Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Leo Sayer - You Make Me Feel Like Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aldous Harding: Iwwerall an Néierens

Album vun der Woch

Aldous Harding: Iwwerall an Néierens

Méi vum nämmlechten oder léiwer Iwwerraschung? Eisen Album vun der Woch kënnt vun enger Musekerin, déi sech op alle Fall schwéier deet sech op eng Roll ze beschränken. Op "Warm Chris" béit d'Aldous Harding nees Wuert a Stëmm an er-fënnt sech alt erëm eng Kéier.

auto_stories

3 min

Wien ass d'Aldous Harding? Iwwer hir mëttlerweil véier Placke weist sech déi exzentresch Kënschtlerin nämlech ëmmer nees vun enger anerer Säit. Mol méi eescht, mol méi verspillt, awer ëmmer intensiv.

Wien d'Geleeënheet hat d'Aldous Harding emol live ze gesi weess, datt si mat hirem Kierper, hirem schaarfe Bléck hir Musek auslieft. Komesch Gesiichtsausdréck, déi deen een oder aneren eventuell erschrecke kënnen.

An dach kann een net ewechkucken, a scho guer net ewechlauschteren. Op "Warm Chris" kënnt déi gelungen Theatralik nees schéin zum Virschäin. Si schlüpft nees vun enger Roll an déi aner. Mol imposant à la PJ Harvey, mol méi zeréckhalend an onschëlleg wéi d'Folk Sängerin Vashti Bunyan.

"Passion must play or passion won't stay" heescht et am Lidd "Passion Babe". Deemno verspillt ass dann och den Album "Warm Chris".

Mat Spaass, Virwëtz a Wonner gëtt sech ausgedréckt. D'Sprooch souwéi de Gesang sinn amusant. D'Aldous Harding hopst vun Accent op Accent, vun engem Bild an dat anert. Portraiten, an deenen Zäit giess ka ginn, oder esouguer d'Liewen als Persoun duergestallt gëtt, déi ee mat enger Gäissel menacéiert. D'Aldous Harding zerwéiert eng poetesch Fantasie no där anerer.

Am Verglach zu de komeschen Texter an dem komesche Gesang kléngt déi musikalesch Begleedung schéin dezent. En akustesche Piano, deen de strikte Minimum spillt. Eng Batterie, déi och ganz zeréckhalend a gemittlech Rhythmen trommelt.

Fir d'Drëtt schafft d'Aldous Harding elo mam Produzent "John Parish" zesummen, deen hei nees seng sober Ästhetik duerchdrénge léisst. Den Här vu Bristol huet d'Neiséilännerin nees an eng ënnerdriwwen englesch Atmosphär gesat, an där d'Wuert an d'Stëmm d'Soen hunn.

"Warm Chris" ass manner Pop-gedriwwe wéi säi Virgänger "Designer". D'Aldous Harding weist sech nach méi introspektiv, nach méi eege wann een dat esou soe kann.

Erwaart Iech hei keng sportlech Performance, keng einfach Ouerwierm. Vum Tempo, vun der Stëmmung hir fënnt den neien Album säin Doheem op der Couche.

Wien ass dann elo d'Aldous Harding? Déi Fro mécht bei esou enger surrealer Musekerin net wierklech Sënn. Wéi si op "Tick Tock" séngt: "Want to see me, what you gonna do? Now that you see me".

Onberechenbar a liicht op Konfrontatioun eraus. D'Aldous Harding ass iwwerall an néierens.