Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déck Loft am CNA

100,7-Recherche

Déck Loft am CNA

Zanter fënnef Méint leeft am Centre national de l'audiovisuel eng Mediatiounsprozedur, fir intern Konflikter ëm eng geplangte Reorganisatioun ze reegelen. E groussen Deel vum Personal, dorënner all d'Chefs de service, kritiséieren d'Manéier, wéi den Direkter Paul Lesch d'Digitalisatioun an d'Zesummeleeë vun den Archive geréiert. Besonnesch kritiséiert gëtt e Grupp vun auslännesche Consultanten an eng "attachée à la direction", déi hie bei deem Prozess begleeden. Wéinst der Mediatioun huet d'Reorganisatioun vun der staatlecher Verwaltung missten op Äis geluecht ginn.

auto_stories

3 min

Zanter ongeféier zwee Joer huet sech d'Betribsklima am CNA ëmmer méi degradéiert. Dobäi war déi geplangte Reorganisatioun am Ufank vun deene meeschte Leit nach begréisst ginn, soe méi intern Sourcen. Mee déi positiv Stëmmung ass séier gekippt, an zwar wéinst der Aart a Weis, wéi d'Direktioun virgaangen ass.

Den 8. Juni d'lescht Joer hat sech e Grupp vu 24 vun am Ganzen ongeféier 40 CNA-Mataarbechter an engem Bréif un den Direkter Paul Lesch iwwer d'Situatioun beschwéiert. Ënner de Signatairen: all d'Responsables de Départements et de Services. Zanter der Nominatioun vun enger "Attachée à la direction" e Joer méi fréi géif ee sech "ëmmer méi an den Hannergrond gedréckt" fillen, heescht et am Bréif, deen eis virläit.

D'Personal fillt sech ëmgaangen

D'Expertise vum Personal géif ignoréiert an d'Hierarchie ëmgaange ginn. "Ouni Grond an ouni Argument" géife Leit Responsabilitéiten ewech geholl kréien, fälleg Decisioune géifen net méi geholl ginn, verschidde Mataarbechter a Mataarbechterinnen hätte prioritär nei Aufgabe proposéiert kritt.

Weider heescht et am Bréif:

"Mangel un Transparenz, en technokratesche Vocabulaire ouni konkrete Bezuch zu der Realitéit vum CNA, kontradiktoresch Aussoen an en inakzeptabelen empathie- a respektlosen Ëmgang vun den externe Consultante mat den Employéë vum Staat zeechnen am generellen den Iwwergang zum sougenannte 'CNA 2.0' aus."

Wéi aus dem Bréif ervir geet, haten d'Signatairë schonn am Juni d'lescht Joer op dat schwieregt Betribsklima higewisen:

"D'Konsequenz vun där ganzer Situatioun ass eng ëmmer méi grouss Demotivatioun vum Personal op allen Niveauen, bis hin zu psychologeschen a gesondheetleche Probleemer fir déi eng Interventioun vum Service psychosocial misst ugefrot ginn."

Kulturministesch gouf ageschalt

Well vum Direkter Paul Lesch keng Äntwert koum - an och bis haut net virläit - haten sech d'Signatairë vum Bréif Mëtt Juni d'lescht Joer un hir Ministre de tutelle, d'Kulturministesch Sam Tanson adresséiert. Déi hat d'Reorganisatioun doropshi wollte stoppen an de Service psychosocial aschalten, huet si eis confirméiert. Eng Mataarbechterin vum CNA huet missten ënner Schutz gestallt gi géintiwwer enger externer Aarbechtskraaft.

D'Reorganisatiounsaarbechte mat deene vum Ministère engagéierte Consultante goungen awer nach eng Zäit laang weider. An och d'Mediatioun, déi d'Ministesch virun der grousser Vakanz proposéiert hat, ass eréischt am November d'lescht Joer lancéiert ginn. Dozou d'Sam Tanson, déi mer op eis Recherchen ugeschwat hunn:

"Ech weess effektiv, datt et Leit ginn, déi leiden. Dat kann a soll net sinn op der Aarbecht. Dat musse mer ganz seriö huelen an dat maachen ech och. Dofir hu mer déi Mediatioun agesat."

Ofgesi vun der Belaaschtung, déi esou eng Prozedur souwisou scho fir all déi Bedeelegt bedeit, huet déi Mediatioun bis elo net gehollef fir déi intern Suergen ze berouegen. Eng Mediatrice kënnt aus Däitschland, hir Kommunikatioun mat de frankophone Mataarbechter muss iwwersat ginn.

Et fënnt quasi keng Kommunikatioun méi statt

Verschidde Mataarbechter, mat deene mer geschwat hunn, zweiwelen un der Neutralitéit vun de Mediateuren. Et ass de Virworf, datt den Anonymat vun de Gruppegespréicher net respektéiert géif ginn. Sam Tanson:

"Ech kann Iech elo net soen, wéi - Stand haut (9.3.2022, ndlr) - d'Situatioun ass. Ech hunn och positiv Echoe vun där Mediatioun kritt an ech ënnerstëtzen den Direkter an där Demarche, fir déi Mediatioun hei positiv op en Enn ze bréngen."

D'Signatairë vum Juni-Bréif fille sech ëmmer méi ënner Drock gesat. D'Kommunikatioun mam CNA-Direkter géif och praktesch net méi baussent de Mediatiouns-Seancen existéieren, krute mer vu méi Sourcë gesot. Den Direkter Paul Lesch war, op eis Nofro hin, net fir en Interview disponibel. Hie wëllt d'Enn vun der Mediatioun ofwaarden.

Dem Paul Lesch säi Mandat un der Spëtzt vum Centre national de l'audiovisuel leeft am Februar d'nächst Joer aus.