Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ KPL: D'Opmierksamkeet fir politesch Iddien ass am Walkampf méi grouss

Chamberwalen

KPL: D'Opmierksamkeet fir politesch Iddien ass am Walkampf méi grouss

Bei de Chamberwalen den 8. Oktober, trëtt déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg an dräi Bezierker un. Wéinst enger Rei vun Ofsoe wier et net méiglech gewiescht, eng Kandidatelëscht fir de Bezierk Norden ze deposéieren. Déi kommunistesch Partei ass zanter 2004 net méi an der Chamber vertrueden. Bei de Chamberwalen 2018 hat d'KPL mat véier Lëschten 1,27 Prozent vun de Stëmme kritt.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

play_arrow

4 min

Ali Ruckert | © Chris Zeien play_arrow
Den Ali Ruckert ass President a Spëtzekandidat vun der kommunistescher Partei Lëtzebuerg (Foto: Jo Diseviscourt)

Datt seng Partei nëmmen an dräi Bezierker untrëtt, wier net aussergewéinlech. Bei deenen dräi leschte Chamberwale war d'KPL awer all Kéier mat véier Lëschten ugetrueden. D'Zil wier awer kloer, an d'Chamber ze kommen, betount de KPL-President a Spëtzekandidat Ali Ruckert.

"Mir kandidéiere jo och well mer gesinn, datt grad an Zäite vun engem Walkampf, datt do awer bei engem Deel vun der Bevëlkerung d'Opmierksamkeet fir politesch Iddie méi grouss ass, wéi soss tëschent de Walen. A mir profitéieren dann eben och dovun, fir dann eng Rei Iddie vun eis dann och - souwäit dat méiglech ass - an de Medien eriwwer ze bréngen."

"Grouss soziologesch Verännerungen"

Dem rezenten ILRES-Sondage no, koum d'Partei op nëmmen 0,4 Prozent vun de Stëmmen. Mat "grousse soziologesche Verännerungen" hei am Land an de leschten 20 Joer erkläert de KPL-President a Spëtzekandidat Ali Ruckert, firwat d'Iddien a Virstellunge vun der KPL op esou wéineg Géigeléift bei de Wieler stoussen

"Déi kommunistesch Partei war ëmmer staark bei de Stolaarbechter verankert an den Ofbau, deen do an der Stolindustrie war, deen huet natierlech och seng negativ Auswierkungen op d'kommunistesch Partei gehat."

Et wier der Partei net gelongen, sech och an anere Bevëlkerungsschichten ze verankeren, erkläert den Ali Ruckert.

Stopp vu Waffeliwwerungen un d'Ukrain

Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg fuerdert en direkte Stopp vun alle Liwwerunge vu Waffen a Suen un d'Ukrain. Dat steet am KPL-Walprogramm, dee e Freide wäert presentéiert ginn.

"All Waff, déi geliwwert gëtt, déi verlängert de Krich", fënnt de KPL-President a Spëtzekandidat am Süden Ali Ruckert am 100,7-Interview. Russland an d'Ukrain misste sech senger Meenung no un een Dësch setzen a verhandelen.

Keng Relatioun mat Russland

De KPL-Politiker Ali Ruckert huet vun 1978 bis 1980 zu Moskau studéiert a geschafft. Dat géif awer keng Roll bei senge Positiounen spillen, zum Beispill d'Ophiewe vun all Sanktiounen.

"Russland ass ee kapitalistesche Staat, mat deem mir als kommunistesch Partei absolut keng Bezéiungen hunn."

Den Ali Ruckert wéilt och kloer stellen, datt d'KPL sech net op d'Säit vu Russland géif stellen.

 

Lauschterenplay_arrow

Den Ali Ruckert am 100,7-Suedeltest

Chamberwalen 2023
Logement
Mobilitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Interview
Noriichten
Wirtschaft
Ëmwelt