Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Talking Heads - This Must Be The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschlaffen Art Pop Kompositiounen

David Sylvian - Brilliant Trees

Geschlaffen Art Pop Kompositiounen

Dem David Sylvian säin "Brilliant Trees" vun 1984 feiert dëse Mound 35 Joer. Den elegante Frontman vun der Band Japan liwwert op sengem Debut geschlaffen Art Pop Kompositiounen. "Brilliant Trees" ass den Déjà-Vu Album vun der Woch.

auto_stories

4 min

Mat Lëppestëft, blond gefierften Hoer a schmocke Kostümer hu Japan e glamouréisen Image Enn de 70er ausgestraalt. De britesche Quartett huet sech während hiren aacht Joer zesumme vu Glam Rock eriwwer op Synth Pop beweegt. Dës stilistesch Fluiditéit huet de Frontman David Sylvian no der Trennung vu Japan 1982 weidergeféiert.

Säin Debut vun 1984 ass den Ufank vun enger eklektescher Solo-Carrière, déi vun Experimentatioun duerchwuess ass. Op "Brilliant Trees" huet hie sech mat Kënschtler wéi den innovative Museker Ryuichi Sakamoto, den athmosphäresche Saxophonist Jon Hassell oder och de verréckte Kraut-Museker Holger Czukay ëmginn. Personnagen, déi keng Angscht hate Brécken tëschent Pop an Avant-Garde ze schloen.

Den David Sylvian liwwert op "Brilliant Trees" siwe lëfteg an onkonventionell Kompositiounen, déi a verschidde Richtungen zéien. Den Opener "Pulling Punches" gëtt vun engem funkege Rhythmus a Bass-Riff gedriwwen iwwerdeems de Sänger vun engem existenzielle Malaise zielt.

"Brilliant Trees" gouf Enn 1983 zu Berlin am Hansa Tone Studio opgeholl. E legendäre Studio an der Köthener Strasse am Kreuzberg, deen ënner anerem den David Bowie fir seng Berlin Trilogie benotzt huet. Als Co-Produzent huet den David Sylvian den Steve Nye matgeholl. Dësen hat och mat him um leschte Japan Album "Tin Drum" geschafft. Der englescher Pop Band hiren experimentellsten Album, mat orientalesche elektroneschen Tonalitéiten.

"E lyrescht Wierk vun engem Mënsch, deen a senge Gedanke gefaangen ass."

No engem funkegen Opener wéi "Pulling Punches" zitt deen zweeten Track op "Brilliant Trees" Richtung Jazz. Op "Ink in the Well" héiert een de Pentangle-Bassist Danny Thompson, deem säi Kontrabass dat ganzt Lidd ëmwéckelt. Dem David Sylvian säi Brudder, de Steve Jansen, och fréiere Member bei Japan, sëtzt hanner der Batterie, an déi kanadesch Jazz-Legend Kenny Wheeler beräichert d'Kompositioun mat sengem Cor.

"Brilliant Trees" ass e lyrescht Wierk vun engem Mënsch, deen a sengen eegene Gedanke gefaangen ass. Um Titel "Nostalgia" séngt den David Sylvian, datt hien a senger Nostalgie ënnergeet. Op "Pulling Punches" zielt hie vun der Natur, déi säin Iwwel fiddert an op "Backwaters" rennt hie verluer duerch d'Géigend. Dës existenziell Konfusioun huet den englesche Museker schlicht unhand vun diversen elektroneschen Texture verdäitlecht. Sounds, déi deelweis schlecht al gi sinn, awer ëmmerhin eng bestëmmten Zäit erëmspigelen. An dësem Fall Berlin, ufanks den 80er am Wanter. Gro, gespléckt a kal.

Dem David Sylvian säin Debut bleift op alle Fall e mysteriéisen an immens atmosphäreschen Album. Aus den Hänn vun engem Kënschtler mat Visioun, deen net gezéckt huet Genren ze iwwerkräizen an dobäi vill Plaz a senge Kompositiounen ze loosse fir e Gefill opzebauen. De Yellow Magic Orchestra Member Ryuichi Sakamoto huet heibäi gehollef. Déi zwee hate schonn d'Joer virdrun um Soundtrack fir dem Nagisa Oshima säi "Merry Christmas Mr. Lawrence" mam David Bowie zesummegeschafft.

E vilfältege Kënschtler

1984 war e gutt-gefëllt Joer fir den David Sylvian. Nieft sengem Debut koum och säin éischt Fotografiebuch eraus mat Polaroid Collagen. Den Englänner huet sech zanterdeem och nach mat Film auserneegesat, Musek fir en Danzspektakel geschriwwen, eng Konschtinstallatioun kreéiert oder och d'Gedichter vum amerikanesche Poet Franz Wright experimentell vertount. Kee Konschtmedium schéngt hien ofzeschrecken.

D'Lidd "Red Guitar" op sengem Debut erënnert wéinst dem Titel un dem Wallace Stevens säi Gedicht "The Man With The Blue Guitar":

They said, "You have a blue guitar,

You do not play things as they are."

The man replied, "Things as they are

Are changed upon the blue guitar."

Dem David Sylvian seng rout Gittar erméiglecht him och d'Realitéit op d'Kopp ze dréien. Eng aner Art Liewen ze façonnéieren. "Red Guitar" war seng Debut Solo Single an dee gréissten Hit op "Brilliant Trees".

Grad wéi de Scott Walker ass den David Sylvian vu Pop Ikon zu engem couragéise Kënschtler ginn, mat engem Goût fir Avant-Garde. Dës Transitioun gouf och wéi gesot vun onkonventionelle Kollaboratioune begleet. Ob Ryuichi Sakamoto oder Holger Czukay. Op sengem Debut vu 84 daucht och den Jon Hassell op. En experimentellen Trompettist mat enger eegener musikalescher Philosophie, déi hie "Fourth World Music" genannt huet. Traditionell Welt-Musek Aflëss treffe bei him op atmosphäresch Elektronik. Ufanks den 80er huet dësen Amerikaner och mam Brian Eno oder den Talking Heads zesummegeschafft.

Op "Brilliant Trees" ass hien op zwee Tracks ze héieren. Um Titel "Weathered Wall" héiert een, wéi den Jon Hassell d'Textur vu senger Trompett unhand vun Effekter manipuléiert. Verdreemte Sounds, déi op dësem geschlaffenen an ambienten Art Pop Album hir Plaz fannen. "Brilliant Trees" ass dem David Sylvian seng kommerziell erfollegräichste Scheif. Awer och elo net Plaz eent op den Charts. Konventionalitéit hat am englesche Museker sengem Ethos nach ni eng Wichtegkeet.