Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oscar-Kandidaten, deen neie Bausch, Jicken an e Paërd

Nei am Kino

Oscar-Kandidaten, deen neie Bausch, Jicken an e Paërd

En neie Film vum Andy Bausch, e Film mat engem Päerd, en drëtte ronderëm Jicken. An nach dräi Filmer, déi elo offiziell fir d'Oscaren nominéiert sinn. Den Iwwerbléck vun den neie Filmer am Kino.

auto_stories

3 min

Dräi Oscar-Kandidate si vun dëser Woch un an de Lëtzebuerger Kinossäll ze gesinn.

La La Land vum Damien Chazelle

De grousse Retour vum Musical zu Hollywood huet de Ryan Gosling and d'Emma Stone an den Haaptrollen. Am Los Angeles vun haut ass hien en Jazzmuseker, si eng Schauspillerin. Allebéid versiche si, de groussen Duerchbroch ze hunn. An dobäi fanne si natierlech zueneen. La La Land huet 14 Oscar-Nominatiounen. De Film ass am Januar de Coup de Coeur vum radio 100,7.


Manchester By The Sea vum Kenneth Lonergan

De Lonergan schreift scho laang Dréibicher fir Hollywood. An dësem Drama erzielt hien d'Geschicht vum Casey Affleck, deen nom Doud vu sengem Brudder zréck a säin Heemechtsduerf zitt, fir do no sengem hannerbliwwenen Neveu ze kucken. Hie gëtt natierlech mat senger Vergaangenheet konfrontéiert, déi hien och ënner anerem vu senger Fra getrennt huet. Et spillen nach mat: Michelle Williams, Kyle Chandler, Gretchen Mol.


Land of Mine vum Martin Zandvliet

En däneschen Drama iwwert däitsch Krichsgefaangener, déi op der Plage mussen no Minne sichen. De Film ass viru bal engem Joer zu Lëtzebuerg um Festival gelaf a gouf mat dräi Präisser ausgezeechent. Bei den Oscaren ass "Land of Mine" an der Kategorie vum beschten net-engleschsproochege Film nominéiert. Propper inzenéiert, immens gutt gespillt an onerträglech spannend. E kéint eng reell Gefor fir den Oscar un Toni Erdmann sinn.

Méi zu "Land of Mine": Interview mam Martin Zandvliet

De Realisateur Martin Zandvliet beim Luxembourg City Filmfestival


Déi dräi aner Filmer, déi nei am Programm sinn, si keng Oscar Kandidaten. Mee dat ass net esou wëll.

Rusty Boys vum Andy Bausch

Et ass laang hier, datt den Andy Bausch e Fiktiounsfilm realiséiert huet. A "Rusty Boys" fannen dem Bausch seng Acolytte Jung, Lorenzini, Greisch a Fox zesummen, a versichen, mam Plang vun enger autonomer Wunngemeinschaft, aus dem Altersheemtrott fort ze lafen. Theoretesch glaskloer, ass dee Plang awer schwéier an d'Realitéit ëmzesetzen. Den Hären hir Vergaangenheet mécht d'Affär och net méi einfach. Soss nach am Cast: sou gutt ewéi alles, wat zu Lëtzebuerg schonn eng Kéier op der Bühn stoung.

Méi zu "Rusty Boys": Eng Komedie, déi d'Fräiheet zelebréiert


Literaturverfilmunge fir déi Jonk

All Mënsch kennt d'Buch. Spéitstens op Cinquième huet jiddereen de "Sac de billes" dierfe liesen. D'Geschicht vum Joseph a Maurice Joffo, déi versiche virun de Preisen a Frankräich fortzelafen, gëtt no iwwer 40 Joer nei verfilmt. Ënner anerem elo mam Patrick Bruel an der Roll vum Papp.

Wann eng Zeitung ronderëm Päerd Literatur ass, dann duerf ee "Wendy - Der Film" och als Literaturadaptatioun betruechten. Et geet natierlech ëm d'Wendy, dat no engem Reitaccident keng Loscht méi huet, fir op e Päerdsréck ze klammen. Bis hatt um Boma sengem Haff dat ugeschloent Päerd Dixie kenneléiert. Leider schéngt de Film dovunner auszegoen, dat just nëmme Meedercher mat engem Rosa-Fetisch frou mat Päerd kënne sinn. Mol kucken.