Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Avantagë fir Stock Options ginn (nach) net ofgeschaf

Steierpolitik

Avantagë fir Stock Options ginn (nach) net ofgeschaf

Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass net bereet op d'Fuerderung vun der CSV anzegoen, an déi sougenannt Stock Options op den 1. Januar 2017 ofzeschafen. De Regime, mat deem Spëtzeverdénger hire Steiertaux reduzéiere kënnen, géif den Ament nach analyséiert ginn.

auto_stories

3 min

Fir Salairen, déi a Form vun enger Optioun op Aktien ausbezuelt ginn, gëlle steierlech Avantagen. De Regime kënnt an éischter Linn Spëtzeverdénger ze gutt. Dat wier "Unfug", sot den CSV-Deputéierte Gilles Roth géigeniwwer RTL. Dobäi sinn d'Stock Options 2002 ënnert der CSV agefouert ginn, an zwar iwwer eng Circulaire vun der Steierverwaltung.

D'Optioune ginn deemno zwar besteiert wéi een normale Revenu, also nom progressive Steierbarême, et gëtt dofir awer just 17,5 Prozent vun der Valeur vum Wäertpabeier consideréiert. Zënter 2012 ass de Regime iwwerdeems net méi op Participatiounen um eegene Betrib limitéiert a ka fir Optiounen op all Zorten Aktië benotzt ginn.

"Et gouf Abusen"

Den Ament wier net geplangt dorunner eppes ze änneren, seet d'DP-Deputéiert Joëlle Elvinger. De Finanzministère géif d'Steierpolitik awer "stänneg a Fro stellen": "A wann et do e Besoin gëtt ze legiferéieren, da wäerten se dat och sécher maachen."

Joëlle Elvinger (DP) play_arrow

De Finanzministère confirméiert op Nofro hinn, datt den Ament keng Ännnerung um Regime vun de Stock Options geplangt ass. D'Steierverwaltung huet uganks des Joers all d'Entreprisen, déi hiert Personal mat "Stock Options" remuneréieren, opgefuerdert, fir detailléiert Informatiounen iwwer déi concernéiert Montanten ze liwweren. Mat brauchbare Resultater vun deem Monitoring rechent een am Finanzministère fir Ufank 2017.

Dorobber verweist och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Et wier a sengen Aen awer kloer, datt et Abuse gouf. D'Zil wier vum Regime wier et gewiescht fir héich-qualifizéiert Aarbechtskräften aus dem Ausland mat Steieravantagen unzezéien. Wéi de radio 100,7 gemellt huet, ass dervun auszegoen, datt de Regime méi an anescht zum Asaz koum wéi uganks annoncéiert.

Käschtepunkt: 300 Milliounen Euro?

Ob d'Stock Options wierklech all Joer ee Steier-Ausfall vun 300 Milliounen Euro bedeiten, wéi de Gilles Roth dat bei RTL sot, misst een nach ofwaarden, esou de Franz Fayot. D'LSAP stéing steierlechen Extrawurschte fir Spëtzeverdénger prinzipiell kritesch géigeniwwer, mee éier ee sech zu de Stock Options positionéiert, wéilten d'Sozialisten elo ofwaarden, wat d'Zuele vun der Steierverwaltung weisen.

Franz Fayot (LSAP)play_arrow

Déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter wëll nach näischt zum Thema soen. Och si seet et misst een ofwaarden, wat d'Statistke vun der Steierverwaltung weisen.

Verfassungskonform?

De Gilles Roth huet am RTL-Interview och erwähnt, datt d'Stock Options just op enger Circulaire baséieren. Dat wier juristesch problematesch, well wahrscheinlech net konform zur Verfassung. De Franz Fayot vun der LSAP hält dat net fir ee grousse Problem, dat wier ee "juristesch-techneschen Aspekt".