Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Skandal ass net gläich Skandal

LuxLeaks a Staatstrojaner

Skandal ass net gläich Skandal

Symbolesch fir déi politesch Brisanz vun den Aussoen am LuxLeaks-Prozess ass déi, datt PWC d'Steierrulingen huet dierfen op Bréifpabeier vun der Steierverwaltung ausdrécken, fir Zäit ze gewannen. Mä well déi véier grouss Chamberparteien an esou Froen an engem Boot sëtzen, ass dat alles gréisstendeels onkommentéiert bliwwen. Skandal ass zu Lëtzebuerg eben net gläich Skandal.

auto_stories

3 min

Jean-Claude Franck

Am LuxLeaks-Prozess ass e presuméierten enormen Outsourcing vu staatlechen Aufgaben an Obligatioune bekannt ginn. Den Ugekloten a fréiere PWC-Mataarbechter Raphaël Halet huet eng Steierverwaltung beschriwwen, déi PWC blann vertraut huet, an déi op d'Aarbecht vun där privater Firma zréckgegraff huet, wéi wann et ee staatleche Service wier. Och d'Enquête, wéi d'Informatioune spéider bei PWC geklaut a geleaked goufen, huet ee léiwer PWC selwer iwwerlooss.

Dat ass politesche Sprengstoff: wéi soll de Staat d'Rulingen op déi Manéier onofhängeg kontrolléieren an accordéieren? A wéi kann de Staat mat esou engem System d'Steiergerechtegkeet garantéieren? All Bierger ass gläich virum Gesetz, mä wann en ee vun de Big Four als Steierberoder huet, ass e méi gläich wéi anerer, oder?

Lethargie vun de grousse Parteien

En anert aktuellt Beispill: wéi mer dat d'lescht Woch gemellt hunn, benotzt de Geheimdéngscht zënter fënnef Joer Staatstrojaner. D'Benotze vun intrusiven Iwwerwaachungsmesuren u sech ass net de Skandal. De Problem ass vill méi, datt déi véier grouss Parteien, déi als eenzeg an der SREL-Kontrollkommissioun vertruede sinn, zënter 2011 wëssen, datt Trojaner benotzt ginn. An datt déi legal Basis dënn ass, vläicht souguer ze dënn.

E Skandal ass et och, well déi véier Parteie sech 2013 eens waren, datt de SREL endlech misst besser kontrolléiert ginn, an datt si dono a punkto Trojaner nees an d'Lethargie, Gläichgëltegkeet a blannt Vertraue verfall sinn.

D'Chamber als Kontrollinstanz versot

Trotzdem gëtt et keng ëffentlech Debatt iwwer déi zwou Affairen. Dat läit ënnert anerem dodrun, datt d'Chamber et regelméisseg verpasst, fir fir Opklärung ze suergen a fir hirer Roll als Kontrollinstanz vum Exekutiv gerecht ze gëtt.

En Dënschdeg, bal zwee Méint no den Aussoen am Prozess, hunn Déi Lénk eng parlamentaresch Fro iwwert de Sujet gestallt. Mä no den Aussoen am LuxLeaks-Prozess hätten d'Deputéiert déi fréier an aktuell Ministere missen héieren. Si hätte mat Nodrock misse klären, ob d'Informatioune vum Raphaël Halet stëmmen. A wa jo, wat den deemolege Finanzminister Frieden, den deemolege Premier Juncker an den Direkter vun der Steierverwaltung woussten? Wéi vill aner Consultingfirmaen hu vun deem System profitéiert, a wien dréit um Enn déi politesch Responsabilitéit dofir?

Politics Branding amplaz primitiv Partei-Logik

Datt mer dat vläicht ni gewuer ginn, läit wéi gesot un engem falsche Verstees-de-mech vun der Roll vun der Chamber. An et gëtt verstäerkt, wann déi véier grouss Parteien CSV, LSAP, DP an Déi Gréng an engem Boot sëtzen, sou wéi dat an der Steierpolitik, dem Nation Branding oder neierdéngs och dem Geheimdéngscht de Fall ass. An esou Situatiounen bleiwen am Parlament just nach déi Lénk an d'ADR fir richteg Oppositiounsaarbecht ze maachen, wat awer wéinst hire limitéierte Méiglechkeeten net evident ass.

Ëmsou méi wichteg ass et an esou Fäll, datt d'Press hirer Kontrollfunktioun gerecht gëtt, an datt och eng ausserparlamentaresch Dynamik entsteet. Mä virun allem mussen d'Parteie verstoen, datt si sollen hire Prinzipien trei bleiwen, déi si och an aneren Affairen héich gehalen hunn, amplaz just no primitiver Partei- a Wahlkampflogik ze fonctionnéieren. Dat wier eng Zort "Politics Branding", deen d'Politikverdrossenheet an de Populismus bekämpfe kéint.

Kommentar vum J-C Franckplay_arrow