Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Neo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cluttered Clarity sichen de Wee vum Jazz an de Pop

Leit, déi gär danzen

Cluttered Clarity sichen de Wee vum Jazz an de Pop

Op hirer neier Single "Save It All" verbanne Cluttered Clarity Pop-Songwriting mat Improvisatioun an elektroneschen Tonalitéiten. D'Formatioun ronderëm de Lëtzebuerger Vibraphonist Ben Konen huet grouss Ambitiounen.

auto_stories

2 min

Am Museksbusiness muss ee permanent nei Saache bréngen, virun allem wann een eng onbekannt Grupp ass, seet de Ben Konen. Cluttered Clarity wéilt elo all zwee bis dräi Méint eng Single erausbréngen, fir méi reegelméisseg mat de Medien a mat de soziale Medien a Kontakt ze sinn.

Den Debut "Follow Your Dreams" koum am Juli 2017 eraus. Déi nei Single heescht "Save It All". Déi wier duerchaus autobiografesch, seet de Rémy Labbé, deen zweete Kapp vun der Band. Et géif ëm eng Trennung goen, an datt een heiansdo misst hefteg Decisiounen huele fir am Liewe weiderzekommen.

Et schéngt sech heibäi momentan ëm eng Zort Leitmotiv bei Cluttered Clarity ze handelen. "Déi nächst Single ass iwwer meng lescht Bezéiung, wéi déi Schluss gaangen ass", seet de Ben Konen. Hien hätt éischter wéilte Carrière maachen, a seng Frëndin hätt eng Famill wéilte grënnen. Seng Ambitioun wier et, fir enges Daags kënne vum Projet Cluttered Clarity ze liewen.

Kennegeléiert hunn déi zwee Museker sech zu Boston um Berklee College of Music. Duerno ware si allebéid zu New York, éier de Ben Konen 2016 zeréck op Lëtzebuerg koum.

De Ben ass Perkussionist, säin Haaptinstrument ass de Vibraphon. A leschter Zäit interesséiert hie sech och fir elektronesch Musek, wat een däitlech un där neier Single héiert. De Belsch Rémy Labbé ass Trompettist a lieft virun allem vu senge Kompositiounen an Arrangementer

D'Equipe ronderëm si ass variabel. Zwee quasi fest Membere wieren awer de Bassist Tom Heck an d'Sängerin Sitta Foer.

Déi zwee Museker hunn also e Background am Jazz, wëlle mat Cluttered Clarity awer méi an de Pop virdréngen. "D'Musek ass sou, wéi mir liewen. Mir sinn oppe Leit, déi gär danzen, déi gär erausginn." D'Texter wieren hinne wichteg, seet de Ben Konen. Awer et géif och ëmmer nees Improvisatioun an de Stécker virkommen. Do géifen hir Studien an d'Léift zur Musek zum Virschäi kommen.