Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëscht Afferroll a Precision Farming

Landwirtschaft

Tëscht Afferroll a Precision Farming

Eng schlecht Rekolt, niddereg Präisser an eng negativ Astellung - domat huet d'Landwirtschaft den Ament ze kämpfen, esou d'Josiane Willems. Si fuerdert méi Ënnerstëtzung vun der Regierung. D’Landwirtschaft soll als Wirtschaftssecteur gefërdert ginn an net just als Ëmweltfacteur gesi ginn.

auto_stories

3 min

D'Landwirtschaft géing sech net als Affer duerstellen, seet d'Josiane Willems

“Mir wieren eis, datt ëmmer ërem esou liicht mam Fanger op d’Landwirtschaft gewise gëtt”, seet d’Direktesch vun der Bauerenzentral. No den Iwwerschwemmungen am Ärenzdall wier direkt gesot ginn, d’Landwirtschaft wier Schold, et wier wéinst dem Maisubau gewiescht.

An engem Communiqué hat d’Baurenzentral op en Artikel am Lëtzebuerger Wort reagéiert an der Zeitung virgeworf, d’Landwirtschaft an e falscht Liicht ze setzen. Am Artikel wier en däitschen Expert zitéiert ginn, deen déi Lëtzebuerger Situatioun net géing kennen. Et misst endlech unerkannt ginn, datt d’Iwwerschwemmungen am Ärenzdall duerch massiv Reefäll verursaacht gi wären, esou d’Josiane Willems.

Net ëmmer op d’Landwirtschaft klappen

D’Bauerenzentral kritiséiert och Aussoe vum Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. De Jean-Paul Lickes hat no den Iwwerschwemmungen am 100,7 Interview gesot, datt nieft dem Klimawandel, extreme Wiederkonditiounen, der Versigelung vun de Biedem an der Urbanisatioun, och d’Verdichtung vum Buedem duerch d’Landwirtschaft eng Ursaach fir d'Iwwerschwemmunge wär. Fir d'Josiane Willems sinn och d’Zoubetonnéieren an d’Urbaniséiere Schold. An der Ëffentlechkeet géing awer just op d’Landwirtschaft geklappt ginn.

D’Direktesch vun der Bauerenzentral mengt net, datt d’Landwirtschaft sech als Affer duerstellt. D'Landwirtschaft hätt vill Efforte gemaach fir méi ëmweltfrëndlech ze sinn. Dat géing awer net unerkannt ginn.

"Eng Drëps op de waarme Steen”

Extrem niddereg Mëllech-Präisser mat engem Minus vu bal 40 Prozent an zwee Joer a staark Präissbaisse beim Schwéngefleesch géingen d’Baueren a grouss finanziell Enkpäss bréngen. Virun engem Mount hat de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen nieft europäeschen Hëllefe fir d’Baueren zousätzlech Finanzhëllefe versprach. Alles an allem soll de Secteur 1,1 Millioun Euro kréien.

“Dat geet net duer seet”, seet dozou d’Josiane Willems. Dernieft kritiséiert si, datt déi Hëllefen u Produktiounsreduktioune gebonne géifen. Dat wäre keng Kompenséierunge fir Produktiounsausfäll, mee Kompenséierunge fir eppes wat an Zukunft manner produzéiert gëtt. Zukunftsorientéiert Betriber vu jonke Baueren kéinte wahrscheinlech net vun deene Moossname profitéieren. Déi Hëllefe géinge wirtschaftlech net zum droe kommen.

Vill Problemer

Am Mee gouf no vill Hin an Hier dat neit Agrargesetz gestëmmt. Tëscht 2014 an 2020 wëll d’Regierung bis zu 350 Milliounen Euro an d’Landwirtschaft an an d’Entwécklung vum ländleche Raum investéieren. D’Agrargesetz géing net den Erausfuerderunge gerecht ginn, déi an den nächste Joren ze bewältege wären, esou d’Josiane Willems.

Et wäre Produktiounstechniken ënnerwee, bei deene Fuerschung verlaangt wär. Precison Farming wier am Trend. Deenen Defie géing d’Politik net gerecht ginn.

“Insgesamt brauche mir eng positiv Astellung zur Landwirtschaft. D’Landwirtschaft soll als Wirtschaftssecteur gefërdert ginn an net just als Ëmweltfacteur”. Fir d’Direktesch vun der Bauerenzentral misst d’Liewensmëttelversuergung weiderhin en Haaptzil vun der Politik sinn.

Och d'Rekolt wieren net profitabel. “Et gi bis zu 30% Pertë bei de Rekolten, déi bis elo eragefuer gi sinn”, seet d’Josiane Willems. Am Wäibau wär d’Situatioun wéinst dem sougenannte falsche Mehltau besonnesch schlecht. Dat géing zu grousse Perten am Rendement féieren. Och bei de Kären wieren d'Präisser schlecht. “D’Situatioun ass scho schwiereg, a gëtt nach méi schwiereg”, fäert d'Josiane Willems.