Radioen

On air

Notturno  |  Moulamage - Printer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg konnt wahrscheinlech keng Uspréch stellen"

Fluchrechter vum Qatar

"Lëtzebuerg konnt wahrscheinlech keng Uspréch stellen"

Seng onlimitéiert Landerechter krut de Qatar am Kader vum Verkaf vun engem Drëttel vun der Cargolux u Qatar Airways, seet de Minister Bausch. D'Fro, wat Lëtzebuerg dovun hat an huet, bleift ouni Äntwert.

auto_stories

2 min

Den Infrastrukturminister François Bausch

Den Infrastrukturminister François Bausch (Déi Gréng) seet op en Neits, datt hien dem Qatar seng onlimitéiert Fluchrechter via Lëtzebuerg net einfach esou ewech huele kéint. Qatar Airways géif um Findel tëschelanden, op Basis vun engem Kontrakt, dee vun der Regierung vu virdrun ausgehandelt gouf. Dat kéint hien elo net méi änneren.

Wéi e Virdeel fir Lëtzebuerg?

Op d'Fro, wéi eng Géigeleeschtung Lëtzebuerg ënnert der deemooleger CSV-LSAP-Regierung fir den Accord mam Qatar krut, gëtt de Minister keng konkret Äntwert. Dat wier am Joer 2011 ausgehandelt ginn am Kader vun der Entrée vu Qatar Airways an d'Aktionariat vun der Cargolux.

Wéi d'Airline aus dem Golfstaat hir Cargolux-Parten ee Joer drop am Sträit nees verkaf huet, wiere "bal all d'Acteure" sech eens gewiescht "all Efforten ze maachen", fir datt Qatar Airways sollt kënne weider um Findel landen.

Firwat keng limitéiert Unzuel u Landerechter?

"Ech war deemools jo net dobäi, mä ech kann awer novollzéien, datt ee bei där schwiereger Situatioun net vill Uspréch konnt stellen", esou de Minister.

De fréiere Cargolux-Direktiounsmember Robert Van de Weg sot um Mëttwoch op der Antenn vum radio 100,7, d'Fluchrechter kéinte fir de Qatar e Wäert vun dosende Milliounen hunn.

Verweis op EU-Niveau

De Minister erwaart sech eegenen Aussoen no vill vun de Verhandlungen, déi d'EU-Kommissioun ënnert anerem mat de Golfstaate féiert fir déi selwecht Maartkonditioune fir jiddereen ze schafen. Wa sech dobäi géif erausschielen, datt Qatar Airways deloyal Konkurrenz mécht, kéint de Staat dem Qatar Fluchrechter ewech huelen. Dat dierft dann awer net arbiträr sinn.

Lëtzebuerg hätt iwwerdeems vill wäitreechend Accorden iwwer Fluchrechter mat Drëttstaaten, zum Beispill mam Kuwait, mat afrikaneschen a lateinamerikanesche Länner. Dat sinn allerdéngs Länner, anescht wéi Qatar, déi wéinst hirem Frachtmarché interessant fir d'Cargolux sinn oder an deene keng grouss Cargolux-Konkurrenten hire Sëtz hunn.

François Bauschplay_arrow