USA Schéisserei op Museksfestival zu Las Vegas

Géint 22 Auer lokal Zäit huet um Museksfestival "Route 91 Harvest" zu Las Vegas e Mann aus dem 32. Stack vun engem Hotel op d'Spectateure geschoss. De Bilan vu den Doudesaffer geet ëmmer weider an d'Luucht. Rieds geet bis ewell vun op d'Mannst 58 Doudegen a méi wéi 500 Blesséierten. D'Terrormiliz Islamesche Staat huet d'Dot revendiquéiert, dem FBI no géif et dofir awer nach keng Beweiser. Den USA-Korrespondent vum radio 100,7, Philip Crowther, huet en Iwwerbléck iwwert d'Situatioun ginn.

Paule Rodesch

Donald Trump
Donald Trump - Statement am Wäissen Haus zu Washington no Schéisserei zu Las Vegas - 2.Oktober (© Foto: dpa / Mike Theiler)

Auteur vun der Attack war de 64 Joer alen Amerikaner, huet de Sheriff vu Las Vegas matgedeelt. De Stephen Paddock soll an der Ëmgéigend vun der Metropol fir d'Glécksspill gewunnt hunn. Obschonns d'Terrormiliz Islamesche Staat d'Dot duerno fir sech revendiquéiert huet, géif et nach keng Beweiser dofir, mellt den FBI.

D'Enquêteure ginn dovun aus, datt hien eleng gehandelt huet. Weider soll hien och keen extremisteschen Hannergrond gehat hunn. Bei sech am Hotelszëmmer am Mandalay Bay Resort hat de Mann op d'Mannst zéng Waffen, hat d'Police gemellt. Dëst Zëmmer soll hie schonn eng véier Deeg virun der Dot gelount hunn.

Bilan vun den Doudesaffer kéint weider klammen

Aus deem Zëmmer, um 32. Stack vum Hotel, dee just iwwert der Plaz vun deem Country-Museksfestival läit, huet den Täter während véier bis fënnef Minutten an d'Leit geschoss. Éischten Erkenntnisser no, hätt hien eng automatesch Waff, eventuell e Maschinnegewier, benotzt.

30.000 Leit waren deen Ament um Terrain vum Evenement präsent. Vill vun deene Blesséierte schwiewen a Liewensgefor, de Bilan vun den Doudesaffer kéint nach weider klammen. Nach éier d'Police hie konnt stellen, huet de Mann sech selwer d'Liewe geholl.

"Mir si vereent an Trauregkeet, Schock an Trauer"

Et ass déi déidlechst Masseschéisserei an der moderner Geschicht vun den USA. Virun engem Joer, den 12. Juni 2016, gouf et eng Schéisserei zu Orlando an enger Diskothéik, do waren 49 Mënschen ëm d'Liewe komm. Dee Bilan gouf haut nach eemol iwwerschratt.

Den US-President Donald Trump huet am Nomëtteg eiser Zäit am Wäissen Haus reagéiert. Et war déi éischte Kéier, datt hien als President vun de Vereenegte Staaten eng Ried fir d'Natioun no enger Masseschéisserei huet missten halen. Hien huet d'Dot als eng "ganz béis" bezeechent. Weider huet hien d'Leit dozou opgeruff, zesummen ze bieden an ze probéieren, Unitéit am Land ze schafen.

"A Momenter vun der Tragedie an dem Horror kënnt Amerika zesummen als Eent, dat huet et nach ëmmer gemaach. Eis Unitéit kann net gebrach ginn duerch dat Béist oder duerch Gewalt."

Den Donald Trump huet ordonnéiert datt uechter d'Land d'Fändelen op Hallefmast gesat ginn. E Mëttwoch géif hien op Las Vegas reesen, fir en Iwwerbléck iwwert d'Situatioun ze kréien, mat der Police an de Rettungsdéngschter ze schwätzen an d'Famille vun den Affer ze gesinn.

Waffegesetz nees a Fro gestallt

Den US-President huet sech a senger Ried net zum amerikanesche Waffegesetz geäussert. D'Demokraten haten eng Diskussioun iwwert dëst Gesetz gefuerdert, well et am US-Bundesstaat Nevada, an deem dës Masseschéisserei geschitt ass, immens einfach wier, fir u Waffen ze kommen. Doriwwer wäert an den nächsten Deeg wuel vill debattéiert ginn.

Et bleift ofzewaarden, wéi den Donald Trump dorop reagéiert. Am Wahlkampf fir de Presidenteposten huet hien sech fir méi labber Waffegesetzer agesat a gouf och vun der NRA; der "National Rifle Association" ënnerstëtzt.

Philip Crowther

Méi zum Thema

Camp für IS Familienangehörige
Irak a Syrien

An der irakescher Stad Mossul ass d'Al-Nuri Moschee eruewert ginn. Den irakesche Premier huet doropshin ugekënnegt, datt den auto-proklaméierte Kalifat vum Grupp Islamesche Staat um Enn wier.

Fräiwellëger hu fir näischt waarmt Gedrénks verdeelt
Kanada

Sechs Mënsche ware bei enger Schéisserei an enger Moschee an der Stad Québec Quebec gestuerwen. An der Nuecht hu sech honnerte Leit versammelt fir hir Solidaritéit mat der moslemescher Communautéit ze weisen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen