Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Klassesche Folk onkonventionell agepaakt

Album vun der Woch

Klassesche Folk onkonventionell agepaakt

Wann eng ganz erfuere Singer-Songwriterin an e renomméierte Produzent zesummen un engem Album schaffen, da kann d’Resultat nëmme spannend ginn.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow

“Love in Constant Spectacle” nennt sech déi nei Plack vun der brittescher Musekerin Jane Weaver. Et ass eng Besënnung zeréck op hir Wuerzelen: de psychedeelesche Folk. Déi etheeresch, zum Deel vum Jazz inspiréiert Kompositiounen, ginn agekleet an Arrangementer, déi ëmmer erëm wëssen ze iwwerraschen.

“Is Metal” baut op engem rockege Gittarsriff op, d’Synthesizer-Arpège vu “Perfect  Storm” luede scho bal a fir ze danzen, an am Titeltrack zerfatzt eng verzerrte Gittar de schéine Klang, éier alles ze vill harmonesch gëtt. Déi zéng Titelen hunn also wäit méi ze bidden, wéi déi klassesch Besetzung vu Gittar, Bass, Batterie a villäicht nach Piano.

Eng villverspriechend Synergie

Hanner dem Mëschpult souz hei mam John Parish e Mann, deen et versteet, eng Kompositioun a vill Richtungen opzemaachen. Hien ass virun allem bekannt als laangjärege Kollaborateur vun der PJ Harvey, huet awer och mat der Aldous Harding geschafft, mat Dry Cleaning oder This Is The Kit. 2002 hat déi amerikanesch Folksängerin Tracy Chapman zesumme mat him op hirem Album “Let It Rain” méi däischter a perséinlech Aspekter vun hirer Musek gewisen.

Tëschent Weaver a Parish ass hei eng ganz villverspriechend Synergie entstanen. D'Jane Weaver ass scho laang Joren am Museksbusiness aktiv, huet a verschiddene Bands gespillt wéi Kill Laura oder Misty Dixon, awer och reegelméisseg mat hire Solo-Albume begeeschtert. Ee vun hire gréisste Succèse bis elo war den Album “Flock” aus dem Joer 2021, op deem si bewisen huet, datt si kéint eng Hellewull verschidde Genren ausprobéieren a gläichzäiteg hirem Stil trei bleiwen. “Love in Constant Spectacle” ass dogéint méi homogeen, awer net manner reusséiert. Eng Plack fir an engem Stéck ze lauschteren a sech vun der grousser Léift fir den Detail begeeschteren ze loossen.

Lauschterenplay_arrow

Musek
Nei Musek