Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Intelligenten a relevante Pop um Puls vun der Zäit

Blood Orange - Angel's Pulse

Intelligenten a relevante Pop um Puls vun der Zäit

Dem Blood Orange säin Album "Negro Swan" vum leschte Joer gëllt elo schonn als Meilesteen vum R&B. Mam Mixtape "Angel's Pulse" kënnt elo eng Sammlung vun Tracks eraus, déi direkt nom Release vum Album entstane sinn. Dës Stécker sollt een allerdéngs op kee Fall als mannerwäerteg B-Sides ofdinn. Firwat, dat erkläert d'Vicky Stoll mam Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

"Angel's Pulse" vu Blood Orange - En Epilog zum Meilesteen "Negro Swan"

Iwwer den Devonté Hynes alias Blood Orange gëtt et esou vill ze soen, datt eleng domat den Ëmfang vun dësem Bäitrag scho gesprengt wier. Dir musst mir einfach gleewen, datt den Dev Hynes eppes wéi e Magnéit an der zäitgenëssescher Popkultur ass. Ob Moud, Konscht oder Musek, all déi hip a spannend Leit, egal aus wéi engem Eck se kommen, versammelt den 33-Jährege Brit ronderëm sech. Esou kreéiert hien ëmmer erëm een Update vu sengem Avantgarde-R&B.

Den Terme "Mixtape" kënnt ursprénglech aus dem Hip Hop a bezeechent eigentlech eng Sammlung vun Tracks, déi de Kënschtler gratis an ouni Tëschestatioun vun engem Label einfach iwwer d'sozial Medien, den Internet oder ganz oldschool op Concerten ënner d'Leit bréngt. Déi eng Museker maachen dat, fir sech ze etabléieren, anerer fir sech tëschent zwou Placken ze defouléieren.

Onbeschwéiertheet an extrem vill Melodien op engem Raum

Am Fall vun "Angel's Pulse" kann een also vun engem Encore schwätzen - et ass eng Zugab zum extrem gefeierte Virgänger "Negro Swan". Och hei geet et erëm ëm Blackness a Queerness, mee dat Ganzt wierkt manner politesch a manner fokusséiert. Et spiert een d'Fragment-Qualitéit vum Album am meeschten dorunner, datt et hei an do u Kohärenz a Finitioun feelt. Doduerch entsteet op där anerer Säit awer eng Onbeschwéiertheet an eng Lëftegkeet, déi dem Blood Orange seng Qualitéiten als Produzent a Multiinstrumentalist ervirhieft. Och hei befanne sech erëm souvill hitverdächteg Melodien op sou enkem Raum, datt ee virum Talent vum Dev Hynes op d'Knéie geet.

Vum Sound hier knäppt "Angel's Pulse" direkt un déi lescht Plack un. Deen typesch kompriméierte Flanger-Gittare-Sound, an déi vun den 80er inspiréiert Synthesizere sinn och hei nees präsent. Gläichzäiteg sinn déi visuell Aspekter vun dësem Release erëm immens duerchgestylt. Am Video zum Track "Benzo" waarden dräi opgedonnert schwaarz Drag-Queens an engem Louis-XVI-Setting op de "Mister Orange". Deen daucht schliisslech op, fir zum Amusement vun der Gesellschaft ënner enger wäiss-groer Paréck ronderëm en Cello ze danzen an ze sangen. Am Hannergrond erbléckt ee lauter anachronistesch Elementer a knalleg Faarwen, déi zum groteske Gesamtandrock bäidroen. Branchéiert an extrem kéng gläichzäiteg. Blood Orange bleift sech senger Ligne also trei.

Bandrockend Demonstratioun vum Talent a vun der kreativer Energie

De Mixtape "Angel's Pulse" verkierzt d'Waardezäit op eng nei Plack vu Blood Orange. Gläichzäiteg ass et eng beandrockend Demonstratioun vum Talent a vun der kreativer Energie vum Devonté Heynes. An obschonn et sech bei den Tracks méi ëm Skizzen a Song-Maquetten handelt, huet een et och hei erëm mat intelligentem a relevantem Pop um Puls vun der Zäit ze dinn.