Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Templeman - Broken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blénkege Radio Pop

The Cars - Heartbeat City

Blénkege Radio Pop

Eisen Déjà Vu Album vun der Woch koum viru 35 Joer eraus: "Heartbeat City" vun der amerikanescher Rockband The Cars. Et ass en Album, deen d'Iwwerreschter vum Rock aus de 70's mat der neier Synthpop-Ästhetik aus den 80er verbënnt a mainstream-kompatibel mécht.

auto_stories

5 min

Déi spéit 70er a fréi 80er Jore waren eng Zäit vum Ëmbroch an der Rockmusek. Dat ass net just duerch d'Aféiere vu Synthesizere geschitt.

An de 70er Jore ware virun allem zwou Stréimungen am Rock zu Stadion-Monstere mutéiert: Psychedelic Rock a Prog Rock. Als Géigebeweegung zu deem Bombast koum Punk, mat enger neier, minimalistescher Approche. Dëse Minimalismus huet och de Wee an de Mainstream fonnt. A Groussbritannie bësse méi séier, wéi an den USA.

Eng Zort Pionéier

The Cars vu Boston hunn an de spéide 70er zu deenen éischte gezielt, déi den iwwerspëtzte Romantizismus vu Roxy Music an d'Pop-Gestik vum Bowie mam spartanesche Rock vu Velvet Undergroud verbonnen hunn.

Hiren Debut vun 1978 blouf 139 Wochen an den Charts an all d'Singele goufe vun de Radioe rotéiert. 1984 erreecht d'Band mat "Heartbeat City" den Héichpunkt vun hirer Carrière. D'Gittare gi gezäämt, fir eng blénkeg a synthetesch Produktioun. "Heartbeat City" ass en 80's Pop Album par Excellence.

Den drëtten Album vun The Cars, "Panorama" koum 1980 eraus. Dee war kommerziell kee sou e grousse Succès, awer en hat der Band eng gewëss Kredibilitéit bei de Kritiker bruecht. Op déi total straight a rigit Beats vum Drummer David Robinson danzen d'Gittaren an d'Synthesizeren op eng erfreelech experimentell Manéier mateneen. Et ass eng Scheif mat Ecken a Kanten, déi deem avantgardisteschen, an innovativen Image gerecht gëtt, deen de Quintett vu Boston sech selwer gëtt.

En neie Produzent

Véier Joer méi spéit kléngen The Cars op "Heartbeat City" vill méi glat an opgeraumt. Den Haaptgrond war wuel de Choix vum neie Produzent. Fir déi éischt véier Albumen hate si mam Englänner Roy Thomas Baker geschafft, deen ënner anerem an de 70er Queen zu hirem Sound verhollef hat. Dee fënneften Disk gouf vum Südafrikaner Robert John Lange produzéiert. Hien hat virdru mat Gruppe wéi AC/DC geschafft an hat eng däitlech Mainstream-Approche.

D'Musek op "Heartbeat City" kléngt méi ronn, méi eenheetlech. De Sound vun de Gittaren an dee vun de Synthesizere verschmëlzt mateneen, an eng akustesch Batterie gouf komplett op der Säit gelooss. D'Beats sinn all programméiert, wat bei där minimalistescher Approche och total Sënn mécht.

De Fairlight Computer Musical Instrument (kuerz CMI) koum um Album ganz prominent zum Asaz. Dat ass en digitalen, computerbaséierte Synthesizer, Sampler a Sequencer. De Keyboarder Greg Hawkes huet 1984 an engem Interview mam Musician's Magazine erkläert, datt si ee Mount gebraucht hätte fir iwwerhaapt ze léiere mam Instrument ëmzegoen an dacks Stonne laang just un engem Sound geschrauft hunn.

De Sänger Ric Ocasek war och gréisstendeels fir de Songwriting responsabel. Hie koum mat fäerdege Kompositiounen an de Studio, an de Produzent an d'Band hu quasi just nach un den Arrangementer geschafft. Dem Robert John Lange wier et virun allem drëm gaangen, fir de Feeling, d'Spontanitéit vun den Demo-Opnamen op Band ze bréngen, erklären d'Museker 1984 a verschiddenen Interviewen. Well si awer mat engem Computer geschafft hunn, wier vill Aarbecht dra gaangen, fir alles sou ze programméieren, datt et natierlech a spontan géif kléngen.

Dee bekanntste Song op "Heartbreak City" staamt aus der Fieder vum Bassist Banjamin Orr. An hien huet en och selwer agesongen. "Drive" ass e ganz ontypescht Stéck fir The Cars, an et sollt dee gréisste Succès aus hirer Carrière ginn. Et ass eng kéiseg Ballad, mat grousse Mouvementer, an där dem Orr seng Stëmm vu wattegen, digitale Kläng a Chéier agewéckelt gëtt.

De Batteur David Robinson huet sech ëmmer ëm den Design vun de Covere vun The Cars bekëmmert, woubäi Fraen an natierlech Autoen e Leitmotiv waren. Dobäi goufe Fraen dacks genee sou als Objeten duergestallt, wéi Autoen.

D'Motiv um Cover vun "Heartbeat City" staamt vum britesche Pop-Art Kënschtler Peter Philips. Et ass säin Tableau "Art-O-Matic Loop Di Loop", op deem e gréngen 71er Plymouth Duster ze gesinn ass, an e Pin-Up Model, dat e Kopplabunz schléit. Niewent e puer faarwegen, geometreschen Elementer fléien och nach Zännrieder an eng viischt Achs mat Amortisseuren a Bremsen duerch d'Géigend. Ausser engem reng ästheteschen Usproch ass kee Message ze erkennen.

Blénkeg a stiliséiert Videoen

D'Videoen zu de Singelen op "Heartbeat City" ware blénkeg a stiliséiert, genee wéi d'Musek. Opfälleg war deen zu "You Might Think". Dee gëllt als ee vun den éischte Museksvideo, dee mat Computertechnik montéiert gouf. Quasi de visuelle Pendant zum Fairlight Synthesizer, dee bei der Produktioun zum Asaz koum, also.

Och de Video zu "Hello Again" ass vun historescher Valeur. Et ass deen eenzege Museksvideo, deen den Andy Warhol a senger Carrière gedréit huet. An hie spillt selwer mat. Als Wiert zerwéiert hien der Band Drinks um Comptoire.

Dee fënneften Album vun The Cars capturéiert réckbléckend gutt d'Verschmëlze vun den Iwwerreschter vu 70er Jore Rock mam neie Synthpop. Natierlech kléngt de Sound Design an d'Produktioun fir haiteg Ouere verstëbst, well eben typesch Eighties. Dat ass hautdesdaags virun allem eng Affaire de Goût, op een dee Sound gutt fënnt, driwwer schmunzelt, oder de Kapp rëselt.

Wat awer opfält, wann een "Heartbeat City" lauschtert, ass, datt nëmme gutt Songs drop sinn. Déi zéng Lidder hunn alleguer Pop-Qualitéiten a sinn interessant arrangéiert. Och Lidder, déi net als Single verëffentlecht goufen, bleiwen direkt beim éischte Lauschteren am Kapp an invitéieren zum Matsangen. "Looking For Love" a virun allem "Stranger Eyes" si groussaarteg Pop-Songs.

The Cars hunn op "Heartbeat City" hire Status als Mainstream-Radio Band total assuméiert. Och wa si ënner anerem mam Warhol-Video probéiert hunn, den Image als arty Avant-pop Band auszebauen, ass den Album blénkege Radio Pop, deen immens gutt geschriwwen an exekutéiert ass. No Déift sicht een hei ëmsoss, mee deen Usproch muss Pop och net forcement hunn.