Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sti virun engem kulturelle Wiessel"

Chamberwahlen 2018

"Mir sti virun engem kulturelle Wiessel"

Lëtzebuerg géif et gutt goen no fënnef Joer blo-rout-gréng - doriwwer si sech d'Blanche Weber, de Rolf Tarrach, den André Roeltgen an de Michel Wurth eens. Dat heescht awer net, datt déi nächst Regierung net virun Erausfuerderunge géif stoen. Am Géigendeel.

auto_stories

4 min

Michel Wurth, Blanche Weber, André Roeltgen, Rolf Tarrach

De fréieren Direkter vun der Uni Lëtzebuerg, Rolf Tarrach, stellt der blo-rout-grénger Regierung eng gutt Nott aus, mat 8 vun 10 Punkten. Déi dräi Parteien hätten et hikritt, zesummenzeschaffen an dat wier "scho vill". Doriwwer eraus wier dat globaalt Resultat aus de leschte fënnef Joer gutt.

De Rolf Tarrach ass der Meenung, datt aktuell de gréisste Problem vu Lëtzebuerg dee wier, datt d'Land keng akut Problemer hätt - déi géifen éischter an der Zukunft leien. "Et geet der Wirtschaft gutt, et gi keng Identitéitsproblemer, d'Schoul ass besser, wéi ëmmer gesot gëtt, d'Liewensqualitéit ass gutt, d'Auslänner si ganz zefridden hei. Global gesinn huet d'Regierung, denken ech, gutt geschafft", sou seng Ausso.

Gréng Ministeren: "Nach dat Allerbescht gemaach"

Dem Rolf Tarrach seng Feststellung gëtt awer net vu jiddwerengem an der Ronn gedeelt, virun allem net vun der Presidentin vum Mouvement écologique. D'Blanche Weber ass der Meenung, datt Lëtzebuerg viru grousse Verännerunge steet. "Mir sti virun engem kulturelle Wiessel, mir mussen iwwerleeë wéi mir muer wëlle liewen, dat ass een extremen Challenge", sou d'Blanche Weber.

Fir si ass et wichteg, datt "d'Leitplanke vum Planéit agehale ginn". Aktuell wier d'Land net zukunftsfäeg, well de Klimawandel net seriö genuch bekämpft géif ginn, a well d'Gesellschaft gespléckt wier - tëscht Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, an tëschent Aarm a Räich. Dës Problemer misst déi nächst Regierung ugoen, well an dëser Legislatur wier dat net wierklech geschitt. "Ech mengen, datt eis gréng Ministeren nach dat Allerbescht gemaach hunn, well si iwwerhaapt emol de Problem op den Ordre du jour gesat hunn. Mee et ass awer keng Integratioun an déi aner Politike geschitt, sou wéi mir et fir néideg gesi fir d'Zukunftsfäegkeet ze erhalen".

Robotersteier: "Net am Alleingang"

De Michel Wurth, President vum Patronatsverband UEL, seet, dee gréisste Merite vu blo-rout-gréng wier et, ee Wiessel agelaut ze hunn. Kloer wier awer och, datt dës Regierung "immens Chance hat". Well d'Wirtschaft besser gelaf wier, wéi ugangs ugeholl, hätt d'Regierung vill Spillraum gehat fir ze investéieren, an deen hätt si och genotzt.

D'Zukunft läit dem Michel Wurth no an enger neier Aarbechtswelt, déi gepräägt ass vun der Digitaliséierung an der Optimiséierung vun der Produktivitéit. D'Iddi, déi zum Beispill eng LSAP an hirem Wahlprogramm stoen huet, d'Produktivitéitsgewënner, déi duerch Roboteren entstinn, ze besteieren, gefält dem Michel Wurth awer net. "Wann dat eng weltwäit Approche wier, oder eng OECD-Approche, da soll een dat maachen. Mee wa mir awer am Alleingang ginn, da geet et net".

Kritesch ass hien och géintiwwer de Propose vun déi Lénk an LSAP fir d'Aarbechtszäit ze reduzéieren. Dat wier eng "Heresie", seet de Michel Wurth. "Politik ass och eng Saach vu Choix. Jiddweree leit hei zu Lëtzebuerg um Stau an um Blockage. Wa mir d'Aarbechtszäit verkierzen, da musse mir nach méi Leit erakréien, da kréie mir nach méi Stau a mir kréien nach méi Wunnengsnout".

Déi falsch (Steier)politik

Eng weider Reduktioun vun der Betribsbesteierung, sou wéi d'CSV an d'DP se an hire Wahlprogrammer proposéieren, wier fir déi nächst Jore wichteg, sou de Michel Wurth. D'Betriber géife vill fir de Wuelstand vum Land an d'Sécherheet vun de Sozialsystemer bäidroen.

Guer net domat averstanen ass den OGBL-President André Roeltgen. Well de Staat da manner Sue géif erakréien, géif de Sozialstaat méi schwaach ginn. Déi Tendenz wier europawäit ze gesinn a si wier geféierlech. "Et ginn haut vill ze wéineg ëffentlech Investitioune gemaach an d'Sozialsystemer ginn ofgebaut. Firwat? Ma well d'Staaten net méi genuch Geld hunn. A firwat hu si net méi genuch Geld? Well d'Geld an déi falsch Richtung gaangen ass. Déi falsch Politik, dat ass ee permanent Erofsetze vun de Betribsbesteierungen."

Keng (offensichtlech) Sich no Alliéierten

Grondsätzlech ass den André Roeltgen zefridde mat der Leeschtung vu blo-rout-gréng. Och hie verdeelt, wéi de Rolf Tarrach, 8 vun 10 Punkten un d'Dräierkoalitioun. De Michel Wurth an d'Blanche Weber wollte keng Nott verginn, hunn der Regierung awer ee "Genügend" zougesprach.

Och wann d'DP wéi och d'CSV am Wahlkampf eng Reduktioun vun der Betribsbesteierung proposéieren, géif dat net heeschen, datt CSV-DP seng Favoritte-Koalitioun wier, sot nach de Michel Wurth op Nofro hin. D'UEL géif versiche mat all de politesche Kräfte konstruktiv ze schaffen.

Och den OGBL géif sech mat deem Programm auserneesetzen, deen déi zukünfteg Regierung géif proposéieren, an da seng eegen Agenda suivéieren. Ob een Alliéierte wéi eng LSAP dobäi wier oder net, géif keng Roll spillen, sot den André Roeltgen.