Chamberwahlen 2018 Kultur an de Wahlprogrammer

Wéi wëllen déi verschidde Parteien d'Kultur geréieren? Wéi eng Plaz huet d'Kultur bei de verschiddene Parteien an op wéi enge Sujete läit de Schwéierpunkt? Wat verstinn d'Parteien ënner dem vaste Begrëff Kultur? E Bléck an d'Wahlprogrammer.

Valerija Berdi / cbi

Analys Valerija Berdi
D'Valerija Berdi huet sech d'Kultur an de Wahlprogrammer ugekuckt.

déi Konservativ: Traditioune solle weiderliewen

Als eng "léif Kulturmetropol" wëllen déi Konservativ Lëtzebuerg an der Zukunft gesinn. Eng Zukunft, déi sech awer virun allem op d'Vergaangenheet baséiert. Traditiounen, Legenden a Bräich solle weiderliewen, eis Buergen, Schlässer, Kierchen, Grafstied a d'Ierfschaft aus der Kelten a Réimerzäit gehéieren ënner en éierbare Kultur- an Denkmalschutz, soen déi Konservativ.

Am Wahlprogramm steet eng Oplëschtung vun alle méigleche Konschtrichtungen, déi verstäerkt gefërdert, ënnerstëtzt a vermaart misste ginn: "D'Rockhal, d'Kulturfabrik, d'Philharmonie, de groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg, d'Rotonden, d'Jugendhaiser asw., sinn ideal Plaze fir all Stil vu Kulturprogramm", esou déi ofschléissend Erkenntnis.

déi Lénk: Kultur als Staatszil an der Verfassung

An d'Geschicht ginn och déi Lenk kulturpolitesch an hirem Wahlprogramm. Net esou wäit wéi déi Konservativ, mee dofir zéie si de Bilan vun der Kulturpolitik vun der aktueller Regierung, virun allem der DP, déi am Ufank "wie ein Elefant im Porzellanladen herumpolterte". Weider heescht et "die Ernennung des Premierministers zum Kulturminister, mit dem Kultur- und Selbstverständnis eines Renaissancefürsten, hat nicht zu einer Besserung beigetragen."

Da ginn déi Lenk awer konkret an nennen d'Saach beim Numm: Si plangen d'Grënnung vun enger Konschthéichschoul, d'Aschreiwe vun der Kultur als Staatszil an d'Verfassung, eng Erëm-Aféierung vun engem Congé culturel, d'Iwwerwaachung vum Anhale vun der Investitiounsregel vun engem Prozent a Kulturgéigestänn fir ëffentlech Ariichtungen an d'Zoumaache vum Freeport. déi Lénk schwätzen och dovunner, datt d'Literatur, genee wéi d'Lëtzebuerger Musek, an den Enseignement agebonne soll ginn. Där Meenung ass och d'CSV.

déi Gréng: Méi Präsenz vu Fraen

Grad wéi déi Lénk plädéieren déi gréng fir d'Präsenz vu Fraen an der Kultur. déi gréng wëllen d'Fraen an der Kultur "sichtbar" maachen. Fir déi gréng geet dat vun der Konscht, déi vu Frae geschafe gëtt, bis zu wichtege Posten a kulturellen Ariichtungen an Institutiounen.

Bei déi gréng sinn Esch 2022, de Kulturentwécklungsplang an d'Kulturassisen e relevant Thema, wéi bei der Majoritéit vun den anere Parteien och. Den Denkmalschutz, d'Digitaliséierung an den Archivage sinn och Themen am grénge Wahlprogramm. E Congé culturel wëllen déi gréng iwwerdeems iwwerdenken.

LSAP: Kulturfërderung nei ausriichten

Stäerken a Fërdere sinn net just bei de Grénge beléifte Wierder am Bezuch op de Kulturprogramm. D'LSAP wëllt d'Kulturfërderung nei ausriichten, "Fördersysteme" upassen a gesäit d'Kulturfërderung net just als Subventionéierung, mee als Investitioun an d'Zukunft.

En Zesummeschaffen tëschent de Gemengen an dem Staat, tëschent de Konschtschafenden an den Institutiounen, Participatioun, Kreatioun vun enger nationaler Agence fir kreativ a kulturell Beruffer a Vereenegunge si bei der LSAP Programm, a si wëllt Kënschtlerinnen a Kënschtler an d'Vermëttlung vun der Kultur an de Mëttelpunkt vun der Kulturpolitik stellen.

"Kultur für alle", seet d'LSAP. "Kultur für alle", seet och d'KPL, "Konscht fir Jiddereen" schreift d'ADR. "Kulturelle Teilhabe für alle", mengt d'DP. "Kultur für alle", en emanzipatoresche Slogan aus de 70er Joren.

CSV: Statut vum Kënschtler iwwerschaffen

Ënnerstëtzung vun der Filmindustrie ass e weidere Punkt, dee sech bal all Parteien deelen, sou och d'CSV, déi d'Gesetz iwwer den Statut vum Kënschtler iwwerschaffe wëllt an eng "Anschubfinanzierung"vu professionelle jonke Kreativen anzeféiere versprécht.

D'Lëtzebuerger Sprooch ass och ëmmer erëm ënner dem Kapitel Kultur ze fannen, sou wëllt d'CSV aus Lëtzebuerg net just eng Kulturnatioun maachen, mee och eng "Charta der luxemburgischen Sprache" ausschaffen.

ADR: Historesche Patrimoine erhalen

D'ADR erënnert drun, datt d'Zäitzeien aus dem Zweete Weltkrich ëmmer méi rar ginn a wëllt d'Erënnerung un d'Schrecke vun der Nazi-Occupatioun an de Widderstand vun de Lëtzebuerger "wakereg halen". D'Erhale vum historesche Patrimoine ass e relevante Punkt am Wahlprogramm vun der ADR, awer och d'Aféiere vun engem Kulturpass fir all Resident an dat ze engem verstännege Präis.

KPL: Zougang zu kulturellen Institutioune fërderen

Den antifaschistesche Widderstand wëllt d'KPL verstäerkt an d'Bewosstsinn réckelen an d'Erhale vu spezifesch lëtzebuergescher Kultur läit hir um Häerz. Den Zougang zu kulturellen Institutiounen a Manifestatioune fir all Bierger wëllt d'Kommunistesch Partei villschichteg fërderen.

Piraten: Meenungsfräiheet ass eng Viraussetzung

Fir d'Piraten ass d'Meenungsfräiheet d'Viraussetzung fir fräi Konscht a wëllt Konschtfräiheet, soulaang se net géint Gesetz verstéisst, virun der Zensur vum Staat schützen. Weider plangen d'Piraten eng "gemeinsam Konscht-Marque", also eng Zort Marque nationale fir Kënschtler anzeféieren, fir datt si international méi einfach zesumme kënnen optrieden.

E-Books solle steierrechtlech mat Pabeierbicher gläichgestallt ginn an d'Pirate wëllen och Veräiner besser ënnerstëtzen a Lëtzebuergesch als Sprooch an der Verfassung verankeren.

DP: Kulturell Diversitéit a Wäertschätzung vu Kulturschafenden

Fërderung vun der kultureller Diversitéit an d'Wäertschätze vun de Kulturschafenden an hire Wierker sinn déi zentral Piliere vun der Kulturpolitik, schreift d'DP an hirem Wahlprogramm. D'Demokratesch Partei deelt mat den anere Parteien d'Wäertschätze vu kulturellem Patrimoine, Digitaliséierung Integratioun duerch Kultur a gratis Musekscoursen.

A si wëllt, nieft engem Bicherbus, d'Villa Louvigny, dat aalt Gebai vun der Nationalbibliothéik an eidel Flächë fir kulturell Zwecker benotzen. Esch 2022, de Kulturentwécklungsplang an d'Kulturassisë si fir d'DP konsequent ëmzesetzen.

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber Analys
Chamberwahlen 2018

D'Europäesch Unioun stécht an enger politescher Kris. Am Wahlkampf zu Lëtzebuerg spillt europäesch Politik bis elo keng grouss Roll. Wéi positionéiere sech d'Parteie virun de Wahlen zu der EU?

Guy Rewenig a Nathalie Ronvaux.
Chamberwahlen 2018

D'Kulturpolitik vun dëser Regierung wier en eenzege Fiasko, seet de Guy Rewenig. D'Nathalie Ronvaux mengt, datt d'Politik sech aus inhaltleche Saache soll eraushalen. Kultur géif vu Politiker benotzt ginn.

Serge Kesseler Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi wëllen déi verschidde Parteien d'Wirtschaft weiderentwéckelen an de Standuert Lëtzebuerg diversifizéieren? Wéi eng Secteure sollen an Zukunft hei am Land méi eng grouss Roll spillen?

Pia Oppel Analys
Chamberwahlen 2018

Lëtzebuerg respektéiert viraussiichtlech d'Klimaschutzziler fir 2020. Strukturell Reformen a Richtung Klimaneutralitéit feelen um Enn vun dëser Legislatur awer nach, mengt d'Pia Oppel an enger Analys.

Pia Oppel Analys
Chamberwahlen 2018

Zu Lëtzebuerg gouf et 2013 e schwaache Wirtschaftswuesstem an eng héich Inflatioun. Den ekonomesche Kontext huet awer séier changéiert. D'Regierung konnt sech dowéinst wirtschaftspolitesch op d'Unzéie vun neie Betriber an Aktivitéite konzentréieren.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen