 nei Infrastrukture fir d'Kultur krut. Mee et wiere Schwieregkeete gi fir de Public ze erreechen. Et wier ee Probleem, datt d'Kommunikatioun mam Public de Porteure vun den eenzele Projeten iwwerlooss gi wier. Den Escher Kulturschäffe Pim Knaff vun der DP huet zouginn, datt dat effektiv e Probleem war.

auto_stories

2 min

V. l. n. r.: De Christian Mosar, de Pim Knaff an de Serge Ecker. (Foto: Chris Zeien)

An eiser Spezialsendung "Am Fong, live vun der Brillplaz", gouf et ee Konsens: Et wier gutt, datt Esch an der Suite vun Esch2022 nei Infrastrukture fir d'Kultur krut. Mee et wiere Schwieregkeete gi fir de Public ze erreechen.

Et gouf e Vernissage am Kader vun Esch2022, op deem waren em déi aacht Leit, huet de Kënschtler Serge Ecker an der Emissioun Am Fong festgestallt. Et wier e Probleem, datt d'Kommunikatioun mam Public de Porteure vun den eenzele Projeten iwwerlooss gi wier. Déi hätte schonn ze vill aner Saachen ze di gehat.

"Vläicht de gréisste Probleem"

Den Escher Kulturschäffe Pim Knaff (DP) mengt, datt déi ronn 1.300 Projete wärend dem Kulturjoer "hire Public fonnt" hunn, mee et wier awer richteg, datt d'Porteurs de projets Probleemer gehat hätten un de Public ze kommen.

"Et geet effektiv net méi duer, e Post op Facebook ze maachen oder e Flyer."

Do géif eng ganz Méchanique drun hänken. Et misst een an Zukunft an esou Fäll effektiv besser a méi professionell kommunizéieren.

Nei Infrastrukturen

Egal wéi wier et positiv, datt ënnert anerem mam Bridderhaus an der Konschthal nei Infrastrukturen entstane wiere fir d'Kultur, esou de Christian Mosar, artisteschen Direkter vu béiden Haiser.

Sou eppes wéi d'Konschthal huet hei zu Esch gefeelt, esou och de Kënschtler Serge Ecker. Virdru wier jiddereen an d'Stad gepilgert.

Dat wier och de Grond, wisou d'Gemeng Esch d'A.S.B.L. "frEsch" gegrënnt huet, esou de Pim Knaff. D'Organisateure vun Esch2022 hätten net wëllen an Infrastrukturen investéieren, mee just a Projeten, an dofir hätt d'Gemeng eng eegen A.S.B.L. gegrënnt fir an Infrastrukturen ze investéieren.