Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Far Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Literaturpräisser, e literaresche Labyrinth

LiteraturLabo

D'Literaturpräisser, e literaresche Labyrinth

Eng ganz Rëtsch Bicher goufen 2017 mat Präisser ausgezeechent. Wat ass vun de Präisser an de priméierte Bicher ze halen? Wat sinn aktuell Tendenzen an der Literatur? Am LiteraturLabo diskutéiert de Ian de Toffoli, Chercheur op der Uni Lëtzebuerg, mat de Journalistinnen Nathalie Bender a Valerija Berdi vum radio 100,7.

auto_stories

6 min

Wann ee sech déi franséisch Gewënner vun de bedeitende Literaturpräisser ukuckt, fält op, datt politesch an historesch Theme priméiert goufen, sou d'Nathalie Bender an der Introduktioun vum siwente LiberaturLabo. Gemengt sinn de Prix Goncourt, deen den Eric Vuillard mat sengem Buch "L'ordre du jour" gewonnen huet, an den Olivier Guez, dee mam Prix Renodaut fir "La Disparition de Josef Mengele" ausgezeechent gouf.

Dem Eric Vuillard säi Wierk gëtt als Récit betitelt. Et hätt fir vill Polemik a Frankräich gesuergt, erkläert de Ian de Toffoli. D'Buch ass bei Editions Actes Sud erauskomm, just deem Verlag, deen der neier franséischer Kulturministesch gehéiert. Dat schmuelt Band géif sech bal wéi ee Geschichtsbuch liesen, fënnt d'Nathalie Bender. A genee dat huet och op Kritik gestouss. "Et gëtt iergendwéi nach déi schwéierfälleg Traditioun a Frankräich, datt de Goncourt nach ëmmer Fiktioun misst sinn", sou de Ian de Toffoli. Virun allem wier d'Buch an der Press ënnert dem Chapeau "Contre l'oubli" beschwat ginn.

Et ass e faktuellt Buch, an deem een all déi Nimm aus der Welt vum Konsum begéint, déi deemools den Zweete Weltkrich finanziell erméiglecht hunn: Krupp, Opel, Siemens. Den Eric Vuillard beschreift a sengem Buch, wéi d'Industriell deemools dofir gesuergt hunn, datt et zu enger Annexioun vun Éisträich komm ass a beliicht d'Hannergrënn. D'Treffe vun de Groussindustrielle mam Hermann Göring a mam Adolf Hitler am Joer 1933, an hire Finanzement vun den Nationalsozialisten, ass d'Thema vun dësem Récit.

E wichtegt Thema, mengt d'Valerija Berdi. Et weist, datt Faschismus net just duerch déi "kleng" Leit, déi sougenannte "Mitläufer" méiglech gëtt. Si fënnt et gutt, datt de Vuillard op d'Manipulateuren hiweist.

Den Algerien-Krich an der Literatur

Iwwerhaapt schéngt et de Moment vum Opschaffe vun der Geschicht ze sinn: Nieft dem Zweete Weltkrich gëtt a Frankräich d'Kolonialzäit opgeschafft. Zwou Schrëftstellerinnen, déi sech mam Algerien-Krich befaasst hunn, sinn dëst Joer och Laureatinnen: Kaouther Adimi mat "Nos richesses" an Alice Zeniter mat "L'art de perdre".

D'Kaouther Adimi schreift iwwer den Edmond Charlot. Hien hat eng kleng Librairie zu Alger opgemaach, mam Zil, jonk Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen aus dem Mëttelmierraum bekannt ze maachen. Ee vun den deemools onbekannten Auteure war den Albert Camus. Parallel dozou erzielt d'Adimi d'Geschicht vum jonke Ryad, deen 2017 aus dëser aler Librairie déi verstëbste Bicher entsuerge soll, fir aus dem Bicherbuttek eng Zort Fastfood-Lokal ze maachen.

D'Nathalie Bender huet d'Geschicht immens beréierend erlieft. De Roman géif en immensen Abléck an d'Editiounswiesen zu Alger bidden a weisen, wéi de Charlot probéiert huet, op all méiglech Manéieren d'Literatur virunzebréngen.

Zweet Generatioun vun immigréierte Schrëftstellerinnen

An "L'art de perdre" erzielt d'Alice Zeniter d'Geschicht vun dräi Generatiounen a wéi si d'Zäit Krich an Algerien erlieft hunn. "Déi zwee Bicher si wäertvoll, fir sech e komplett Bild vun där Zäit ze maachen. Jidderee weess, datt et eng ganz grausam Zäit war fir d'Leit, déi do gelieft hunn. Awer kaum ee kennt Detailer, well d'Archiven nach net ganz op sinn", seet d'Nathalie Bender iwwert dës Bicher, déi mam Prix Goncourt des Lycéens, respektiv mam Prix Renaudot des Lycéens priméiert goufen.

E weidert franséischt Buch ass "Marx et la poupée" vum Maryam Madjidi, dat mam Goncourt du premier roman ausgezeechent ginn ass. D'Maryam Madjidi retracéiert net just hir Biographie, mä stellt sech och vill Froen doriwwer, wat et heescht an der Immigratioun ze wunnen a sech unzepassen.

Eng jonk Generatioun vu Schrëftstellerinnen, déi hir Wuerzelen an nordafrikanesche Länner oder am Iran hunn, gehéiert zu de wichtegste literaresche Stëmmen a Frankräich. "Et ass elo déi zweet Generatioun vun immigréierte Schrëftstellerinnen, a si si vill méi offensiv", seet d'Valerija Berdi.

Kontrovers Diskussioun iwwert Nobelpräis

De Robert Menasse ass fir säi Wierk "Die Hauptstadt" mam Däitsche Buchpreis ausgezeechent ginn. D'Geschicht, déi zu Bréissel spillt, an déi verschidde Ressorte vun der Europäescher Kommissioun thematiséiert, ass bei den dräi Laborante gutt ukomm. Och wann ee sech eens ass, datt dem Menasse säi Stil net grad elegant ass.

De Literaturnobelpräis huet fir eng kontrovers Diskussioun gesuergt. De Ian de Toffoli schwäermt virun allem vum Kazuo Ishiguro sengem leschte Wierk. Et wier dat komeschst, dat hie jee geschriwwen huet. E Fantasy-Roman an der postarthurianescher Zäit, wou d'Mënschen "d'Mémoire vun engem Goldfësch" hunn, an eng Koppel, déi sech op d'Sich no der Restauratioun vun der Memoire mécht. Et wier eng wonnerbar Geschicht a ganz touchant geschriwwen. Dat Touchant fënnt d'Valerija Berdi beim Ishiguro awer grad dacks nerveg. Hien hätt wéinst der emotionaler Kraaft a senge Wierker den Nobelpräis kritt, a genee dat wier heiansdo ze vill. Dat géif awer net heeschen, datt den Ishiguro keen exzellente Schrëftsteller ass. Wann ee scho vun Dystopie schwätzt, wier "The Handmais's Tale" vun der Margaret Atwood vill méi kraaftvoll a vill manner sentimental. An hire Wierder wär vill méi Energie. Déi kanadesch Schrëftstellerin gouf mam Däitsche Friddenspräis ausgezeechent.

Dem Ian de Toffoli säi Coup de Coeur schéngt awer dëst Joer de Yannick Haenel mat "Tiens ferme ta couronne" (Prix Médicis) ze sinn.

De Lëtzebuerger Buchpräis

"Telmo" vum Roland Meyer an "Aname" vum Charel Meder si mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn. "Telmo" an der Kategorie Kanner- a Jugendliteratur. Et wier awer e Buch fir Erwuessener, fënnt d'Nathalie Bender. Dem Roland Meyer seng Manéier ze schreiwen, wéi hie sech an d'Gedanke vum jonke Personnage eraversetzt, awer och wéi den Telmo déi Erwuesse gesäit, sinn d'Grënn, firwat d'Nathalie Bender dëse Roman genial fënnt. Dem Charel Meder säin "Aname" géif duerch de psychologeschen Déifgang an déi flott Sprooch begeeschteren. En plus geléngt him, d'Lieser duercherneen ze maachen, sou datt ee permanent op der falscher Spur ass, sou d'Nathalie Bender.

Reesliteratur krut dëst Joer och eng grouss Unerkennung, duerch d'Auszeechnung vum Georges Hausemer mam Batty Weber-Präis. Dës Distinctioun huet d'Literaturlaborante frou gemaach. Déi sechst Editioun vum Literaturlabo hate si der Reesliteratur consacréiert.


2017 priméiert Bicher, déi beim LiteraturLabo beschwat goufen:

  • Olivier Guez - La disparition de Josef Mengele (Editions Grasset) Prix Renaudot
  • Eric Vuillard - L'ordre du jour (actes sud) Prix Goncourt
  • Kaouther Adimi - Nos richesses (Seuil) Prix Renaudot des Lycéens
  • Alice Zeniter - L'art de perdre (Flammarion) Prix Goncourt des Lycéens
  • Yannick Haenel - Tiens ferme ta couronne (Gallimard) Prix Médicis
  • Maryam Madjidi - Marx et la poupée (Le Nouvel Attila) Prix Goncourt du premier roman
  • Robert Menasse - Die Hauptstadt (Suhrkamp) Deutscher Buchpreis
  • Kazuo Ishiguro - Literaturnobelpräis
  • Roland Meyer - Telmo (Op der Lay) Lëtzebuerger Buchpräis - Kat. Jugendliteratur
  • Charles Meder - Aname (Op der Lay) Lëtzebuerger Buchpräis - Kat. Literatur
  • Nora Wagner - Larven (Hydre) Servais-Präis
  • Anja Di Bartolomeo - Chamäleons - (Op der Lay) Nationale Literaturpräis