Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien Organigramm beim Lëtzebuerger Wort

Medien

Neien Organigramm beim Lëtzebuerger Wort

auto_stories

1 min

Ee Mount nodeems de Jean-Lou Siweck als Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort ofgesat gouf, ginn et 100,7-Informatiounen no weider personell Ännerungen an de Redaktioune vun der gréisster Dageszeitung.

De Pierre Leyers ersetzt d'Linda Cortey als Chef vun der Wirtschaftsredaktioun. D'Linda Cortey gëtt responsabel fir de franséischsproochege Wort Online.

D'Kulturredaktioun gëtt an Zukunft vun der Vesna Andonovic a vum Marc Thill geleet. Déi aktuell Kultur-Cheffin Marie-Laure Rolland gëtt responsabel fir d'Bäilag "Die Warte".

De Verwaltungsrot vum Grupp Saint-Paul huet virun engem Mount decidéiert, d'Wort nees politesch "Mëtt-Riets" ze positionéieren. Donieft wënscht de Conseil sech gutt informéierte Sourcen no e manner kritesche Wirtschaftsjournalismus. De Conseil huet nom Depart vum Jean-Lou Siweck de Roland Arens zum neie Chefredakter gemaach.