Et war, wéi et schéngt, kengem sou richteg opgefall: Weder de Staatsrot, nach d'Dateschutzkommissioun (CNPD) oder d'Mënscherechtsliga hu sech an hiren Avise mat der Legaliséierung vum Staatstrojaner beschäftegt. Dobäi gouf et zejoert eng Polemik, wéi bekannt gouf, datt Lëtzebuerg bei der ëmstriddener Firma Hacking Team Spionage-Software akaf hat - ouni datt fir den Asaz vun deem Instrument déi entspriechend legal Basis géif existéieren.
Dat soll sech elo änneren. An der Geheimdéngschtreform, déi vun der blo-rout-grénger Regierung 2014 als Äntwert op d'Geheimdéngschtaffär 2014 op den Instanzewee geschéckt gouf, heescht et, datt de Geheimdéngscht ënnert bestëmmte Konditiounen däerf op déi informatesch Systemer vun enger viséierter Persoun zougräifen. Och mat Hëllef vun enger Software.
Méi streng Regele fir d'Justiz wéi fir de SREL?
Datt d'Dateschutzkommissioun sech dozou net weider geäussert huet an de Gesetzprojet 6675 elo och vum Staatsrot gréng Luucht krut, ass erstaunlech. Well am Kader vun engem anere Gesetzprojet gëtt d'Thema vum Staatstrojaner kritesch beuerteelt. D'Justiz soll fir hir Enquêten am Beräich Terrorismus och däerfen op esou eng Spionage-Software zréck gräifen. An an hiren Avisen zum Gesetzprojet 6921 fuerderen d'CNPD, grad wéi déi consultativ Mënscherechtskommissioun méi ee prezise Kader.
D'Dateschutzkommissioun huet virun engem grousse Risiko vun Abuse gewarnt, well den Asaz vun der Software kaum encadréiert wier. Den Trojaner wier fir d'Pouvoire vun der Justiz ee "Qualitéitssprong" an et misst ee sech d'Fro stellen, ob dat Instrument net méi Risike mat sech bréngt wéi Virdeeler.
Nobesserungen un der SREL-Reform?
De Justizminister Felix Braz huet am Abrëll an engem 100,7-Interview betount, datt dës Bedenken net kéinten a sengem Gesetzprojet iwwer d'Justizenquêtë gekläert ginn. Wann, da misst dat am Kader vun der SREL-Reform geschéien.
Muss d'Geheimdéngschtreform also nogebessert ginn? Doriwwer ass e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert ginn. Mee am Prinzip ass net méi virgesinn nach eppes um Text ze änneren, sou datt d'Gesetz am Juni kéint gestëmmt ginn. De Rapporter vum Projet, den DP-Fraktiounschef Eugène Berger an de President vun der Institutiounekommissioun, den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, waren nach net fir een Interview z'erreechen.
CSV fuerdert Kohärenz
Den CSV-Deputéierten a Member vun der Institutiounekommissioun Gilles Roth ass der Meenung, datt béid Gesetzer, an deenen ee Staatstrojaner virgesinn ass, missten "anenee gräifen". Et kéint een net an deem engen Text méi wäit goen, wéi an deem aneren. "Ob dat dem Rapporter opgefall ass oder net, dat muss ee préiwen."
Et misst een elo kucken, wéi de Staatsrot sech zum Trojaner fir d'Justiz äussert, sou de Gilles Roth. Wann deen d'Bedenke vun der CNPD an der Mënscherechtskommissioun deelt, da wier dat och ee Signal fir den Asaz vun esou Software beim Geheimdéngscht. Soll een dorobber waarden, ier een d'Gesetz stëmmt? Net onbedéngt, seet den CSV-Deputéierten. Am Zweiwelsfall kéint een d'Gesetz zu engem spéideren Zäitpunkt nobesseren.
De Bäitrag vum Pia Oppel aus dem Moies-Panorama vum 6. Mee: