Mat sengem éischten däitschsproochege Roman "Winterbergs letzte Reise" war den tschecheschen Auteur Jaroslav Rudiš fir de Leipziger Buchpreis nominéiert. E Roman, deen eng Zuchrees duerch Mëtteleuropa an duerch d'Geschicht vun dësem Deel vun dësem Kontinent. De Jaroslav Rudiš wëllt an der Traditioun vun tschecheschen an tschechoslowakesche Schrëftsteller schreiwen a seng grouss Virbiller sinn:
"Milan Kundera auf jeden Fall, Bohumil Hrabal, Jaroslav Hašek, Franz Kafka, Thomas Bernhard, ..."
Genee Kafka - an de Rudis ass esou begeeschtert vum Kafka, datt hien eng Kafka-Band gegrënnt huet. Nom éischten Album mam Titel "Das Schloss" ass elo déi zweet CD erauskomm "Amerika" - an och hei ass e Wierk vum Franz Kafka de roude Fuedem duerch de ganzen Album.