Radioen

On air

Notturno  |  Big Star - Thirteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur a Politik a Krichzäiten

Fräië Mikro

Kultur a Politik a Krichzäiten

Wéi kann d'Kultur sech nach behaapten, wann de Krich eisen Alldag perturbéiert? De Fall Russland weist eis, datt et net einfach ass, esou eng Fro ze beäntwerten, mengt de Laurent Moyse, Journalist an Auteur, am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Dem Putin säi Krich géint d'Ukrain huet elo schonn enorme Schued an een onbeschreiflecht mënschlecht Leed hannerlooss. Och wann d'Ausmooss vun där Katastroph a senger Gesamtheet nach net z'erfaassen ass, wësse mir awer, datt d'Weltuerdnung dono net méi déi selwecht wäert sinn.

Wéi dat neit Joer ugaangen ass, huet een zu Lëtzebuerg gehofft, datt d'Pandemie net méi eisen Alldag bestëmme wäert, an datt méi erfreelech Saachen op eis duerkomme wäerten. Esch 2022 stoung virun der Dier a sollt een Highlight vum Joer ginn. Wéi mir wësse verbënnt Kultur Länner a Mënschen, reegt eist Denken un an erweidert eisen Horizont.

Russesch Kënschtler ginn opgefuerdert Stellung ze huelen

Déi allermeescht haten awer net mam russeschen Iwwerfall an der Ukrain gerechent, e Krich, deen déi gréisst Flüchtlingswell an Europa zënter dem Zweete Weltkrich ausgeléist huet. Russland muss elo politesch a wirtschaftlech Sanktiounen erdroen. Déi hunn als Zil, de Krichsäifer vum russeschen Autokrat ze bremsen. Mee wéi steet et mat der Kultur, mat hiren Acteuren a kulturellen Ariichtungen?

De Lëtzebuerger Filmfestival huet d'Programmatioun vu russesche Filmer gestrach, eng Entscheedung, déi sécherlech net einfach war an déi och ganz verschidde kommentéiert gouf. Zu München ass den Dirigent Valery Gergiev vun der Philharmonie virun d'Dier gesat ginn wéinst sengem enke Verhältnis zum Kremlchef. Ëmmer méi russesch Wierker ginn international déprogramméiert, russesch Artiste gi gefuerdert, Stellung ze huelen a ginn engem staarken Drock ausgesat.

E Pass heescht net, datt ee mat der Politik vu sengem Land averstanen ass

Et ass evident datt kremltrei Unhänger, déi sech fir dem Putin säi militärescht Abenteuer ausschwätzen, sech net wonnere sollen, wa si elo persona non grata ginn. Dat betrëfft net nëmmen d'Kultur, mee och aner Beräicher wéi de Sport zum Beispill.

Et ginn awer och vill russesch Artisten, Sportler oder Wëssenschaftler, déi net onbedéngt mat der Krichslogik vum Kremlchef averstane sinn. D'Fro stellt sech, wéi weit si musse fir déi kriminell Politik bezuelen. De Besëtz vun engem Pass heescht jo net automatesch, datt ee mat der Regierung vun engem Land systematesch averstanen ass.

D'Verflechtung vu Kultur a Politik ass heiansdo ganz komplex, well Kultur sech gär an engem kulturpolitesche Raum beweegt: E Raum, wou Geschicht a Geographie enk verbonne sinn. Sou geet zënter der Mëtt vum 19. Joerhonnert gestridden, op Russland en Deel vun Europa ass oder net. Fir de prowestleche Courant ass Russland wuel europäesch: hei steet d'Ubannung un de westlechen Entwécklungsmodell am Virdergrond, e Modell, dee vun Individualismus an d'Ofschafe vum Servage gepräägt war. De slawesche Courant wëll am Géigendeel Russland vum westleche Modell lasskoppelen a pocht op traditionell Wäerter, déi enk un d'reliéis Orthodoxie an d'Baueregemeinschaft gebonne sinn. An der Literatur gehéiert de Fedor Dostoïevski zu de bekanntste Verfechter vun enger eenzegaarteger russescher Séil, vun enger mystescher Visioun vum russesche Vollek.

Den Zynismus weist sech vu senger Bluddeger Säit

Mat Ausnam vun 1992, wéi nom Zerfall vun der Sowjetunioun de Versuch vun enger liberaler Demokratie gescheitert ass, huet sech den autokratesche Modell ëmmer erëm duerchgesat. Dem Putin säi Krich géint d'Ukrain ass virun allem een imperialistesche Feldzuch géint déi westlech Orientéierung, déi déi groussrussesch Geschicht zum Deel gepräägt huet an dem Kremlchef haut en Dar am A ass.

De Schrëftsteller Andreï Guelassimov huet virun zéng Joer gemengt, d'Russe wieren duerch hir Geschicht zynesch ginn. Mam Putin weist sech den Zynismus ëmmer méi vu senger bluddeger Säit.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.