Radioen

On air

Notturno  |  Mudaze - Altaelv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Believe the hype!

Black Midi - Schlagenheim

Believe the hype!

Normalerweis wielt eis Museksredaktioun Disken als Album vun der Woch eraus, déi een zur Prime Time kann um Radio spillen. Den Album vun dëser Woch ass haart, onberechembar an net fir niewebäi ze lauschteren. Mee en ass sou relevant, datt mir eng Ausnahm maachen. Den Yves Stephany iwwer "Schlagenheim" vun der gefeierter Londoner Combo Black Midi.

auto_stories

3 min

"Don't believe the hype" ass normalerweis eng gutt Fauschtreegel, wann et ëm nei Rockbands geet. Bei Black Midi hätt een d'Tendenz, si och mat Virsiicht ze approchéieren. Zanter iwwer engem Joer gëtt sou vill iwwer d'Band geschwat, bei hire Showcasë si laang Queue virun der Dier, an hire Maartwäert läit schonn iwwer deem véierfache vun deem vun de meeschten neien Indie-Bands. Dee Moment gouf et keng Infoen iwwer de Quartett, ausser datt si vu London kommen, keng Musek, ausser eng obskur a rar 7", déi fir puer Honnert Euro gehandelt gëtt, keng Biller, ausser e VHS-Video vun enger Session beim Radiosender NTS. An de leschte Méint hu Black Midi awer véier Singles erausbruecht an zanter e Freideg ass endlech den Debut-Album do - Deen heescht "Schlagenheim", an ass phänomenal gutt.

Musek ass schwéier ze beschreiwen

Wa mir eppes Neies héieren, vergläiche mir et ëmmer fir d'éischt mol mat Saachen, déi mir kennen, fir et iergendwéi kënnen anzeuerdnen an ze verstoen. De Gesank erënnert kloer un de "Les Claypool" vu Primus. Mat Momenter kléngt et och no Primus, wéi beim Titel "Bm Bm Bm", oder no Sonic Youth, wéi bei "Speedway", duerno dann no Devo, wéi am Titel "Talking Heads" ... Et ass XTC dran a Math Rock, Jazz a Metal. Mee opzezielen, no wat déi verschidden Deeler an Elementer kléngen, erkläert nach ëmmer net, wat et mat Black Midi op sech huet.

Kennegeléiert hunn déi véier sech op der renomméierter Londoner Brit School of Performing Arts and Technology. Do goufen eng Rëtsch Pop-Staren ausgebilt, dorënner d'Adele, Imigen Heep oder d'Amy Winehouse. Awer hir Musek ass definitiv wéineg Pop. Et ass experimentell, dynamesch an explosiv. An immens direkt. Et ass Musek, déi een net kal léisst, déi engem Héngerhaut gëtt. Datt Black Midi eng fantastesch Live-Band ass, konnt ech selwer schonn zweemol um eegene Leif erliewen. An den Album steet hirer Live-Intensitéit a kengster Weis no.

D'Ästhetik ass bis un d'Enn geduecht

Den Hype ronderëm d'Band huet sécher mat cleverem Marketing ze doen. Déi Jonge wësse genee, wat si maachen. Awer en ass och absolut justifiéiert. Mir hunn et hei mat enger vun deene spannendsten a wichtegste Gittarebands vum Moment ze doen. Et ass net just tumbe Rock, et sinn net just véier jonk Borschten, déi Kaméidi maachen. Et ass progressiven Art-Rock mat enger klorer Visioun an enger klorer Linn. Och dat huet Black Midi nees mat Devo gemeinsam. Och si poséieren an Uniformen, et gëtt bis an déi klengsten Detailer Wäert op dat visuellt geluecht, d'Ästhetik ass bis un d'Enn geduecht. An trotz de ville Referenzen ass Black Midi anescht wéi alles, wat een u Gittarebands kennt.