Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaardebau, Kultur a Klimawandel

Gaardebauausstellung

Gaardebau, Kultur a Klimawandel

D'Gaardebauausstellung LUGA ass keng Blumenausstellung. Am Mëttelpunkt stinn d'Natur mat der Biodiversitéit, déi sozial Dimensioun mat de Gemeinschaftsgäert, d'Natur an d'Kultur, grad wéi d'Natur an déi urban Entwécklung. 100 Vertrieder vun interesséierten Organisatiounen an Associatioune kruten d'LUGA2023 vun der Stad Lëtzebuerg an dem Landwirtschaftsministère virgestallt.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview mat der Christiane Mangen lauschterenplay_arrow


D'LUGA riicht sech un de breede Public, un all Privatleit, mee och un Organisatiounen a Gesellschaften. Nieft dem Secteur vum Gaardebau goufen d'OAI, den Ordre des architectes et ingénieurs conseil, grad wéi ONGen, Schoulen a kulturell Institutiounen ugeschriwwe fir bei der LUGA 2023 matzeschaffen, seet d'Christiane Mangen vum Landwirtschaftsministère a responsabel fir d'LUGA2023.

Véier Zone fir d'Gaardeschau

D'LUGA, d'Lëtzebuerger Gaardeshow, wäert a véier Zonen an der Stad Lëtzebuerg stattfannen, am Péitrussdall, am Park Pescatore, an de Quartiere Gronn, Clausen, Pafendall an um Kierchbierger Plateau.

D'LUGA 2023 gëtt op Ufro vun der Fédération horticole organiséiert. Et ass ënner anerem d'Zil, d'Landwirtschaft an de Beruff vum Gaardebau ze promovéieren, mee och de Leit méi no ze bréngen a sech dofir ze interesséieren, wéi de Gaardebau funktionéiert, esou d'Christiane Mangen.

D'Ekologie am urbane Raum

D'LUGA2023 thematiséiert de Klimawandel an de Verloscht u Biodiversitéit, seet d'Christine Mangen:

"Mir wëlle mat der Gaardeschau den ekologeschen urbane Milieu erëm en Valeur setze fir de Leit ze weisen, wat kann ech an engem Gaart planzen, wéi kënne mer d'Gebaier an Zukunft gestalten, datt se manner CO2 ausstoussen. Iwwerall do wou et méiglech ass, soll bei der LUGA2023 kee Pestizid agesat ginn. D'Ekonomie circulaire ass och ee grousst d'Thema."

Kulturell Projeten

D'Organisateure vun der LUGA wëlle weiderhin d'Natur mat der Kultur associéieren an no dobaussen een aneren Image ubidde fir méi Touristen unzezéien.

"Mir wëllen d'Land vun enger anerer Säit weise wéi et normalerweis am Ausland bekannt ass", esou d'Christiane Mangen.

"All déi Projete wärend der LUGA solle perenniséiert ginn. Wat wichteg ass, ass datt et an de Käpp vun de Leit hänke bleift. Datt et de Kanner, Jugendlechen an Erwuessene reell eppes bréngt, an datt si dono soen: ech wëll mech selwer aktiv bedeelegen, fir datt mer méi Gréngs an d'Stad erakréien, fir datt mer och méi erëm an dee Beruff eraginn an datt mer effektiv Deel huelen un der Reduzéierung vum Klimawandel".

Fir méi Informatiounen: www.LUGA2023.lu