Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rentrée vun de Chéier

Musek

D'Rentrée vun de Chéier

D'Sangen a virun allem d'Ensembel-Sangen ass ee vun den Domänen aus der Musekswelt, op déi d'Corona-Pandemie e staarken Afloss hat. Wéi ass d'Situatioun elo, no der Rentrée? Wéi héich ass d'Motivatioun fir nees mam Sangen unzefänken?

auto_stories

4 min

D'Chouerschoul vum Conservatoire du Nord huet ronn 100 Memberen. Dorënner 30 Erwuessener, déi an engem Ensemble Vocal sangen, Kanner an och Jugendlecher. Geleet gëtt dës Chouerschoul zanter engem Joer vum Matthias Rajczyk, deen duerchaus e positiivt Stëmmungsbild vun der Rentrée vum Schouljoer 2020/21 zeechent. "Ech géif soen zu 90 Prozent war d'Réckmeldung, datt d'Leit frou sinn, nees sangen ze dierfen."

Niewent deenen, déi nees ugefaangen hunn, géif et der awer och e puer ginn, déi d'Situatioun nach e bësse géifen ofwaarden.

E Problem, deen d'Chouerschoul net huet, ass dee vun de Raimlechkeeten. Nieft de Säll vum Conservatoire kann de Matthias Rajczyk nämlech och op de Centre des Arts Pluriels zeréckgräifen, e Kulturhaus, dat sech mam Conservatoire ee Gebai deelt. Anescht gesäit et beim Chouer Eurocantica aus, dee vum Andy Loor dirigéiert gëtt. Well den übleche Proufsall nach ëmmer zou ass, an een och soss keng Auswäichméiglechkeet hätt, kéint een de Moment net prouwen.

Gemëschten Erfarunge wärend der Corona-Zäit

Trotzdeem wier d'Motivatioun nees mam Sangen unzefänke grouss. Dem Problem vum Sall wierkt den Andy Loor mat enger Promenade musicale entgéint. Dës Aktioun géif hien organiséieren, fir dem Chouer d'Méiglechkeet ze gi sech nees ze gesinn an och nees kënnen zesummen ze sangen. Nieft dem Chouer Eurocantica ass den Andy Loor Enseignant zu Réiden an der Museksschoul fir d'Fächer Chant moderne an Ensembelgesang, an hien ass den Dirigent vum Dikrecher Sängerbond, e Chouer, deen zanter der Rentrée nees reegelméisseg prouft, an déi wieren och ganz gutt verlaf.

Den Ament géif de Sängerbond souwuel an engem Sall, wéi och an engem Hall niewendru prouwen. Tëschent deenen zwee Raim alternéiert de Chouer all véierel Stonn. Wärend d'Sängerinnen an d'Sänger dann am Hall prouwen, gëtt de Sall gelëft. Beim Sange ginn - genee esou wéi an der Chouerschoul vum Conservatoire du Nord - déi néideg Distanzen tëschent de Memberen agehalen. Eng Constellatioun, déi d'Chéier awer och viru gewëss Problemer stelle kann, wéi den Albert Brauch, seet de President vum Piusverband, also der nationaler Federatioun vun de Choralle vun der Kierch an der Äerzdiözes vu Lëtzebuerg.

"Wa Chorallen, Sängerinnen a Sänger, soe mer emol zwee Meeter vunenee sëtzen, a si sinn net e bëssen taktsécher an och vun der Stëmm hier, datt si d'Strooss halen, da si si verluer. Well bei de Choralle ganz vill Sängerinnen a Sänger kee Solfège gemaach hunn, keng Nouten, soen ech mol direkt esou, wéi een op Lëtzebuergesch seet, kënne liesen, an déi sinn einfach gewinnt, datt si lénks a riets een am Ouer hunn, an dann am ganzen Ensembel, da geet dat."

"Den Ament gesäit dat net ganz blendend aus."

Generell zeechent den Albert Brauch kee positiivt Bild iwwer déi aktuell Situatioun vun de Kierchechéier zu Lëtzebuerg. "Duerch déi ganz Corona-Kris koum natierlech elo en immense Stand-by, an do weess keen, wéi et am aktive Veräinsliewe weidergeet. Den Ament gesäit dat net ganz blendend aus."

Ënner anerem am Kader vun der Rentrée hu sech Kierchechéier beim Pius-Verband gemellt, déi nees wéilte mat hiren Aktivitéiten ufänken.

"Ech äntweren deenen ëmmer: Sange war nach ni verbueden. Och elo an dësen Zäiten. Dir musst just eppes ëmmer virun Aen hunn: Mund- und Nasenschutz an déi néideg Distanz. Do si vill Leit, déi mengen elo hei wier verbueden, do wier verbueden. Ech mengen an der Kierch ka jiddweree sangen."

Risiko a Freed

E weideren Impakt vun der Corona-Pandemie betrëfft d'Concerten, respektiv d'Fro, wéi een optriede kann. Och den Andy Loor an de Sängerbond wiere mat där Situatioun confrontéiert gewiescht. Zwar géif et Méiglechkeete ginn e Publikum mat deenen néidege Reegelen ze versammelen. Beim Placement vum Chouer op der Bün ass dat allerdéngs net esou einfach.

"Mir däerfen zwar mëttlerweil erëm ouni Mask niefteneen op der Bün stoen. Mee wëlle mer dat? Wëlle mir als Responsabel dee Risiko agoen? [...] Op där anerer Säit: Sinn d'Sänger bereet dee Risiko anzegoen? An och do war d'Resonanz éischter: "Nee, mir wëllen do awer virsiichteg bleiwen." Och do hunn ech mir dann Alternativen iwwerluecht."

Och de Matthias Rajczyk plangt mam Ensemble Vocal vun der Chouerschoul well e Concert. Säi Fazit iwwer d'Stëmmung bei de Sängerinnen a Sänger ass folgenden:

"All Leit, mat deenen ech zesummeschaffen an deenen ech begéinen, alleguerten d'Leit stralen dësen Optimismus aus an déi Freed hiren Hobby nees bedreiwen ze kënnen."