Radioen

On air

De Moien  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konscht fir jiddwereen an der Stad?

Kulturpolitik

Konscht fir jiddwereen an der Stad?

Wéi gesäit d'Kulturoffer an der Stad Lëtzebuerg aus? U wie riicht se sech? Wat kéint ee besser maachen? Eng Diskussiounsronn, op Invitatioun vun de Stater Gréngen, huet viru Kuerzem no Äntwerte gesicht.

auto_stories

5 min

Zwee Joer virun de Gemengewale versichen Déi Gréng an der Stad sech mam Theema Kultur ze positionéieren. Als Oppositiounspartei fält et natierlech méi einfach drop hinzeweisen, datt et an der Gemeng Lëtzebuerg kee Kulturentwécklungsplang gëtt, anescht ewéi dat zu Esch respektiv um nationale Plang de Fall ass.

D'Table ronde, de leschten Dënschdeg am Pafendaller Sang a Klang, huet doriwwer eraus Denkustéiss ginn, wéi een op Gemengenniveau Kulturpolitik kéint besser oder anescht maachen. Fir de professionelle Beräich kéint een Theaterberuffer méi bekannt maachen, zum Beispill an der Schoul, mengt d'Claire Wagner, Vizepresidentin vun der ASPRO:

"Wat sinn déi Beruffer? Wat huet een alles fir Méiglechkeeten? Wann een zum Beispill als Jonken Elektriker(in) wëllt ginn, denkt een net onbedéngt drun, datt een als Beliichter(in) ka weider maachen. D'Schoule spillen do eng grouss Roll. Et ass en éischte Schrëtt, datt ee kuckt: wéi kritt ee fréi vun deene Beruffer verzielt? Wéi kritt een dat esou duergestallt, datt et net eppes ass, wat wäit ewech oder onzougänglech wierkt?"

Kanner iwwer Kultur integréieren

Kulturpolitik an enger Gemeng muss virun allem emol Kanner a Jugendlecher fir Kultur begeeschteren, seet de Filmproduzent Paul Thiltges. De fréiere Matbegrënner vun der Escher Kulturfabrik leet d'Initiative Youth for Planet, an där Jonker animéiert ginn, fir mam Handy Filmer iwwer nohalteg Theemen ze dréinen:

"D'Kanner sollen einfach an d'Iwwerleeungen integréiert ginn. A mir sollen hinnen nolauschteren, si verziele loossen, an hinnen hëllefen, wa se Hëllef brauchen. Ech selwer kann nach ëmmer kee Film mat mengem Smartphone maachen. Awer Kanner maachen dat direkt, si wësse wéi dat geet. Dat eenzegt, wou een hinne muss hëllefen, ass hinne Froen ze stellen: wat geet dann net? Wat géifs du anescht oder besser maachen? Géi mol eraus a fro am Quartier no... Do entsteet eng Dynamik, an do entstinn dann och vläicht gréng Politiker vun der Zukunft."

Wéi zitt een e retizente Public un?

Wat den Diskussiounsowend gewisen huet: iwwer déi institutionell Kultur eraus brauch den associative Beräich nach méi Ënnerstëtzung. E Publik, dee mat Kultur net vill um Hutt huet, kann iwwer ASBLe mat abezu ginn, erkläert d'Antonia Ganeto vun der Associatioun Finkapé, déi sech fir Afro-Descendanten asetzt:

"Eis Leit, déi ginn net an den Theater. Wat hu mir gemaach? Mir hunn eng Rei Billjeeë kaf. Mir hunn d'Leit an der Entrée empfaangen, mir hunn hinnen d'Plaz gewisen, mir hunn hinnen d'Schauspiller virgestallt. A mir hoffen dann, datt si eng nächste Kéier de Wee eleng fannen. Et musse wierklech Vertrauenspersounen do sinn, déi d'Leit mathuelen. Si kommen vläicht net onbedéngt mat, well se wëllen en Theaterstéck kucke goen. Dat seet hinne vläicht näischt, si kennen et net, oder si soe ganz einfach: 'dat ass näischt fir eis'. A mir kënnen dann als Mediateur fungéieren."

Do sinn déi Responsabel vun der Gemeng gefuerdert. Dozou d'Direktesch vum Centre culturel Neimënster Ainhoa Achutegui:

"D'Coordination culturelle vun der Stad Lëtzebuerg ass extrem ënnerbesat, si sinn zu dräi oder zu véier. Dat ass net genuch fir all d'Associatiounen, déi et an der Stad gëtt, méi ze fërderen. Mir, als Institutiounen, kéinte Raimlechkeeten zur Verfügung stellen an och professionell matschaffen. Well mir hunn net hiren Knowhow, fir all d'Communautéite souwisou net."

De Manktem u Säll um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg ass awer net wierklech e Problem, gleeft een där Stëmm aus dem Publikum:

"Il y a des salles comme celle-ci (Sang a Klang, md), le centre culturel de Beggen, une magnifique salle à Hollerich, où j'ai déjà chanté... Il ya des salles partout qui sont... vides! Et qu'il faut dynamiser. Il ne faut pas chercher midi à quatorze heures, s'il vous plaît. Je suis épatée des ressources qu'il y a dans ce pays, des ressources qui sont mal utilisées."

Kultur am associative Beräich

Kultur an enger Gemeng, dat ass wäit méi wéi déi institutionell Offer, wéi dës Benevole vun der Associatioun Altrimenti weist:

"Est-ce que les gens se reconnaissent dans ces pratiques culturelles proposées? Nous, nous n'avons pas de programmation culturelle. Nous sommes un espace de coopération. Les gens viennent avec des idées, des propositions. On fait une programmation participative, conjointe. On montre des films, on organise des soirées conviviales préparées par les gens. L'espace, c'est déjà l'occasion d'une rencontre. De la rencontre naissent des choses. Donc pour nous, la culture, c'est faire des choses ensemble."

Associatioune spillen hei am Land och eng wichteg Roll am Beräich vu populäre Forme vun Danz a Musek. An och do schéngt et Handlungsbedarf ze ginn, wéi dësen Här aus dem Publikum erkläert:

"A Luxembourg, c'est le conservatoire qui domine l'enseignement musical. C'est très classique, c'est en effet pour les élites. Si on veut promouvoir la musique populaire, il faut trouver un mécanisme pour que ces cours soient mis à disposition de gens qui n'ont pas forcément les mêmes revenus, qui ne vont pas trouver au conservatoire les cours qu'ils cherchent, qui doivent chercher des cours privés beaucoup plus chers."

Kultur dezentraliséieren, déi Iddi huet de Moderator vun der Diskussiounsronn, de fréieren Direkter vun de Rotonden Robert Garcia, opgeworf:

"Do gëtt et jo a Frankräich den Trend vun den Tiers lieuxen, well se do natierlech manner Ressourcen hu fir richteg Lieuxen ze maachen. D'Grondiddi vum Tiers lieu ass déi: amplaz datt mir d'Leit an eis grouss Künstpaläste lackelen, gi mer bei d'Leit an d'Quartieren a bauen do Lieuen op, wou d'Leit net nëmmen zesumme komme fir en Theaterstéck oder e Film ze kucken. Mee wou se och selwer kënnen aktiv ginn, wou aner Komponente vun der Gesellschaft dra sinn, 'maisons de quartier', mat Ateliere fir Artisten, gemëschte Wunnforme fir jonk an al, fir eng gemëschte Populatiounen, mat Jugendtreff, asw."