Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Abbey Road - den Ufank vum Enn

The Beatles

Abbey Road - den Ufank vum Enn

"Abbey Road" ass de Beatles-Album, dee schonn beim Kucke vum Cover Kult ass, ier een en iwwerhaapt opleet: Et ass deen, wou déi véier Museker iwwert d'Zebrasträife ginn, zu London an der City of Westminter, do wou an der Abbey Road d'Tounstudioe vun EMI sinn. Dee leschten Album vun de Beatles koum am September 1969 eraus.

auto_stories

5 min

Déi legendär Foto vum John Kosh um Cover vun "Abbey Road"

Opléisung ass d'Stëchwuert fir den 11. Studioalbum vun de Fab Four: Wuel kënnt mat "Let It Be" duerno nach e weideren Album vun der Band eraus, mä dee gouf scho virun "Abbey Road" produzéiert. Wëll et awer privat a geschäftlech Zoff tëscht de Museker gouf, haaptsächtlech tëscht den zwee Alpha-Déieren, kënnt "Let It Be" eréischt am Mee 1970 als leschte Beatles-Release eraus. Opgeholl gouf en am Januar '69.

Den George Martin gëtt erëmgeholl

Produzéiert gëtt "Abbey Road' vum Beatles-Erfollegsproduzent George Martin. Och fir hien ass et eng lescht Zesummenaarbecht mat de véier Museker, déi zënter dem Ufank vun hirer Karriär beim him a gudden Hänn waren. De Martin gëtt dofir dacks als fënnefte Beatle bezeechent.

Dee virdrun enregistréierten awer eréischt méi spéit publizéierten "Let It Be" sollt duerch d'Hänn vum Amerikaner Phil Spector goen, deen domadder de Privileeg hat, déi zerstridde Grupp eng leschte Kéier ze produzéieren. De Spector war deemools besonnesch a senger Heemecht den USA d'Referenz fir bombastesche Sound (de sougenannte Wall of sound). De Lennon war Fan, de McCartney manner.

Iwwerhaapt: Hond a Kaz solle Lennon a McCartney zu där Zäit gewiescht sinn. Et goung engersäits ëm d'Opdeelung vun de Kompositiounsrecetten, do ware Milliounen am Spill . Dann hunn awer och déi jeeweileg Partnerinne sécherlech hir Roll gespillt. De Paul huet am Mäerz 1969 d'Linda Eastmann bestuet, den John dee selwechte Mount d'Yoko Ono. "Cherchez la femme", héiert een dacks an de Joren duerno.

Dës Streidereie hu mat sech bruecht, datt de Release vu "Let It Be" ëmmer erëm no hanne gedréckt gouf an "Abbey Road" schliisslech de Virzuch krut am Kalenner.

Den George an der éischter Rei

Musikalesch fält op, datt den George Harrison dem gewinnte Leader-Duo Lennon/McCartney op "Abbey Road' méi wéi de Bass hält. Mat "Here Comes The Sun" a "Something" schreift hien zwee bemierkenswäert Klassiker, op deenen hien och séngt.

Och de véierte Beatle huet däerfen een Titel bäisteieren, als Komponist an als Sänger. De Ringo Star liwwert "Octopussy's Garden", ee vun den am ganze 17 Titelen vum Album. Den George Martin huet vill Zäit mam net onbedéngt gesanglech all ze begaabten Drummer verbruecht. Eréischt Joren duerno koum eraus, datt d'Lidd u sech hätt sollen op "Let It Be" figuréieren, et ass awer vum Phil Spector net ugeholl ginn.

D'Yoko Ono am Hannergrond

Der Yoko Ono hiren Afloss op den John Lennon ass evident. Hie schreift hir den Titel "I Want You (She's So Heavy)". Den Text besteet aus ganze 15 Wierder, dem Lennon seng Libeserklärung u seng Fra. Vum Sound hier ass ee bei dësem Titel eng Partie Kilometer wäit ewech vun deem, wat ee vun de Beatles kennt. Iwwert aacht Minutte goufen opgeholl, et si Congas, eng Hammond-Uergel an zum Schluss vum Lidd e Moog Synthesizer am Asaz - dee fir ongewinnte Soundeffekter suergt. An amplaz vum luese Fade-Out, dee fir d'éischt virgesinn ass, gëtt d'Lidd, op Uerder vu sengem Komponist, bei 7:47 abrupt ofgeschnidden, matzen am Takt. De McCartney hält sech diskret zréck bei der Opnam, et ass virun allem de Gittarist George Harrison, deen dem Lennon zur Hand geet.

Chimie stëmmt net méi

Den Album fält och op duerch eng ganz Partie ongewinnt kuerz Titelen. Aacht Stécker sinn tëscht eng an zwou Minutte laang. Si ginn zesummen als laangen Track am finale Mix zesummegedroen, eng Iddi vum Mc Cartney an dem Produzent George Martin. De Lennon bezeechent dat Ganzt als eng Zort "Schnickschnack mat Sträicher" ... d'Chimie stëmmt eben net méi tëscht him an dem McCartney. De bekanntsten Deel vun dësem laange Medley ass "She Came In Through The Bathroom Window". De Song ass näischt Spezielles fir d'Beatles. Si ginn en als Single fräi fir den Joe Cocker, deen domadder ëmmerhin eng Top 30-Nummer realiséiere sollt.

E Bléck nach op d'Museker, déi ausser de Fab Four op "Abbey Road' matgewierkt hunn. Den Tour ass séier gemaach: De Produzent George Martin bedéngt eng Partie Tasteninstrumenter, de Billy Preston, deem seng Uergel een nach vu "Get Back" am Ouer huet, ass op zwee Lidder derbäi, dem "I Want You" a "Something". An dat si se schonn alleguer. Wien op "Something" d'Sträicher sinn, déi vill zum Charme an domadder och zum Erfolleg vum Titel mat bäidroe bleift bis haut e Geheimnis, et gi keng Nimm zitéiert, just de Martin als Arrangeur.

Und tschüss!

"Oh Darling, If You Leave Me" séngt de Paul McCartney um 4. Lidd vun "Abbey Road". Keng eidel Wierder wat d'Band betrëfft: während enger Reunioun, an där et mol erëm ëm d'Verdeele vun de Songrecetten am Quartett geet, erkläert de Lennon Enn September 1969 säi Récktrëtt. Et ass den Aus fir d'Beatles. Dat kënnt net onerwaart no all de Spannungen, déi och no baussen dréngen. An och, well de Lennon an der Tëschenzäit d'Plastic Ono Band gegrënnt huet, am Studio scho mat där d'Single "Give Peace A Chance" opgeholl huet an och op engem Rockfestival zu Toronto mat der Formatioun opgetrueden ass.

Den amerikanesche Magazin Rolling Stone huet "Abbey Road" an der Lëscht vun de beschte 500 Albume vun allen Zäiten op d'Plaz 14 gesat.

Op der Insel

De McCartney hat iwwregens proposéiert, den Album "Everest" ze nennen, dat war deemools d'Zigarettemark vun engem vun den Tounleit. Dofir sollt d'Band fir d'Covergestaltung dann och bis an den Nepal fléien a virum Mount Everest poséieren. Dat war jidderengem schlussendlech ze wäit, an déi legendär Foto vum Cover gouf praktesch virun der Studiodier vum Fotograf John Kosh gemaach. Den Zebrasträif gouf 2010 ënnert Denkmalschutz gestallt.