Radioen

On air

Resonanzen  |  Méi wéi just Suen

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Ass Lëtzebuerg wierklech méi no riets geréckelt?

Chamberwalen 2023

Ass Lëtzebuerg wierklech méi no riets geréckelt?

Fënnef Deeg no de Chamberwale sinn d‘Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP voll am Gaangen. Déi aner Parteie stelle sech op fënnef Joer Oppositioun an, dorënner och déi gréng an d‘LSAP, déi déi lescht zéng Joer an der Regierungsverantwortung waren. D‘Fro steet am Raum, ob Lëtzebuerg méi no riets gerutscht ass? Mee d‘Walresultat léisst sech wuel net duerch politesch Ideologie erklären, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerg, am Hierscht 2023. Déi éischt normal Summervakanz ouni Angscht virun neie Covid-Aschränkungen ass eriwwer a scho sou gutt wéi vergiess: Elo verbréngt ee moies nees vill wäertvoll Zäit am Stau, op geféierleche Vëlosweeër oder an iwwerfëllten Zich. Et gëllt nees Rechnungen ze bezuelen, de Konto am A ze behalen, wärend d‘Scholdzënse klammen a klammen. De Liter Diesel ass méi deier wéi am Fréijoer, de Bensinn och nach ëmmer net méi bëlleg. Investisseuren, déi an de Steen investéiert hunn, realiséiere grad, datt si sech vläicht verspekuléiert hunn. Den Dram vum Rendement vun iwwer 15 Prozent, deen nach virun e puer Joer Usus war, ass geplatzt. De russesche Krich an der Ukrain gëtt zum Dauerzoustand, an um Dag ier mer wiele ginn, eskaléiert den No-Ost-Konflikt duerch brutal Attentater vun der Hamas.

De Wieler decidéiert ganz spéit

Am räiche Lëtzebuerg, an deem een u verhältnisméisseg niddereg Steieren an eng héich Liewensqualitéit gewinnt ass, wiessele Wieler hin an hir. D‘Wielerschaft ass scho méi laang manner politiséiert. E gudden Deel weess kuerz virun de Walen nach ëmmer net, wéi se wiele soll. De Choix fält owes virdrun, oder réischt an der Kabinn. Beim Panachéiere ginn d‘Kräizer souguer heiansdo vu ganz lénks no ganz riets gestreet. Wale ginn ëmmer méi zu enger Momentopnam. Déi konjunkturell Grënn spillen eng grouss Roll, déi méi iwwergeuerdent strukturell Froe fir d‘Zukunft gi vergiess.

Déi gréng gi vun deene gewielt, déi sech et leeschte kënnen

Déi gréng si keng Vollekspartei an hu méi eng kleng Stammwielerschaft. Si ginn am Moment méiglecherweis haaptsächlech vun Idealiste gewielt, aus der gehuewener Mëttelschicht, mat héijem Schoulofschloss. Vun deenen, déi et sech erlabe kënnen, méi wäit an d‘Zukunft ze denken. Fir anerer, déi grad mat hirer eegener Situatioun staark beschäftegt sinn, gëllen déi gréng an dësem Hierscht 2023 als eng Gefor. Nach méi Stau? Nach méi héich Spritpräisser ? Méi eng staark Reguléierung vum Immobiliësecteur?

Kee grousse Rechtsruck

Eng Majoritéit vun de Wiesselwieler huet an deem Kontext dës Kéier méi traditionell gewielt. D‘Etude vun der Uni.lu, déi an den nächste Méint realiséiert gëtt, liwwert méiglecherweis Erklärungen, wéi d‘Wiesselwieler 2018 gewielt hunn, a wéi se sech dës Kéier verdeelt hunn. E grousse Rietsruck wäert wuel kaum dohannert stiechen. Déi Parteien, déi dës Kéier gestäerkt goufen, sollte sech net ze vill a Sécherheet spieren. Si musse wëssen, datt et d‘nächst Kéier nees ganz anescht ka goen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Logement
Mobilitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Noriichten