E groussen Deel vum Personal, dorënner all d'chefs de service, kritiséieren d'Manéier wéi den Direkter Paul Lesch d'Digitalisatioun an d'Zesummeleeë vun den Archive geréiert. Am November d'lescht Joer war am CNA eng Mediatiounsprozedur lancéiert ginn. Kuerz no der Verëffentlechung vun den 100,7-Informatiounen haten d'Mediateuren d'Handduch gehäit: si krute vu ville Membere vum Personal Parteilechkeet virgeworf.
Déi nei Kommissioun d'accompagnement besteet aus véier Vertrieder vum Kulturministère, engem Vertrieder aus der Fonction publique an engem aus dem Budgetsministère. Si sollen de CNA an all senge Missiounen, dorënner d'Reorganisatioun, déi zënter der Mediatioun op Äis louch, beroden a begleeden. D'Kommissioun kritt Abléck an all d'Dokumenter, déi de CNA betreffen, a kann och Aarbechtsgruppen asetzen.