Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Michael Verhoeven ass gestuerwen

Kultur

De Michael Verhoeven ass gestuerwen

Den Däitsche Filmregisseur Michael Verhoeven ass am Alter vu 85 Joer no kuerzer a schwéierer Krankheet verscheet.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON

De Verhoeven huet sech a senge Wierker intensiv mam Nationalsozialismus ausernee  gesat. International bekannt gouf hien 1982 mat sengem Film „Die weiße Rose“ iwwert d‘Widderstandtsbewegung vun de Geschwëster Scholl. Fir säi Wierk „Das schreckliche Mädchen“ gouf hien 1991 fir een Oscar nominéiert. Hie war zënter 1966 mat der Schauspillerin Senta Berger bestuet.