Radioen

On air

Tockcity  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Balladen iwwer Léift, Jalousie an Trennung

Townes Van Zandt - Our Mother The Mountain

Balladen iwwer Léift, Jalousie an Trennung

Éierlech, poetesch a batter Country-Balladen iwwer Léift, Jalousie an Trennung vum Songwriter's Songwriter. Déi evokativ Stëmm gëtt op sengem zweeten Album grandiéis mat Sträicher an Jazz-Flute an Zeen gesat.

auto_stories

5 min

D'Country-Musekszeen souwéi d'Musek selwer ass vun tragesche Personnagen duerchwuess. De Gram Parsons, Blaze Foley oder och Hank Williams hunn all während hirer Carrière mat Drogesuchten a villen Enttäuschunge misse kämpfen a si jonk verstuerwen. Ënner dëse Legende war och den Townes Van Zandt. E Singer-Songwriter dee mat senger Musek ni de finanziellen Erfolleg feiere konnt, duerfir awer e groussen Impakt op de Genre hat.

Eng dekadent Zäit

Seng produktiivsten Zäit war tëscht 1968 a 1973. Ënner de sechs Placken, déi an dësem Zäitraum entstane sinn, befënnt sech och seng zweet "Our Mother The Mountain" vun 1969. En Album, op deem seng simpel awer emotionell Stëmm mat Sträicher souwéi Jazz-Flute a Mondharmonika an Zeen gesat gëtt.

"Our Mother The Mountain" ass am sonnege Malibu produzéiert ginn. Den Townes Van Zandt huet während den dräi Méint Produktioun an engem klengen Haischen op der Plage gelieft, a sengem Produzent Jack Clement no, all Owend dekadent gefeiert. Während dem Dag huet hien awer am Studio geschafft. Den Opener "Be Here To Love" huet hie senger deemoleger Fra gewidmet, déi éischt vu sengen dräi, mat där hien tëscht 65 a 70 bestuet war. An dësem Stéck héiert ee scho wéi d'Bezéiung esou lues an d'Bréch geet.

Wéi en Troubadour ass den Townes Van Zandt vu Stad zu Stad gereest an huet seng Balladë meeschtens a Baren a klenge Cluppe gespillt. Säi ganzt Liewe war hie meeschtens ënnerwee, an d'Plazen an deenen hie gewunnt huet waren dacks spartanesch. An de 70er huet hien zum Beispill an engem Schapp ouni Stroum en Elektrizitéit gewunnt.

Mee den Townes Van Zandt koum aus enger gudder Famill. Eng Famill mat vill finanziellem a geschichtlechem Kapital.

Eng gutt Kandheet

Hien ass de 7. Mäerz 1944 zu Fort Worth am Texas op d'Welt komm. Eng Staat déi säin Urgrousspapp matgegrënnt huet, an no deem e ganze Bezierk "Van Zandt County" benannt ass. Säi Papp war Affekot an dat hätt den Townes Van Zandt och solle ginn. Hie war um gudde Wee, war intelligent a krut gutt Punkten. Mee e war manesch depressiv an ass den Droge verfal. De Liewensstil vum gepéngegte Museker huet méi gepasst, an en hat e grousst Talent als Lidderschreiwer.

Dës donkel Elementer a sengem Liewe kommen um Lidd "Kathleen" staark eraus. Eng düster Ballade iwwer Verloscht, wonnerschéi mat Sträicher an Zeen gesat.

De Country Museker aus dem Texas ass fir seng zweet Scheif op Los Angeles gereest. Dem Towns Van Zandt säi Manager, de Kevin Eggers, huet gemengt, déi kalifornesch Stad wier méi hip wéi Nashville a wollt u sech "Our Mother The Mountain" an eng liicht esoteresch Richtung drécken. Dat erkläert, firwat d'Arrangementer deels zimlech breet opgezu sinn an eng onschëlleg Flute iwwer e puer Stécker mäandert.

En impressionnant Ëmfeld

Dräi Produzenten hunn am ganzen op dëser Plack zesummegeschafft. De Manager Kevin Eggers wéi gesot, de "Cowboy" Jack Clement, deen dem Johnny Cash säi "Ring of Fire" ënner anerem produzéiert huet, an den Jim Malloy. Bekannt fir seng Aarbecht mam Elvis Presley oder och Henry Mancini.

Duerfir héiert een op "Our Mother The Mountain" och en impressionnante Line-Up. Vum Elvis Presley Gittarist James Burton bis hin zum Charlie McCoy, dee mat senger einsamer Mondharmonika Aarbechte vum Bob Dylan oder och Waylon Jennings gepeffert huet. Déi kënnt dann och um Titel "Like A Summer Thursday" gutt zum Virschäin. E séisst melancholescht Country Lidd. Townes Van Zandt-gerecht mat engem éierlech poeteschen Text iwwert batter Léift.

Den Townes Van Zandt huet sech mam Wand dreiwe gelooss. Hie war, wéi een op Englesch seet, en Drifter. A seng Lidder sinn och aus dësem zerbriechlechem an onbestännege Liewen entstanen. Och op sengen Album huet hie gären d'Kontroll deenen aneren iwwerlooss. Op "Our Mother The Mountain" hat hie wéi gesot e kreatiivt Team vun dräi Produzenten déi d'Richtung uginn hunn.

U sech wierken dem Townes Van Zandt seng Lidder am beschten ouni ze vill Elementer. Wa seng ënnerdriwwe Stëmm a Gittar sou mann wéi méiglech agekleet ginn. Country-Musek gëtt jo dacks als "Dräi Akkorden an d'Wourecht" beschriwwen. Fir mech bleift an deem Sënn säi 77er Album "Live at the Old Quarter, Houston, Texas" dee stäerksten Townes Van Zandt Album. Eng Plack op där de Raum, d'Zäit an d'Spontaneitéit vum Moment festgehale ginn.

Dat gesot huet de méi grouss orchestréierten Album "Our Mother The Mountain" och vill ergräifend Momenter. Wéi den Titel-Track, eng däischter a mysteriéis Ballade mat iwwernatierlechen a gespensteschen Elementer.

Wéi vill Country-Legenden ass den Townes van Zandt no engem exzessive Liewe fréi gestuerwen. En ass awer ëmmerhin 52 Joer al ginn. Den éischte Januar 1997 ass hien un de Folge vun enger gebracher Hëft an enger staarker Alkohol-Ofhängegkeet gestuerwen.

Eng richteg Legend

Als Museker ass hien net räich ginn, ass awer zanter Ufanks de 70er zu enger respektéierter a legendärer Country Figur ginn. An den 80er hu Leit wéi de Merle Haggard, Willie Nelson oder och d'Emmylou Harris Lidder vun him gecovert an esou säi Ruff als poetesche Songwriter a gréissere Kreeser verbreet. Seng Musek huet doriwwer eraus net nëmme Country- oder Americana-Veréierer begeeschtert. D'Noise Rocker vu Sonic Youth ware Fans, zemools den Drummer Steve Shelley deen dem Townes Van Zandt Enn den 90er ugebueden hat hien opzehuelen an ze produzéieren. Leider ass de Country Museker kuerz drop gestuerwen.

Den Townes Van Zandt ass e Songwriter, mat deem ee sech laang beschäftege kann. Seng Lidder zerplécken, matfillen an den Troubadour iwwert säi fracturéiert Liewen unhand vu senge Lidder begleeden. Den Townes Van Zandt ass senger Konscht trei bliwwen huet se mat all hirer Tragik gespuert a gelieft.


Den Jamie Reinert mat engem Réckbléck:

Lauschterenplay_arrow