Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch - e Lieu vu Connexiounen

Kultur

Esch - e Lieu vu Connexiounen

2017 huet den Escher Gemengerot den Escher Kulturentwécklungsplang eestëmmeg ugeholl. Nieft Esch Kulturhaaptstad 2022 soll d'Minett-Metropol als eng kulturell Plaz weiderentwéckelt ginn. Den Escher Kulturcoordinateur Ralph Waltmans, deen dëse Kulturentwécklungsplang mam Numm Connexion zesummegestallt huet, schwätzt iwwer déi konkret Ëmsetzung. E wichtege Schrack ass d'Grënnung vun der ASBL frEsch.

auto_stories

3 min

Et sinn dräi Gebaier, déi elo ënner der Gestioun vun der ASBL Fresch geféiert ginn. Do ass mol fir d'éischt d'Bridderhaus, et war dat éischt Escher Spidol. Geplangt war, et ofzerappen. Du koum d'Iddi e kulturelle Lieu doraus ze maachen, esou datt et protegéiert gouf. Elo gëtt eng Kënschtlerresidenz doraus, déi 2022 soll opgoen. 17 Kënschtler sollen am Laf vun engem Joer eng Residenz do kréien, seet de Raplh Waltmans. "Si riicht sech haaptsächlech u Kënschtler mi-Carrière, well mer eng Recherche lancéiert hunn. An der Groussregioun gëtt et dat ganz wéineg, meeschtens adresséiere sech déi Residenzen u jonk Kënschtler an do hu mer wierklech eng Nisch."

Dann den Espace Lavendier - Konschthal gëtt se genannt, e fréiert Miwwelgeschäft, dat d'Gemeng Esch elo kaf huet fir doraus eng Ausstellungsplaz ze maachen. An dann de Bâtiment IV, deen Arcelor Mittal gehéiert, war dat aalt Direktiounsgebai vun der Friche Schëffleng. Mat engem Subsid vu ronn 400.000 Euro géif een "d'Gebai un d'Rulle kréien".

Kreatioun ze ënnerstëtzen, déi kulturell Diversitéit an d'Kultur fërderen

En Tiers-Lieu wier eng Plaz, wou keng Programmatioun ass, mee wou op d'Iddie vun all de Benotzer opgebaut gëtt. Et hätt een och scho véier fix Benotzer. "Dat ass Hariko, e Projet vun der Croix-rouge, independent little lies, eisen Thetaerkollektiv fir hire Projet Biergerbühn an CUEVA, de bekannte Kollektiv ronderëm den Théid Johanns. Si lancéieren d'Haus mat 101 Këschtler. CELL an Transitioun Minett wäerten haaptsächlech Aktiounen am Ausseberäich starten, well nieft dem Gebai vu ronn 3.000 Quadratmerter gëtt et och nach en Ausseberäich vu ronn 5.000 Quadratmeter.

"D'Bridderhaus mécht seng Dieren op fir international Kënschtler. Nieft dem Art plastique huet Recherche, Literatur an och den Theater eng Plaz, esou de Ralph Waltmans. "D'Bridderhaus ass wierklech ganz grouss op fir international Kënschtler. Fir Art plastique, awer och Chercheuren, Schrëftsteller, Acteuren kënnen do eng Residence kréien."

D'Prioritéite vum Escher Kulturentwécklungsplang sinn d'Kreatioun ze ënnerstëtzen, déi kulturell Diversitéit an den Accès fir jiddwereen zu der Kultur fërderen, d'Méiglechkeet schafen, sech an der Kultur an duerch d'Kultur ze forméieren, déi ekonomesch Entwécklung duerch d'Kultur ënnerstëtzen an den Image vun Esch no baussen an no banne valoriséieren. Elo soll mat der Ëmsetzung vun de Projete vu FrEsch dës Prioritéite realiséiert ginn.

FrEsch soll komplementar sinn

"Mam Batiment IV gesäit ee wéi déi Strategie gräift. Si gëtt tangibel an et erlieft ee se. Well mam Batiment IV gëtt wierklech e Gebai vun de Connectiounen an d'Biergerbühn war eng Mesure Pilote am Kader vum Agenda 21 Kultur."

De Kulturentwécklungsplang a seng Realisatioun wier net zousätzlech zu Esch 2022, mee zousätzlech zum ganze Kulturentwécklungsplang. De Christian Mosar, fréieren artisteschen Direkter vun Esch 2022, ass elo artisteschen Direkter vun zwee vun den dräi Haiser.

"D'ASBL hält sech ganz aus der Programmatioun artistique eraus, dat ass eenzegaarteg, well dat festgehalen ass an engem Dokument, dat de 15. Mäerz 2019 vum Gemengerot votéiert gouf."

A wouhier kënnt den Numm?

FrEsch géif zum groussem Deel aus Politiker bestoen, déi dierften awer net beim Choix artistique mat decidéieren, do hätt den artisteschen Direkter fräi Hand", confirméiert de Ralph Waltmans." De Christian Mosar ass net den artisteschen Direkter vum Batiment IV, well do gëtt et eng ganz transversal Gouvernance.

"Esch -frech - engersäits well d'Escher bekannt sinn, datt si vun der Long op Zong sinn, et soll, wéi den Numm et seet och e bëssen humorvoll sinn, bëssen eppes Liichtes an esou schwéieren Zäiten, awer och wéi frësch, also e bësse frësche Wand mat der Kultur an en neien Opschwong fir Esch an de ganze Süden."